Lëtzebuerg – eng begeeschtert Vëlosportnatioun. Schonn am 19. Joerhonnert gouf et déi éischt Vëloscourssen am Groussherzogtum, esouguer Vëlodrome goufe gebaut. 1917 gouf dunn d’ Vëlosfederatioun (Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois, kuerz FSCL) gegrënnt, als éischt als „Fédération des Sociétés Cyclistes Luxembourgeoises (FSCL)“ – an huet domat zu Lëtzebuerg eng iwwer 100 Joer al Traditioun. An der Vëlosfederatioun FSCL sinn d’Clibb vum Profivëlosport zu Lëtzebuerg vereenegt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]
Fotoen: © Roland Miny pressphoto.rtl.lu

Grënnungsmember waren d’Veräiner vun Hollerech, Keel, Mamer, Monnerech, Millebaach, Schëffleng, Stroossen, dem Rollengergronn an Useldeng. Den éischte President war den Norbert Düren. Den 23. August 1925 gouf déi éischte Kéier d‘Vëlosportofzeechen iwwerreecht. Deeselwechten Dag ass ausserdeem déi éischt Dammecourse gefuer ginn. Am Joer 1926 koum dunn d’Fraizäitsportskommissioun vun der FSCL derbäi. Well Vëlofueren ëmmer méi beléift ginn ass, an dat och ouni Concourszwang, huet den FSCL mat der Ënnerstëtzung vum Sportsministère all Joer erëm en Nationalen Dag vum Vëlo an d’Liewe geruff. Déi éischt Editioun ass de 27. Mee 1979 iwwer d’Bühn gaangen.

Fotoen: © Roland Miny pressphoto.rtl.lu

1300 Lizenze ginn et haut bei der FSCL, dovu 500 Sportlizenzen; siwe Profirennfuerer si fir Lëtzebuerg an der Welt ënnerwee. Een, deen d’Vëlosfederatioun scho laang kennt a begleet ass de Generalsekretär Ed Buchette, 64 Joer al. „Haut ass d’Vëlofueren e richtege Vollekssport“, seet hien. Do bestinn natierlech op der enger Säit d’Profien, d’Aushangschëld vum Vëlosport. Den FSCL huet méi Sektiounen an entspriechend Ofstufungen a Kategorien, jee no Alter a Wäertunge vun de Sportler. Zum Sportkader gehéieren haut iwwer 20 Athleeten. Bal all Weekend organiséieren d’Clibb Kompetitiounen, international sinn déi professionell Vëlosfuerer natierlech och ënnerwee. Mee op der anerer Säit si vill Mënschen an der Fräizäit sportlech mat dem Vëlo ënnerwee, ouni sech onbedéngt a Concourse moossen ze wëllen. „Et beweegt ee sech duerch d‘Welt, kann sech kierperlech betätegen, an der Grupp zesumme sinn“, seet den Ed Buchette. An esou gehéiert och de Fräizäitsport mat „Fräizäit“-Lizenzen zum FSCL. „Eis lizenzéiert Membere gi regelméisseg informéiert – ronderëm Verkéiersreegelen, Sécherheet an Ëmweltschutz. Fir eis ass d’Weiderbildung ganz wichteg“, seet den Ed Buchette. Dat géif fir Vëlofueren op der Strooss wéi och fir de Mountainbiking gëllen.

Datt alles richteg ofleeft, wier dem Verband natierlech och am Profivëlosport e grousst Uleies. Stéchwuert: Doping. Esou ass den FSCL Member vum „Mouvement Pour un Cyclisme Crédible“ (MPCC, Beweegung fir e proppere Vëlosport). „Do ass de Motto: Null Toleranz bei Doping“ betount den Ed Buchette. Ob bei Aspegicken, Bluttdoping oder och enger ganz neier Zort, bei där d’Veloe praktesch onsiichtbar mat engem klengen Elektromotor equipéiert ginn, deen am entscheedende Moment ee Schub gi kann.

Op der Héicht vun der Zäit wéilt ee bei der FSCL a Saachen Nowuessfërderung sinn – och, a grad bei de Meedercher. Éischt Stroossen-Vëloweltmeeschterin war schonn 1958 d’Elsy Jacobs, gläichzäiteg mat dem Tour-de-France-Gewënner vum Charly Gaul 1958. Säit 2019 gëtt et den „Andy Schleck Cycles Women Project“, dat weibleche Sportlerinnen an engem Sport, dee vu Männer dominéiert gëtt, de Réck stäerke soll. „Et ass schéin, datt aus Fraen-Sportsgruppen eng Dynamik entstanen ass; d’Zäit vun den Eenzelkämpferinnen ass eriwwer“, seet de Florian Salzinger. De 35-järege Vëlorennsportler ass säit 2017 Gerant vum FSCL. Hie seet: „Dat ass souwisou dat flottst um Vëlo-Sport. Alleguer am Team schaffe fireneen, et gëtt keng Ersatzbänk. Et wéilt een déi beschtméiglechst Nowuessfërderung bedreiwen. „Verbannt Schoul a Sport“, soe mir de jonke Sportler.“ Den FSCL huet ënner anerem zwee haaptberufflech Trainer, véier Léier-Trainer, e Grapp éierenamtlech Trainer, déi a Clibb aktiv sinn, an eng Léierin, déi sech an de Schoulen ëm Vëlos-Fërderung këmmert. Generell wier de Vëlo-Sport wéi eng grouss Famill. „Oft ass et esou, datt d’Kanner vu Vëlosfuerer och zum Sport fannen“, seet de Generalsekretär Ed Buchette vum FSCL. Wourop ee sech an Zukunft freet: Et soll wuel en neie Vëlodrom ginn. An aler Traditioun – an, fir dem Lëtzebuerger Vëlosport nach eng Facette ze ginn. Dorop waart den FSCL ëmmerhi schonn iwwer 50 Joer – säitdeem dee leschte Vëlodrom zu Nidderkuer ofgerappt ginn ass.

en Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida

Lëtzebuerg – eng begeeschtert Vëlosportnatioun. Schonn am 19. Joerhonnert gouf et déi éischt Vëloscourssen am Groussherzogtum, esouguer Vëlodrome goufe gebaut. 1917 gouf dunn d’ Vëlosfederatioun (Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois, kuerz FSCL) gegrënnt, als éischt als „Fédération des Sociétés Cyclistes Luxembourgeoises (FSCL)“ – an huet domat zu Lëtzebuerg eng iwwer 100 Joer al Traditioun. An der Vëlosfederatioun FSCL sinn d’Clibb vum Profivëlosport zu Lëtzebuerg vereenegt. Grënnungsmember waren d’Veräiner vun Hollerech, Keel, Mamer, Monnerech, Millebaach, Schëffleng, Stroossen, dem Rollengergronn an Useldeng. Den éischte President war den Norbert Düren. Den 23. August 1925 gouf déi éischte Kéier d‘Vëlosportofzeechen iwwerreecht. Deeselwechten Dag ass ausserdeem déi éischt Dammecourse gefuer ginn. Am Joer 1926 koum dunn d’Fraizäitsportskommissioun vun der FSCL derbäi. Well Vëlofueren ëmmer méi beléift ginn ass, an dat och ouni Concourszwang, huet den FSCL mat der Ënnerstëtzung vum Sportsministère all Joer erëm en Nationalen Dag vum Vëlo an d’Liewe geruff. Déi éischt Editioun ass de 27. Mee 1979 iwwer d’Bühn gaangen.

Fotoen: © Roland Miny pressphoto.rtl.lu

1300 Lizenze ginn et haut bei der FSCL, dovu 500 Sportlizenzen; siwe Profirennfuerer si fir Lëtzebuerg an der Welt ënnerwee. Een, deen d’Vëlosfederatioun scho laang kennt a begleet ass de Generalsekretär Ed Buchette, 64 Joer al. „Haut ass d’Vëlofueren e richtege Vollekssport“, seet hien. Do bestinn natierlech op der enger Säit d’Profien, d’Aushangschëld vum Vëlosport. Den FSCL huet méi Sektiounen an entspriechend Ofstufungen a Kategorien, jee no Alter a Wäertunge vun de Sportler. Zum Sportkader gehéieren haut iwwer 20 Athleeten. Bal all Weekend organiséieren d’Clibb Kompetitiounen, international sinn déi professionell Vëlosfuerer natierlech och ënnerwee. Mee op der anerer Säit si vill Mënschen an der Fräizäit sportlech mat dem Vëlo ënnerwee, ouni sech onbedéngt a Concourse moossen ze wëllen. „Et beweegt ee sech duerch d‘Welt, kann sech kierperlech betätegen, an der Grupp zesumme sinn“, seet den Ed Buchette. An esou gehéiert och de Fräizäitsport mat „Fräizäit“-Lizenzen zum FSCL. „Eis lizenzéiert Membere gi regelméisseg informéiert – ronderëm Verkéiersreegelen, Sécherheet an Ëmweltschutz. Fir eis ass d’Weiderbildung ganz wichteg“, seet den Ed Buchette. Dat géif fir Vëlofueren op der Strooss wéi och fir de Mountainbiking gëllen.

Datt alles richteg ofleeft, wier dem Verband natierlech och am Profivëlosport e grousst Uleies. Stéchwuert: Doping. Esou ass den FSCL Member vum „Mouvement Pour un Cyclisme Crédible“ (MPCC, Beweegung fir e proppere Vëlosport). „Do ass de Motto: Null Toleranz bei Doping“ betount den Ed Buchette. Ob bei Aspegicken, Bluttdoping oder och enger ganz neier Zort, bei där d’Veloe praktesch onsiichtbar mat engem klengen Elektromotor equipéiert ginn, deen am entscheedende Moment ee Schub gi kann.

Op der Héicht vun der Zäit wéilt ee bei der FSCL a Saachen Nowuessfërderung sinn – och, a grad bei de Meedercher. Éischt Stroossen-Vëloweltmeeschterin war schonn 1958 d’Elsy Jacobs, gläichzäiteg mat dem Tour-de-France-Gewënner vum Charly Gaul 1958. Säit 2019 gëtt et den „Andy Schleck Cycles Women Project“, dat weibleche Sportlerinnen an engem Sport, dee vu Männer dominéiert gëtt, de Réck stäerke soll. „Et ass schéin, datt aus Fraen-Sportsgruppen eng Dynamik entstanen ass; d’Zäit vun den Eenzelkämpferinnen ass eriwwer“, seet de Florian Salzinger. De 35-järege Vëlorennsportler ass säit 2017 Gerant vum FSCL. Hie seet: „Dat ass souwisou dat flottst um Vëlo-Sport. Alleguer am Team schaffe fireneen, et gëtt keng Ersatzbänk. Et wéilt een déi beschtméiglechst Nowuessfërderung bedreiwen. „Verbannt Schoul a Sport“, soe mir de jonke Sportler.“ Den FSCL huet ënner anerem zwee haaptberufflech Trainer, véier Léier-Trainer, e Grapp éierenamtlech Trainer, déi a Clibb aktiv sinn, an eng Léierin, déi sech an de Schoulen ëm Vëlos-Fërderung këmmert. Generell wier de Vëlo-Sport wéi eng grouss Famill. „Oft ass et esou, datt d’Kanner vu Vëlosfuerer och zum Sport fannen“, seet de Generalsekretär Ed Buchette vum FSCL. Wourop ee sech an Zukunft freet: Et soll wuel en neie Vëlodrom ginn. An aler Traditioun – an, fir dem Lëtzebuerger Vëlosport nach eng Facette ze ginn. Dorop waart den FSCL ëmmerhi schonn iwwer 50 Joer – säitdeem dee leschte Vëlodrom zu Nidderkuer ofgerappt ginn ass.

en Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.