Ass dat Konscht?
Oder kann dat fort?

Eng abstrakt Figur, eng Schrëft, emol eng Landschaft oder e Message, faarweg a meeschtens verréckt. Op Maueren, ale Gebaier an alem Gemaier, ënner Brécken awer och emol am Agang vun engem moderne Gebai oder doheem an der Stuff. Graffiti ginn dës Schmierereie genannt! Ass dat Konscht? Oder kann dat fort? A wat ass eigentlech Konscht? […]

Poznennö!*

1988 gëtt de Superjhemp déi éischte Kéier op d‘Lëtzebuerger Bierger lassgelooss. „De Superjhemp géint de Bommeléer“ ass deen éischte vu bis haut 28 Comic–Bicher iwwer e Superheld an engem karikaturistesch duergestallte Land mam Numm „Luxusbuerg“. E Glach mat engem reell existéierende Mikro-Staat mëtten an Europa ass natierlech rengen Zoufall! De Superjhemp ass dat humoristescht Wierk […]

Jang Linster – Linster Studios

De Jang Linster ass bekannt duerch seng Musek- a Videoproduktiounen an der Lëtzebuerger Sprooch. Wéi ee Lëtzebuerger huet sech net, entweder a senger eegener Kandheet oder iwwert seng Kanner oder Enkelkanner, vun senge bekannten Toungeschichten inspiréiere gelooss?

Alexa!
Wien ass de Luc Marteling?
Alexa: Ech kucke wat ech fannen …

Luc Marteling, Joergang 75, gebierteg vu Mäertert, wou hien och vun 1981 bis 1987 d‘Schoul besicht. 1994 mécht hie säi Premièresexamen op der Sproochesektioun vum Iechternacher Lycée. Duerno geet et weider op d‘Ludwig-Maximilians-Universitéit op München. Hei studéiert hie Kommunikatiounswëssenschaft, Philosophie a Psychologie a schléisst seng Studie mat engem Master of. Nom Studium schafft hien als […]

Chrëschtdagsbeliichtung an eise Gemengen

Wann d’Auer ëmgestallt gëtt an den Auto moies sou lues ufänkt, zougefruer ze sinn, da steet de Wanter virun der Dir. Ëm Enn November fänken déi éischt Chrëschtgirlanden an de Stroosse vu Lëtzebuerg u mat liichten an am Dezember ass dann endlech all Kanton dem Chrëschtdagsféiwer verfall.

„Noël de la Rue asbl“

Am Interview verréit eis de Léon Kraus, President vun “Noël de la Rue ASBL” wéi alles ugefaangen huet a gëtt eis en Abléck a seng Aarbecht.

Stëmm vun der Strooss

Säit der Grënnung vun der Stëmm vun der Strooss am Joer 1996 verfollegt d‘Associatioun bestänneg een Zil: Deene Leit ze hëllefen, déi et am néidegsten hunn. Am Laf vun dësen 20 Joer huet sech vill gedoen.

Cassisfelder a Pinguinen: Beefort rockt!

© Naturpark Mëllerdall/Pierre Haas Wou am Joer 1639 de Jean Baron de Beck, Gouverneur vun der Provënz Lëtzebuerg, d’Beeforter Schlass kaf huet, war et eng mëttelalterlech Buerg. De Jean de Beck hat déi néideg Mënz, fir nieft der Buerg e Renaissanceschlass bauen ze loossen. An dësem Schlass, wat haut nach steet, huet hien ni gelieft. […]

L’Association de Soutienaux Travailleurs Immigrés ASTI a.s.b.l.

Fotoen: ASTI D’ASTI (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés) ass eng lëtzeburgesch Associatioun ouni Gewënnzwecker, déi sech säit bal 40 Joer am Beräich vun der Integratioun vun Awanderer an vun hirer Aglidderung an d’Gesellschaft engagéiert. Haut zielt d’ASTI bal 500 Memberen a beschäftegt ronn 30 Leit (ouni vun den sëllegen benevole Mataarbechter ze schwätzen). Am […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.