Et ass mer e bësse baang. Nach e puer Schrëtt, da sinn ech bei him. Hoffentlech hat d’Mamm Recht, si sot de Kleesche wier e ganz Léiwen.
Ech si mer do net esou ganz sécher, well de Bopa huet mer lescht Kéier erzielt, datt den Houseker och alt frech Kanner a säi Sak stécht. Dorun däerf ech guer net denken, et ass bestëmmt däischter dodran. A wou dréit den Houseker een dann hin? A wat geschitt dann?
Ech hunn zwar eigentlech kee Grond, fir ze fäerten. Ech mengen, ech war zimlech brav. Ok, ech hunn der Mamm heiansdo hanner hirem Réck d’Zong erausgestreckt. An heiansdo hunn ech net direkt gefollegt… mee dat maache meng Schoulkolleegen och. A bis elo ass nach kee vun hinne verschwonnen. Op där anerer Säit kéint ee jo dann am Houseker sengem Sak an aller Rou naschelen esou vill ee wéilt?
De Bopa sot d‘lescht, dat wier iwwerdriwwen, datt de Kleeschen haut op all Eck sëtzt an all Kand eng Tiitche gëtt?!
Ech hunn hien du gefrot, wéi hien dat mengt. De Bopa huet mer erzielt, wou hie kleng war, huet hien sech déi Zäit virun Niklosdag besonnesch gutt geschéckt. Soss krut hien nämlech eng Rutt amplaz eppes op den Teller.
„Wéi, hues du da guer näischt ze iesse kritt?”
„Dach”, huet de Bopa gelaacht, „ech mengen net den Teller beim Mëttegiessen. Virum Krich, wou ech nach sou kleng war wéi s du elo, do gouf et keng Tiitche vum Kleeschen. Do hu mer owes den Teller virun d’Dier gestallt, a wann et gutt gaangen ass, hate mer de 6. Dezember e puer Hieselnëss, Äppel a Biren drop leien. Vläicht och emol eng Orange.”
„An de Schockela?”
„O, däers gouf et eréischt méi spéit, nom Krich, och emol e Stéck Knätschgummi. Do ware mer extra frou domat!”
Iwwerdeems ech an der Rei stinn an dem Kleeschen ëmmer méi no kommen – ech gesi scho seng schwaarz Schong ënner deem wäisse Rack erausluussen, a wann hien no hanne gräift fir eng Tiitche vum Houseker gereecht ze kréien, gesinn ech och, datt dat Bannescht vu sengem laange roude Mantel schéi blénkeg ass. Rout och. Awer anescht rout wéi baussen. Hien huet e komeschen Hutt op der Kopp, d’Mamma sot mer, dat géif een eng Mitra nennen, an dat wier en Hutt fir e Bëschof. Där wier de Kleeschen een. De Bëschof vu Myra. An dat wier an der Tierkei. Ech froe mech schonn déi ganzen Zäit, ob de Kleesche mech iwwerhaapt versteet? Ech ka jo déi Sprooch aus der Tierkei guer net.
Ech mengen, ech sinn e bëssen opgereegt, et ass déi éischte Kéier, datt ech de Kleesche vun esou no gesinn. Ech géif gär dee laange wäisse Baart upaken. Mee dat däerf ech bestëmmt net. Ech hu mer déi Titercher schonn déi ganz Zäit ugekuckt. Den Orangëjus ass mer direkt opgefall, dat ass deen, deen d’Mamma och ëmmer keeft – faire Jus seet si. E puer Nëss hunn ech och gesinn. Awer de Rescht hunn ech vun esou wäit net erkannt.
D’Sheila, wat viru mir an der Rei stoung, huet seng Tiitchen am Grapp an elo ass et u mir.
Ech erféieren e bëssen. Esou gesäit e vun no aus, de Kleeschen. E laange wäisse Baart, seng Hoer schéngen och scho laang net méi geschnidde ginn ze sinn, mee esou genee gesinn ech dat elo och net ënner sengem Hutt. Säi Mantel ass wonnerschéin, esou e bësse wéi dem Routkäppchen säin, a schéi muusseg. Bësse Gold ass drun, d’Knäpp, a bëssen esou Dekoratioun. Hie kuckt mech frëndlech an hëlt mech aus mengen Dreemereien:
Moie meng Mod!
Hie schwätzt och Lëtzebuergesch.
M..m…Moie Kleeschen.
Hien hält mir seng Hand dohin, déi stécht an enger wäisser Händsch verpaakt. Mee bannendran ass d’Händsch schonn zimlech knaschteg. Ech drécken se awer, huele meng Tiitchen a mäi ganze Courage zesummen:
„Villmools Merci Kleeschen. So, ech wëll dech eppes froen. Firwat bréngs du Titercher mat, mäi Bopa sot, en hätt den Teller virun d’Dier gestallt, an du häss him do puer Schneekegkeeten dropgeluecht?
O, sot de Kleeschen, virum an nom Krich hate mer keng Titercher, fir d‘Genaschels anzepaken, dofir hunn ech et op en Teller geluecht.
Dann hat de Bopa Recht, denken ech.
An nach haut, gutt 30 Joer méi spéit, denken ech dorun zeréck. Mir si just am Gaangen d’NiklosTitercher op der Gemeng ze fëllen, dra kommen nëmme fair gehandelte Schockela, en Orangëjus an e puer Schneekegkeeten, déi net aus den Haiser Mondelez, Nestlé oder anere kommen.
Déi ware fréier an den Titercher. Haut bestëmmt och nach op Plazen, wou kee sech Gedanke mécht, wat d’Kanner schneeken. An do wou ee wëll Sue spueren. Dat geet awer op Käschte vun de Kanner.
Ech sinn op alle Fall frou, datt bei eis an der Gemeng fair gehandelte Schockela an d’Tiitche kënnt.
A mat de Kanner vun engem Supermarché an den nächsten ze rennen, well et do eng Tiitche gëtt, dat hunn ech ni ugefaangen. Esou gutt ka kee sech schécken, datt e 5 oder 6 Titercher vum Kleesche misst hunn.
Dorëm geet et jo leider haut net méi. Et geet just drëm, d’Clienten an de Buttek ze lackelen, well wann se schonn do sinn, fir eng Tiitche sichen ze kommen, kafen se vläicht och soss nach an.
Dat ass sécher net am Kleesche sengem Sënn.
Vläicht wier et un der Zäit, sech emol nees Gedanken iwwer d’Bedeitung vun de Kleesercherstuten ze maachen, amplaz eng Course ze organiséieren, wien am meeschten Titercher gesammelt huet.
Manner ass, wéi esou dacks, och hei méi.
Dat gëtt am Ufank Gemeckers, net nëmme vun de Kanner, mee dono wier de Wäert vun dësem Gest vum Hellege Mann nees e ganz aneren.
Decidéiere mussen dat awer mir als Erwuessener. Ob mer de Kanner wëllen eng kleng Freed maachen oder der Industrie hire Marketing ënnerstëtzen.
Ausser et gleeft een nach un de Kleeschen.
En Artikel vum Nathalie Bender