Saumonsréck mat festlecher Nout an „Gelée de Noël“

Véier Stécker Saumon mat Salz a Peffer wierzen. An eng agefett Brotform ginn a mat Olivenueleg besträichen. Mat engem Blat Sëlwerpabeier iwwerdecken. 10 Minutte bei 100 Grad Celsius am Uewe broden. An der Tëschenzäit den Orangëjus pressen. D’Form aus dem Uewen huelen, de Fësch eraushuelen a waarm stellen. Den gebrodene Jus mam Orangëjus ofläschen, an d’Zooss mat engem Läffel „Gelée de Noël“ verfeineren. De Fësch op engem Teller presentéieren a mat Zooss begéissen.

Zoutaten:

  • 4 x 100g frësche Saumon
    (am léifsten e Stéck vum Réck)
  • 1 Orange
  • Salz
  • Peffer
  • Olivenueleg
  • Gelée de Noël


RESTAURANT MAISON ROUGE
Sëll
(00352) 23 63 02 21

Dëst an nach vill aner flott Rezepter fannt Dir am Kachbuch „Mat Léift zoubereet“. D‘Buch an d‘Chrëschtgebeess kënnt Dir bei Autisme Luxembourg a.s.b.l. per Telefon um 266 233-1 oder per Mail ënnert administration@autisme.lu bestellen!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.