Ei, et gëtt dach näischt Besseres wéi e gudden, frësch gepressten Äppeljus direkt aus dem Frigo vum Bongert niewendrun! Een, deen nach liicht op der Zong kribbelt, am beschten net ze séiss, fir datt en och richteg erfrëscht.

Wat de Lëtzebuerger traditionell als Viz bezeechent, gehéiert scho säit Laangem zum Hierscht dozou wéi d’geréischtert Käschten zum Chrëschtmaart. Wann d’Blieder bis ufänken, hir Faarf ze changéieren, dann hänken d’Äscht voll mat zeidegen Äppel, déi just drop waarden, endlech gepléckt ze ginn. Aus dem sougenannten Apelrafen ass zu Lëtzebuerg an de leschten 30 Joer och eng richteg Traditioun ginn, déi esouwuel grouss ewéi och kleng Uebstiesser begeeschtert. Vu September un invitéieren d’Besëtzer vu Bongerten duerch d’ganzt Land an hir Plantagen, fir hei beim Plécken a Sammele vun den Äppel ze hëllefen. Den Héichpunkt vun der Lies sinn d’Vizfester: Fueskichelcher, Äppelkompott, Lëtzebuerger Kascht a Vollekslidder – wann d’Wieder dann nach matspillt, steet dem Familljendag näischt méi am Wee! Virun allem d’Saaftpress suergt bei de jonke Gäscht ëmmer fir grouss Aen, bei deene méi Ale gëtt sech iwwerdeem och mol gär e Schotz Äppeldrëpp gegënnt.

Am bekanntsten ass wuel d’Äppelfest vu Steesel, wat all Joers gefillt d’hallef Natioun an d’Bongerte vun der lokaler Uebstbaugenossenschaft lackelt. Zesumme mam Supporterclub vun der Amicale Steesel organiséiert dës iwwer dräi Weekender eng grouss Lies, bei där d’Leit sech op den zwielef Hektar un de Beem zerwéieren dierfen. Vu Jonagold iwwer Golden Delicious ass hei fir all Goût de richtegen Apel dobäi – bei ronn 25.000 Beem dierft esouguer dee Glottsten seng Friichtche fannen. Traditionell steet d’Fest dann och 2019 erëm de leschte Samschden a Sonnde vum September souwéi déi éischt zwee Weekender am Oktober am Kalenner.

Op den Apel komm ass och d’Uebstplantage Juckelsbesch vu Kielen, déi vun de Bridder Hilgert bedriwwe gëtt. Zanter 1986 schonn dréit sech hei am Hierscht alles ëm dat rout-gielt Kärenuebst, soumat zielt d’Vizfest zu engem vun den eelsten am Land. De 6. Oktober ass et dës Kéier op der Gemengeplaz am Zentrum vu Kielen erëm esou wäit, ma gebuede gëtt awer vill méi wéi nëmme Jus. Niewent engem gudde Fierkel um Spiiss däerfen d’Gäscht sech iwwer Musek souwéi iwwer e klenge Floumaart mat allméiglechem Kreemche freeën.  Organiséiert gëtt dat Ganzt vum „Gaart an Heem Kielen-Ollem“, dee viru ronn 33 Joer eng nei Aktivitéit fir de Verband gesicht an d’Bongerte vum deemolege Besëtzer fonnt huet. Selwer plécken dierf een d’Äppel hei zwar net, mee aus iwwer zwou Tonnen Uebst léisst sech genuch Viz pressen, datt och wierklech jiddwereen eppes dovun huet.

An och zu Luerenzweiler fléisst säit 1979 alljoers de Viz a Stréimen. Als eent vun de wichtegsten Evenementer am Agenda vum heemesche Volleyball-Club steet d’Fest ganz uewen op der To-do-Lëscht. Kee Wonner also, datt sech de Veräin och ëmmer erëm eppes Neies afale léisst, fir seng Gäscht nach méi ze verwinnen. Ëm déi 100 Taarte gi pro Weekend gebak, doniewent gëtt et Beigneten, Paangecher, Gelée, Kuch am Glas an dëst Joer vläicht en Hobby– a Kënschtlermaart, fir och iwwer den Apel eraus eppes ze bidden. Geliwwert ginn déi néng Tonne Friichten, déi hei all Joers verschafft ginn, aus der Belsch – déi eege Plantagen hunn den Undrang vun de Leit iergendwann einfach net méi gepackt. Ma och wann d’Uebst net aus Lëtzebuerg kënnt: Gewäsch, gemuel a gekeltert gëtt awer nach ëmmer op der Plaz. Dobäi eraus kommen am Schnëtt eng 5.000 bis 6.000 Liter Viz, déi d’Gäscht da virum Centre culturel zu Hielem kafe kënnen. An och d’Gemeng wëll sech de frësche Jus net entgoe loossen: Ëm déi 400 Fläsche wanderen alljoers an d’Frigidairë vun der Märei a gi bei lokalen Éierewäiner zerwéiert. Rendez-vous ass den éischten an zweete Weekend am Oktober.

Wien also nom Summer esou richteg Loscht op e Glas kalen Äppelviz huet, dee muss sech net méi laang gedëllegen, well vun elo un heescht et erëm: Äppelchen, Bäppelchen … a viv an de Bongert!

En Artikel vum Laura Tomassini

Wou den Apel läit, ass en Äppelbam net wäit –

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.