Fir Profien an Amateuren Lëtzebuerger Vëlosfederatioun

Lëtzebuerg – eng begeeschtert Vëlosportnatioun. Schonn am 19. Joerhonnert gouf et déi éischt Vëloscourssen am Groussherzogtum, esouguer Vëlodrome goufe gebaut. 1917 gouf dunn d’ Vëlosfederatioun (Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois, kuerz FSCL) gegrënnt, als éischt als „Fédération des Sociétés Cyclistes Luxembourgeoises (FSCL)“ – an huet domat zu Lëtzebuerg eng iwwer 100 Joer al Traditioun. An […]
Vëlo-sharing

Vëlo-sharing. Zu Lëtzebuerg ass de Prinzip vu Vëloen, déi op enger Plaz prett sti fir geléint ze ginn, schonn iwwer 10 Joer präsent, an dat net nëmmen an der Stad Lëtzebuerg. Och d’Stad Esch, Bartreng a Mamer hu sech e sougenannte BSS – Bicycle sharing system – zougeluecht, a ginn domat den Awunner vun hiren […]
Lëtzebuerger Tour-de-France-Gewënner Wat ass aus hinne ginn?

Net manner wéi fënnefmol huet e Lëtzebuerger den Tour de France gewonnen, de François Faber am Joer 1909, den Nicolas Frantz an de Joren 1927 an 1928, de Charly Gaul 1958 an den Andy Schleck 2010. Wat ass eigentlech no hirer aktiver Zäit aus dësen onvergiessleche Vainqueure ginn? – E Gespréich mam Henri Bressler, Auteur […]
Spaass & Freed un der Beweegung d‘LASEP ass do fir all Kand
Fotoen: lasep.lu Wann een d‘Fro stellt, wie schonns emol vun der „LASEP“ héieren huet, da wäerten déi meescht Persoune mat engem décke Grinse mat „Jo“ äntweren. Ëmmerhi gëtt d‘LASEP op 70 Plazen am „Enseignement fondamental“ ugebueden, an esou si mëttlerweil schonn e puer Generatiounen entweder selwer als Kand an d‘LASEP gaang oder hunn hir Kanner […]
Méi fit duerch déi richteg Ernärung

Wie Sport mécht, wëll sech an éischter Linn fit halen an dem Kierper eppes Guddes doen. Fir awer dat Bescht aus engem erauszehuelen an och déi gewënschten Ziler erreechen ze kënnen, ass et ubruecht, déi richteg Ernärung zou sech ze huelen. Hei e puer Rotschléi, déi e Sportler beuechte kann. Fir d’éischt ass et awer […]
Op de Spure vum Charly

„Säi Frënd de Charly ass ee Geck. E fiert duerch d’Avenue erof iwwer d’nei Bréck. Laanscht d’Charlysgare an de Rollengergronn. Do brauch en ongeféier annerhallef Stonn“, heescht et an engem ale Vollekslidd vum Colette a Fernand Wark. An och wann et an dësem Lidd an éischter Linn ëm dem Jhangli säin Tour duerch Lëtzebuerg geet, […]
Goldgiele Péngschtméindeg

„Et war esou ëm Päisten, d’stung alles an der Bléi“, dat huet de Michel Rodange a sengem Renert gemengt, a wat fir eng Géigend kéint hien heimat wuel anescht gemengt hu wéi Wolz, wou hien zu groussen Deeler un dëser Geschicht geschriwwen huet. An elo, am Joer 2019, feiert Wolz ënner dem Thema „Visit Éislek“ […]
D’Natur erwächt, d’Polle leider och
D’Fréijoer ass do, d’Wieder gëtt endlech erëm besser, d’Sonn kënnt eraus, an d’Natur erwächt. Alles fänkt erëm un ze bléien, ze wuessen a gutt ze richen. Mir kënnen erëm méi eraus an d’frësch Loft. Leider ass dat net fir jiddereen eng grouss Freed. Vill Leit leiden ënner Pollenallergien, och Heeschnapp genannt. Mir hunn eis mat […]
ON THE ROAD AGAIN

E Vëlosbuttek net ewéi déi aner En aalt Bauerenhaus am Häerz vun Izeg. Eng flott rout Fassad, eng grouss modern Agangsdier, wou fréier emol eng Scheierpaart war, an un der Mauer eng grouss Schrëft „Andy Schleck Cycles“. ASC ass méi ewéi nëmmen en einfache Vëlosbuttek, et ass e „Konzeptstore“. An enger flotter a gemittlecher Ambiance […]
Waasserkathedralen op der Gewan

Fotoen: Patrick Calzi / Illustratiounen: © OAI / SES Schwéier ze iwwersinn, sti si iwwerall am Ländchen: déi impressionnant Waassertierm. Firwat Drénkwaasser eigentlech iwwerhaapt muss „getiermt“ ginn, hu bestëmmt scho vill Leit sech gefrot, déi näischt direkt mat Waasserwirtschaft ze dinn hunn. D’Erklärung vum Luc Berens, Produktiouns- a Kommunikatiounsresponsabele vum SES (Syndicat des Eaux du […]