… duerch d’Latte gaangen!

Wa mir haut esou am Gespréich dovu schwätzen, datt eis eppes „duerch d’Latte gaangen ass“, da wëlle mir domat ausdrécken, datt mir eppes verpasst hunn, datt eis eppes laanscht d’Nues gaangen ass. Mee wuel déi mannsten Zäitgenosse wëssen, wou dëst Spréchwuert eigentlech hierkënnt, an zwar aus der Juegd.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Zënter dem Mëttelalter war d’Juegd eng ettlech Joerhonnerte laang e Privileeg vum Adel an zur gläicher Zäit en amusanten Zäitverdreif fir Fürsten an Eedelmänner, déi ëmmer erëm Juegdgesellschaften organiséiert hunn, wëll si sech duerno déi sëllegen Trophäen un d’Mauere konnten hänken, fir sech domat ze bretzen. A well si ëmmer an ëmmer erëm probéiert hunn, dat Ganzt ze perfektionéieren, hu si vum 16. Joerhonnert un tëschent de Beem Seeler gespaant, wou faarweg Stécker Stoft drun houngen, oft esouguer mat enger grujeleger Grimass drop gemoolt. Déi sougenannten Dreiwer oder Kläpper, déi natierlech net zum Adel gehéiert hunn, hunn d’Déieren am Bësch opgeschäicht, an déi hu sech instinktiv vun deene Flatter-Barriären ewechgehalen; esou ass et lassgaange mat der Dreifjuegd oder, wéi mir op Lëtzebuergesch éischter soen, mat der Klappjuegd.

Et ass also deemools wéi haut drëm gaangen, fir dem Wëld de Wee ze verspären an esou säi Fluchtwee souzesoen ze kanaliséieren. Ass dann awer emol e Bock oder e Wollef derduerchgestiermt, da war deen „duerch d’Latte gaang“ (op Däitsch: durch die Lappen gegangen). A wann dës Dreifjuegd zum Beispill laanscht en Zonk organiséiert ginn ass, dann ass de Béischt ëmgangssproochlech duerch d’Latte (vum Zonk) gaangen, wat déi selwecht Bedeitung huet.

Haut ginn zwar keng faarweg Dicher méi opgehaangen, mee de Prinzip vun der Klappjuegd ass awer dee selwechte bliwwen a gëtt emmer erëm zimmlech kontrovers diskutéiert, an dat bis an d’Chamber eran. Sinn et bei der traditioneller Klappjuegd eng Hellewull Dreiwer, déi mat enge sëlleche Muppen duerch de Bësch wenzelen an do e risege Kaméidi maachen, fir d’Wëld opzeschrecken, sou plädéiert de Mouvement Écologique fir eng méi zivil Versioun, déi sougenannten Dréckjuegd, bei där manner Dreiwer a Muppe méi ziviliséiert a mat manner Kaméidi op sech opmierksam maachen. D’Wëld mierkt, datt „eppes am Bësch ass“ an et wëll sech eng nei Stopp sichen, et gëtt also net gehetzt, mee éischter just gestéiert.

Elo geet et erëm lass an eise Bëscher, wëll – sou seet d’Jeeërfederatioun – duerch d’Feele vun natierleche Feinden ze vill Wëld do ass an dat muss regléiert ginn, am beschte mat enger Klapp- oder Dréckjuegd, wëll da bannent kuerzer Zäit vill méi Déieren erluecht kënne ginn. Esoubal wéi méi ewéi 15 Leit dorun deelhuelen, ass de Juegdpächter iwweregens verflicht, fir op d’mannst zwou Woche virdrun d’Naturverwaltung an déi betreffend Gemeng doriwwer ze informéieren. Dëst gëllt allerdéngs net, wa kuerzfristeg just Wëllschwäi solle geschoss ginn. Op alle Fall gëllt, datt musse Warnschëlter opgestallt gi mam geneeën Datum vun der Juegd an zwar op de Stroossen a Bëschweeër ronderëm esou e Juegdlous. Op enger traditioneller Klappjuegd däerfen och keng Hirsche mat engem méi grousse Gewei erluecht ginn, déi däerfe just an enger bestëmmter Period vu Summer bis Hierscht an Usetz oder Pirsch geschoss ginn. Ronn 80% vum Wëld, wat hei zu Lëtzebuerg geschoss gëtt, gëtt op enger vun deene Gesellschafts-Klappjuegten erluecht. Wéini a wou esou eng Juegd organiséiert gëtt, fënnt een iwweregens och op geoportail.lu.

D’Juegd huet wuel kee liichte Stand an der Gesellschaft vun haut a gëtt kontrovers diskutéiert; vill Leit sinn dofir a grad esou vill sinn der och dogéint. Mee wuel déi mannsten Zäitgenosse loossen sech dervun ofhalen, elo an der fiichter bis kaler Joreszäit e gudde Maufel Wëld um Teller ze genéissen. An den Obélix huet esouguer weder Kläpper nach Jeeër gebraucht; hien hat am Bësch awer ëmmer e puer säfteg wëllt Schwäin ënner dem Aarm, wann et hien dono geglëscht huet!

En Artikel vum Sully Prud’homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.