„Schreif kee Kéis“, soten si, „schreif iwwer Kéis, iwwer Kachkéis!“ A well ech nach ëmmer fir Gastronomie ze begeeschtere war, hunn ech mir selwer en appetitlechen Ausfluch an dës pecheg Nationalwelt gebucht. A scho war d’Gloscht erëm do, a si ass bis haut nach net fort!

Am Lëtzebuerger Vollekslidd vum Pir Kremer no der Weis vum Camille Robert gëtt eis rout-wäiss-giel Lëtzebuerger Spezialitéit esou appetitlech beschriwwen, datt engem scho beim Lauschteren oder beim Matsangen d’Waasser am Mond zesummeleeft. Schonn eleng seng Konsistenz – oder soll ech an dësem Kontext net esouguer léiwer vu Viskositéit schreiwen – hänkt dervun of, ob hien am Frigo stoung oder net, mee op alle Fall soll hie pechen! Net fir näischt gëtt et dat aalt Lëtzebuerger Spréchwuert: „Wann eng Zalättche gebrach ass, fléckt een s‘alt mat Kachkéis“, an dat gehéiert derzou wéi de Flapp Moschter uewendrop, eng gutt Kuuscht ënnendrënner an en Humpen dernieft. De Pechert am iwwerdroene Sënn war an ass Ambrosia fir de Volleksmond, dem Quetschekraut säi gehäerzte Brudder op der duebel gebakener Schmier.


Wann de Matrous Popeye ëmmer eng Dous Spinat brauch, fir seng Muskele spillen ze loossen, dann ass fir eisen nationale Superjemp de Kachkéis dee richtege Bizeps-Tonus. Eng normal Portioun Kachkéis op der Schmier (ronn 100 Gramm, richteg gutt héich getässelt) huet iwwregens ronn 180 Kalorien, awer iwwerhaapt keng Konservéierungsstoffer a Stabilisatoren.

Doriwwer, wou de Kachkéis eigentlech hierkënnt, streiden sech d’Historiker a muncher behaapten, et wier eigentlech guer keng Lëtzebuerger Spezialitéit, well et och an aneren europäesche Géigenden esou traditionell Kéiszorte gëtt. Wann de Kachkéis, esou mengen anerer, och am Ausland ze fannen ass, zum Beispill als „cancoillotte“ an der Franche-Comté an am Elsass, da soll hien awer eigentlech hei aus Lëtzebuerg stamen an ass an der Zäit vun den Truppe vum Napoléon souzesoen dohin exportéiert ginn, well d’Jongen hei zu Land net vill z’iessen haten an hire géien Honger vun där schmanteg gieler Delikatess op der Botterschmier vun de Bauerenhäff queesch duerch d’Ländchen begeeschtert war. Wien och ëmmer elo an dëser Sträitfro Recht huet, op alle Fall däerf ee mat guddem Gewëssen de Kachkéis als eng vun deene grousse Lëtzebuerger kulinaresche Spezialitéite bezeechnen, déi souwuel am Minett wéi och am Guttland, op der Musel an am Éislek nach ëmmer ze begeeschtere weess.

Produzéiert gëtt hien an dräi Etappen aus Brach vun entraamter Koumëllech, an esou einfach ass dat och nach net, well et brauch ee schonn eng gewëssen Erfarung, fir datt och eppes draus gëtt. Lass geet et mat wäissem Kéis, dee vergäert an duerno maschinell zolidd gepresst gëtt… an da muss de Kachkéis emol räifen, éier hien da gekacht gëtt. All eenzel Charge, déi produzéiert ginn ass, gëtt am eegene Laboratoire geschmaacht, ob se och de Qualitéitskritären entsprécht. De Goût ass awer net ëmmer identesch, dat hänkt vu verschiddene Parameteren of, trotzdem muss en awer an de relativ enken Norme leien, déi d’Molkerei sech selwer festleet. 160.000 bis 200.000 Liter moer Mëllech de Mount ginn esou eleng fir de Kachkéis verschafft. Fir hire Kachkéis verbraucht eleng d’Luxlait 2 bis 2,5 Millioune Liter Mëllech pro Joer, 3 Tonne pro Woch ginn an der Regel um Rouscht produzéiert, haaptsächlech awer am Wanter, wou einfach méi däers pechege Geschir gejickt gëtt.

Ob een en elo fäerdeg am Dëppche mat oder ouni Kraider keeft, ass deem eegene Geschmaach iwwerlooss. Puristen hunn en am léifsten an der Strull, fir selwer doheem mat Mëllech oder Waasser, Botter a Ram a verschiddene Gewierzer opzekachen, oder méi richteg, ze schmëlzen, fir e besonneschen, individuelle Geschmaach dranzebréngen. Richteg kachen däerf de Kachkéis nämlech net, dofir freet een sech, wéi hien u säin Numm kënnt… mee dat ass wuel eng aner Geschicht!

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.