Leider ass dat net fir jiddereen eng grouss Freed. Vill Leit leiden ënner Pollenallergien, och Heeschnapp genannt.
Mir hunn eis mat enger betraffener Persoun iwwer hir Pollenallergie ënnerhalen a wéi si domat ëmgeet. De Pierre ass 59 Joer al an ass bestuet. Hien huet eng Duechter vun 21 Joer, déi nach studéiert. Hie reest gär a fiert gär mat allem wat 2 Rieder huet, souwuel mam Vëlo wéi och mam Moto.
Ingo Bartussek/AdobeStock
Ech si géint ganz vill Zorte vu Bampollen allergesch a reagéiere besonnesch op Hieselter a Bierkepollen.
Meng Allergie fänkt jee no Joer am Februar un an dauert bis Abrëll-Mee. Dat ass awer vu Joer zu Joer ënnerschiddlech, jee nom Wieder. Wat et éischter waarm dobausse gëtt, wat et och éischter mat de Polle lassgeet.
Bei mir huet et net als Kand, mee am Erwuessenenalter ugefaang. Dat war ongeféier am Joer 1991, deemools war ech 32 Joer al. Ech sinn elo also schonn 28 Joer domat geplot.
Ech ka mech just erënneren, datt ech 1991 eng Asthmakris gemaach hunn, déi ech net zouuerdne konnt. Vläicht hat ech virdrun och schonn Aebrennen, ech hunn awer wahrscheinlech näischt drop ginn! Ech hat sécherlech virun 1991 ni en Asthmaproblem oder soss e Problem mat der Ootmung.
Ech muss awer nach dozou soen, datt ech zënter menger Allergie keng Hieselnëss, kee Kiwi a keng Kiischte méi iesse kann, well mir soss direkt mäin Zongegrond uschwëllt.
Dat éischt Joer hunn ech mech mat Schwarzwuerzelextrakt geplot, respektiv Kamillenextrakt. Eventuell kann et awer och sinn, datt ech nëmme kuerz mat enger bestëmmter Zort Pollen a Kontakt war an esou huet sech dee Problem vun eleng gereegelt. Ech wousst deemools jo nach net, datt ech allergesch wier.
1992 goufen du bei zwee verschiddenen Dokteren ënnerschiddlech Tester an Analyse gemaach. Bei deem engen Dokter war dat eng Bluttanalys a bei deem aneren e speziellen Allergietest, bei deem engem verschidde Flëssegkeeten an den Aarm agesprëtzt ginn, fir ze kucken, ob d’Haut mat Ausschlag reagéiert. Meng Haut huet bei deene meeschte Punkte mat Ausschlag reageiert. Vu béiden Doktere krut ech dunn d’Diagnos: Bampollenallergie.
Ech liewen normal wärend der Allergiezäit, sinn awer vill méi gereizt an hale mech esou wäit et geet manner dobaussen op. Och suergen ech dofir, datt nëmme moies an owes gelëft gëtt. Ech dusche méi dacks a schwenke mir, wann et ze vill an den Ae brennt oder meng Nues bäisst, mäi Gesiicht mat Waasser vum Krunn of.
Wéi gesot, ech gi schaffen, well doheem géif ech nach méi nervös ginn.
Den Dokter hat mir eng Desensibiliséierung proposéiert, déi ech awer bis dato nach net probéiert hunn. Perséinlech sinn ech esou wäit et geet Antimedikament agestallt. Sinn ech dann awer ze vill gehäit, hëlleft mir géint den Asthma Seretide, respektiv bei enger Kris Ventolin (Bronchodilatatoren).
D’Aen, respektiv d’Nues, ginn normalerweis bei mir dacks mat Waasser oder mat Naaprep gespullt a wann et ganz schlëmm ass, kënnt Livostin (e speziellen Antiallergikum fir d’Nues), respektiv ee fir d’Aen zum Asaz.
Géint d’Bäisse vun der Haut benotzen ech Zyrtec (e generellen Antiallergikum). Dee mécht mech awer immens midd, dofir huelen ech deen esou mann wéi méiglech.
Ech géif soen, et wier stationär, ee Joer mol méi, dat anert mol manner. Am Allgemengen iwwer déi ganz Joren, net besser an net schlechter.
Mäi Meedchen ass 21 Joer al an hatt huet sech bis haut nach net iwwer eng Allergie beklot.
en Artikel vum Tania Hoffmann