Méi fit duerch déi richteg Ernärung

Placeholder Dummy template

Wie Sport mécht, wëll sech an éischter Linn fit halen an dem Kierper eppes Guddes doen. Fir awer dat Bescht aus engem erauszehuelen an och déi gewënschten Ziler erreechen ze kënnen, ass et ubruecht, déi richteg Ernärung zou sech ze huelen. Hei e puer Rotschléi, déi e Sportler beuechte kann.

Fir d’éischt ass et awer wichteg ze wëssen, duerch wéi eng Närstoffer de Kierper méi Energie zougefouert kritt. Et gi vill Kuelenhydrater, Fetter a Proteinne beim Sport vum Kierper gebraucht. D’Kuelenhydrater sinn dobäi déi wichtegst Energiequell. Besonnesch wäertvoll sinn déi Kuelenhydrater, déi de Bluttzockerspigel net ze staark an d’Luucht dreiwen, mee awer dem Kierper iwwer e längeren Zäitraum mat vill Energie versuerge kënnen. Bekannte Beispiller sinn hei all Zort vu Leguminosen oder Vollkarbrout. Vermeide soll ee Kuelenhydrater wéi Zocker oder Wäissmielprodukter, well déi op Dauer déck maachen an der just fir eng kuerz Zäit déi néideg Power ginn.

D’Fetter ginn dem Kierper och méi Kraaft. Well Fett sech awer nëmme lues verdaue léisst, soll de Sportler generell virum Training oder der Kompetitioun dorobber verzichten. Wann de Mo nämlech mat der Verdauung beschäftegt ass, hëlt d‘Leeschtung automatesch of. Trotzdem gräife vill Sportler gären op Omega-3- oder Omega-6-Fettsaieren zeréck, well déi d’Häerz an de Kreeslaf stäerken. E Saumon an eng Makréil enthale genuch dëser Fettsaieren.

D’Proteinne si virun allem wichteg fir déijéineg Sportler, déi un hirem Muskelopbau schaffe wëllen. Mee och fir déi Athleeten, déi keng Muskelmass wëllen zouleeën, huet dësen Närstoff e positiven Afloss op d‘Regeneratioun vun de belaaschtende Muskelfaseren. Eeër, moert Fleesch an all Zort vu Mëllechprodukter si wäertvoll Proteinquellen.

Nodeems een elo weess, wéi eng Närstoffer e Sportler zou sech huele soll, gëtt elo gekuckt, wéi et an der Praxis domat ausgesäit.

An den Deeg virun der Kompetitioun ass et wichteg, datt den Athleet säi Kuelenhydratspäicher gutt opgefëllt huet. Dofir soll een nëmme liicht verdaulech Narung zou sech huelen, fir datt de Kierper net ze vill Energie wéinst der Verdauung verléiert.

Den Dag vun der Kompetitioun selwer sollt een sech e gutt Moiesiesse gënnen, ouni derbäi de Mo mat ze vill Iessen ze iwwerlaaschten. Dofir eegnen sech en Toastbrout oder e Bréitche mat wäissem Kéis oder Hunneg dobäi, fir mat der néideger Energie an den Dag ze starten.

Op Kaffi an och Mëllech soll dergéint verzicht ginn. Eng gëlle Reegel seet, datt dräi Stonnen tëschent dem leschte groussen Iessen an der Kompetitioun selwer solle leien. Nuddele mat Geméis gehéieren definitiv zu de beléiftste Sportlermoolzechten. Virun allem Nuddelen, déi aus honnert Prozent haardem Weess bestinn, enthale vill Kuelenhydrater. Als idealen Zousaz derbäi kann ee roueg Geméis huelen, well dat relativ fettaarm a räich u Vitaminnen ass.

Et soll awer onbedéngt evitéiert ginn, datt ee virun enger Ustrengung Honger huet. Dofir kann ee roueg séier op eng Handvoll Nëss oder puer kleng Stécker däischtere Schockela zeréckgräifen.

Wat een awer op kee Fall vernoléissegen däerf, ass d’Gedrénks. Et soll ee mueres schonn ufänken, genuch Flëssegkeet zou sech ze huelen. Virun allem bei Sportaarten, wou de Schwéierpunkt d’Lafen ass, ass Flëssegkeetszoufuer vun extreemer Wichtegkeet. Sou ass dann och keng Gefor, datt de Kierper ufänkt ze deshydratéieren. Net eréischt drénken, wann een duuschtereg ass. De Kierper hëlt d’Waasser nämlech eréischt méi spéit op.

Bei der Kompetitioun selwer falen engem bei der Ernärung z.B. kleng Ënnerscheeder beim Lafen an dem Kraafttraining op. Beim Lafen ass et just kuerz virun der Course wichteg, de Liewerglykogen nach eng Kéier an d’Luucht ze dreiwen. Isotonesch Flëssegkeeten, Powerriegelen oder Gels ginn dem Kierper déi néideg Energie. Während der Kompetitioun selwer soll een dorobber oppassen, den Ausgläich ze fannen, datt engersäits de Glykogenspäicher geschount gëtt, an anerersäits ze verhënneren, datt de Kierper op Aminosaieren zeréckgräife muss, well déi bei der Regeneratioun eng Roll spillen. Wéi scho virum Start eegne sech dofir Gels an Energieriegelen am beschten dofir. Beim Kraafttraining kann ee roueg kuerz virum Training op en Apel, eng Banann oder op zockerfräie Jugurt mat e puer Huewerflacken zeréckgräifen. Während den Übunge soll ee just dorobber Uecht ginn, de Kierper periodesch mat Waasser ze versuergen. Vill an zum richtegen Zäitpunkt drénken, ass souwisou fir all Sportaart ubruecht.

Beim Fussball z.B. soll een zéng Minutte virum Match nach eng Kéier 0,25 Liter zou sech huelen. E klasseschen Äppeljus oder en isotonescht Gedrénks kënnen an der Halbzeitpaus och ni schueden. Derbäi ass och besser, ëmmer nëmmen e puer Schluppen ze drénken. Dëst soll een dann all 15 bis 20 Minutte maachen. Och wann ee richteg duuschtereg ass, soll een evitéieren, vill beieneen ze drénken. Soss plot ee sech herno mat Bauchwéi erëm.

No der Kompetitioun fillt de Kierper sech einfach nëmmen extrem midd. D’Muskelen doe wéi a brenne fierchterlech. Vill Produkter, wéi speziell Sportdrinks, déi Aminosaier an Eewäisser enthalen, soll een da konsuméieren, fir d’Muskelen nees ze entlaaschten.

Wéi ee gesäit: Net nëmmen duerch villen Training, mee och duerch déi richteg Ernärung kann eise Kierper op Héichtoure lafen. Elo ass et un Iech, dëst an d’Realitéit ëmzesetzen.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Fotoen: © Fisher Photostudio / Adobe Stock

 

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.