Goldgiele Péngschtméindeg

Placeholder Dummy template
Placeholder Dummy template

Gënzefest zu Wolz

„Et war esou ëm Päisten, d’stung alles an der Bléi“, dat huet de Michel Rodange a sengem Renert gemengt, a wat fir eng Géigend kéint hien heimat wuel anescht gemengt hu wéi Wolz, wou hien zu groussen Deeler un dëser Geschicht geschriwwen huet. An elo, am Joer 2019, feiert Wolz ënner dem Thema „Visit Éislek“ schonn déi 71. Oplag vu sengem Gënzefest, oder wéi zu Wolz gesot gëtt „Génzefest“.

1948 huet de Wëlzer Fotograf Mander Tun dat éischt Gënzefest organiséiert, ee Joer méi spéit ass dunn op „Päistmondig“ deen éischte Corso duerch déi Wëlzer Stroosse gezunn, deemools ënner Mathëllef vun alle lokale Veräiner. Et war dee fréiere „Verschéinerungsveräin“, deen dofir extra eng „Commission des Fêtes“ an d’Liewe geruff hat. Finanzéiert gouf dat Ganzt vun 1951 un duerch d’Organisatioun vum „Burigsamstig“, deen déi Zäit duerch dat ganzt Ländche bekannt war, 20 Joer méi spéit awer „an de Geenz gangen ass“. 1951 ass en éischt Stéck vum Gënzeservice erauskomm, e platten Teller mam „Conzemiusturrem“ als Motiv; no an no koum esou e ganze Service beieneen. „Les Amis de la Féerie du Genêt“ hunn du vun 1965 u fir d’Organisatioun verantwortlech gezeechent, an hei war et niewent enger ganzer Partie Fräiwëlleger, déi wierklech net méi all opzeziele sinn, besonnesch de Schweich Jeanly, deen all seng Kraaft dat ganzt Joer iwwer an dës Festivitéite gestach huet.

“Génzefest zu Woolz”, dat ass net nëmmen eleng e Corso, deen op Péngschtméindeg duerch déi adrett Ardennestiedchen zitt, dat ass e ganze Programm iwwer déi Péngschtfeierdeeg, dee scho freides viru Päischten ugeet an dann um Méindeg mam Corso säin Héichpunkt feiert. Majoretten, Museken, Foussgruppen an Trommel-Ensembelen zéien an engem faarwege Mix tëschent deenen eenzele Festween duerch d’Haaptstad vun den Ardennen a wëssen all Joer op en Neies vill Spectateuren ze begeeschteren. Et war an et ass wuel eent vun deene gréisste folkloristesche Fester am Ländchen, nodeem a senger Bléi 1979 esouguer eng eege Strooss benannt ginn ass, vun Ettelbréck iwwer Feelen erop duerch d’Häng iwwer Heischent, den Heischtergronn erof, iwwer „Bigdischt“ (Bitscht) féiert d’Gënzestrooss all d’Visiteure bis op Wolz. De Mander Tun hat souguer en eegent „Génzeligd“ geschriwwen, fir dat de Jos Grobelny d’Melodie komponéiert hat; nach haut gëtt dës Weis reegelméisseg opgefouert.

Fir déi sëlleche Festween richteg flott ze dekoréieren, brauch een natierlech och eng ganz Partie Gënz (latäinesch: genista) an dee muss och organiséiert ginn! Deemno, wéi d’Wieder an deene Woche virdru war, wëssen déi Responsabel ganz genee, wouhin si sollen déi goldgiel Straicher plécke goen. Si däerfen nach net ze vill op sinn, sollen awer och net schonn um Verbléie sinn, fir datt si richteg gutt ausgesinn an och bis nom Corso halen.

An natierlech ass och erëm, traditiounsgeméiss um leschte Festwon (op richteg Weeltzer heescht dat iwwregens Wool), eng Gënzekinnigin mat derbäi; dëst Joer ass dat d’Adelisa Adrovic mat hiren Éierendammen Helena Raquel Anjos Marinho, Sandy Atkinson, Márcia Sofia Monteiro Gomes, Laura Pappone, Aida Redzovic a Svenya Wick, et ass also wuel e ganz internationaalt Fest, wéi un den Nimm net schwéier erauszehéieren ass.

Haut huet d’Gënzefest zwar vläicht e bësse vu sengem fréiere Glanz verluer, ënner anerem well „allerneemes“ esou folkloristesch Fester wéi Champignonen aus dem Buedem geschoss sinn, mee trotzdeem ass a bleift d’Gënzefest och besonnesch familljefrëndlech a bitt eng flott Ënnerhalung fir grouss a kleng.


En Artikel vum Sully Prud‘homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.