Op de Spure vum Charly

„Säi Frënd de Charly ass ee Geck. E fiert duerch d’Avenue erof iwwer d’nei Bréck. Laanscht d’Charlysgare an de Rollengergronn. Do brauch en ongeféier annerhallef Stonn“, heescht et an engem ale Vollekslidd vum Colette a Fernand Wark.

An och wann et an dësem Lidd an éischter Linn ëm dem Jhangli säin Tour duerch Lëtzebuerg geet, ass och de Chareli net vergiess ginn.

„Chareli“, dat war den Numm vun deem Zuch, deen tëschent 1904 an 1954 d‘Stad Lëtzebuerg an Iechternach matenee verbonn huet.

Mee wie weess haut nach, wou de Charly deemools genee gefuer ass? Wou stousse mir haut nach op seng Spuren? A wat ass aus sengem Pad ginn?

Am Mäerz 1900 ass et mam Bau vum Trajet lassgaang a ganz schnell krut de Charly am Volleksmond déi wéineg erfreelech Bezeechnung „Millioune Bunn“, well de Bau um Enn 4,1 Millioune Frang kascht huet, zu där Zäit e Verméigen. An trotz allem gouf dat eent oder anert Dierfchen, duerch dat de Charly säi Wee gemaach huet, emol net mat enger Gare beduecht, esou zum Beispill dat klengt Dierfchen Iernster an der Gemeng Nidderaanwen.

Benannt gouf de Charly nom Charles Rischard, sengerzäit Generaldirekter fir den Transport.

Wirtschaftlech war den „Chareli“ fir eng Rëtsch Lëtzebuerger interessant, well si dowéinst Aarbecht fonnt hunn, sief et als Aarbechter bei der Bunn, Streckenaarbechter oder an enger anerer Funktioun an der Stad Lëtzebuerg.

An obwuel de Charly net dee Schnellsten an och net dee Bequeemste war, konnt hie ganz schnell d‘Häerzer vun de Leit fir sech gewannen.

Offiziell gëtt de Charly am Joer 1954 a Pensioun geschéckt a komplett duerch Busser ersat, awer eréischt de 27. Abrëll 1957 geet hien op seng lescht Rees an däerf nach eng Kéier mat vill Damp a Gedäisch vun Dummeldeng op Iechternach fueren.

Haut, méi ewéi 60 Joer nodeems de Schmuelspurzuch déi leschte Kéier d‘Leit vun Iechternach an d‘Stad bruecht huet, kann ee sengem Wee nofueren, an zwar mam Drotiesel. E groussen Deel vum Trajet, dee vun Iechternach iwwer Bech, Konsdref, Hueschtert, dem Sennengerbierg bis op de Kierchbierg féiert, ass haut mat Makadamm versi ginn a gëtt als Vëlospist benotzt.

Den ale Trajet vum Charly ass allerdéngs net déi eenzeg Vëlospist am Ländchen.

Mat eise 600 Kilometer Vëlospist, déi op ganzer 950 Kilometer ausgebaut solle ginn, si mir ganz gutt bedéngt.

© Editions Klopp - GAR/ Ed Federmeyer
© Editions Klopp - Théo Mey 1953

Loosse mer awer och emol e kuerze Bléck iwwer eis Grenze geheien. Esou gëtt et an Däitschland eng Vëlospist, déi net nëmmen aus engem anere Land kënnt, mee och iwwer déi däitsch Grenz erausgeet. Den „Rheinradweg“ féiert vun Andermatt (Schwäiz) iwwer Frankräich duerch Däitschland an huet säin Zil zu Rotterdam. Ausserdeem hunn eis däitsch Noperen eng Vëlospist, déi d’Land net verléisst an awer iwwer 400 Kilometer laang ass. Dëse Wee heescht „Königsee-Bodensee Radweg“ a féiert ee laanscht d‘Alpen an de Bëscher a Séie vu Bayern.

Mee zeréck bei onsere Charly, deem säin Tracé gréisstendeels vun der Vëlospist Nr. 2 rekonstruéiert ginn ass. Dës Pist ass 43,5 Kilometer laang, fänkt um Kierchbierg un an hält ze Iechternach op, wou si mat der Pist Nr. 3 „Piste des trois Rivières“ verbonnen ass.

Datt d‘Geschicht vum Charly e flott an interessant Kapitel vun der Lëtzebuerger Geschicht duerstellt, beweist och den Interessi vum Jean-Paul Meyer. Ënner dem Titel „Charly, Schmalspurbahn Luxemburg – Echternach 1904/1954“ bréngt hien dëser Deeg e Buch op de Marché, dat op eng beandrockend Aart a Weis d‘Geschicht vum Charly dokumentéiert.

An och eng etlech Stroossen an eisem Ländchen erënneren nach haut un eise klengen Zichelchen. Esou fënnt een an der Stad zum Beispillrue du Charly“ a mir wäre sécherlech och net iwwerrascht, wann et geschwënn eng Statioun mam Numm “Charly’s Gare” um Trajet vun eisem neien Tram géif ginn.

D‘Vëlospist Kierchbierg – Iechternach ass e gutt Beispill, wéi flott Vëlosweeër mat historeschem Kontext entstoe kënnen. . .

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.