Stëmm vun der Strooss

Säit der Grënnung vun der Stëmm vun der Strooss am Joer 1996 verfollegt d‘Associatioun bestänneg een Zil: Deene Leit ze hëllefen, déi et am néidegsten hunn. Am Laf vun dësen 20 Joer huet sech vill gedoen. Gouf an Ufankszäiten zu Bouneweg vläicht just fir eng 25 bis 30 Leit gekacht, ass et haut esou, dass all Dag ëm déi 250 Telleren iwwer d‘Téik ginn. Et ass net méi eleng den „Clochard vun der Gare“, dee bei d‘Stëmm e Maufel iesse kënnt, mee et komme Mënschen aus ganz Europa, nee, aus der ganzer Welt op Lëtzebuerg. Dëst an der Hoffnung op eng Aarbecht, op en Doheem, op Fridden, eng sécher a stabil Zukunft. Leider weist d‘Realitéit eis awer, dass dës Dreem heiansdo ewéi eng Seefeblos zerplatzen. Den Däiwelskrees geet scho bei der Sich no enger Aarbechtplaz lass. Eng Aarbecht kritt ee just, wann een eng fest Adress, also en Doheem huet. Mee en Doheem kann ee sech nëmme finanzéieren, wann een eng Aarbecht huet.

Treffpunkt Hollerech
Stëmm Caddy

Wat bitt d‘Stëmm vun der Strooss?

Den Haaptuleies vun der Stëmm vun der Strooss ass et, déi mënschlech Grondbedierfnesser ze erfëllen. Wat heescht dat? All Mënsch brauch eppes ze iessen, muss sech ëm seng Kierperhygiène këmmeren, brauch heiansdo nei Kleeder a muss vun Zäit zu Zäit och alt emol bei den Dokter.

Am „Treffpunkt“ an der Stad an zu Esch gëtt genau dat ëmgesat. Fir 50 Cent kritt een eng waarm Molzecht, fir 25 Cent e Gedrénks. Huet een emol kee Wak an der Täsch, ass et trotzdem méiglech, eng waarm Zopp an e Bréitchen ze kréien.

D‘Dusche si limitéiert, hei heescht et „survival of the fittest“. Deen, deen sech mat Zäiten aschreift, kritt och eng Dusch.

Schweesdrëps

Des Weidere gëtt et de Service vun der „Kleederstuff“ an der „Buanderie“. Huet een emol guer keng Kleeder, da kann een op Rendez-vous bei d‘Stëmm kommen, fir neit Gezei ze kréien, respektiv kann ee säin eegent Gezei gewäsch kréien. Hei sief drop opmierksam gemaach, datt d’Stëmm vu Kleederspende lieft. Hutt Dir, léiwe Lieser, nach Kleeder am Schaf, déi Dir säit Joren net méi ugedoen hutt? Da bréngt se roueg laanscht. Decken a Schlofsäck sinn zu dëser kaler Joreszäit och häerzlech wëllkomm.

Den „Dokter Stëmm“ ass eng ganz wichteg Offer vun der Stëmm. All Mëttwoch de Mëtte kënnt ee benevollen Dokter an d‘Stëmm (nëmmen an d‘Stad) a behandelt déi Patienten, déi sech keen Dokter kënne leeschte respektiv déi Mënschen, déi keng Sozialversécherung hunn. Mussen dann och emol Medikamenter verschriwwe ginn, iwwerhëlt d’Stëmm d‘Käschten.

Fir datt alles bei der Stëmm rullt, sinn ettlech Mataarbechter all Dag am Asaz. Dem Personal aus der Kichen, vum Comptoir, der Kleederstuff an der Buanderie, der Botzekipp an de Chauffeuren gëtt Merci gesot. Si all sinn op den RMG, mëttlerweil REVIS genannt, ugewisen a kommen all Dag schaffen, fir den Ausgläich zum Mindestloun ze kréien. D‘Argument, datt eng Persoun, déi am RMG ass, ze liddereg ass, fir ze schaffen, loosse mir hei net gëllen. Mir ginn all Dag vum Géigendeel iwwerzeegt. Geleet ginn si vu graduéierten Erzéier an Assistant-sociallen, déi si och bei hire perséinleche Problemer ënnerstëtzen.

Niewent dem Treffpunkt huet d‘Stëmm vun der Strooss awer och nach eng Rei aner Atelieren, wou Mënsche mat deene verschiddenste Problemer duerch eng Aarbecht nees de Wee an d‘Gesellschaft erméiglecht gëtt.

Schweessdrëps:

Zu Esch an der Schweessdrëps gi Sportstricote vu verschiddene Sportsveräiner gewäsch.

Stëmm Caddy:

An der aler Stëmm zu Bouneweg gouf en neien Atelier installéiert. Duerch d‘Zesummenaarbecht mam Supermarché Auchan ass et eis méiglech, e bëssen eppes géint d‘Verschwendung vu Liewensmëttel bäizedroen an dës deene Leit weiderzeginn, déi et néideg hunn. All Dag fuere mir an de Supermarché, fir déi Liewensmëttel ofzehuelen, déi virum Verfallsdatum stinn. Dës ginn da bei eis weiderverschafft oder direkt verdeelt.

Kleederstuff
Redaktioun

Immo Stëmm:

Bezuelbare Wunnraum ass rar hei am Land. An der Immo Stëmm gëtt probéiert, de Lien tëschent Wunnengsbesëtzer a Leit mat geréngem Akommes ze maachen. Mir iwwerzeegen de Besëtzer, seng Wunneng un ee vun eise Clienten zu engem soziale Präis ze verlounen. Mir garantéieren, datt dës Wunneng an engem uerdentlechen Zoustand bleift an datt de Loyer ëmmer mat Zäite bezuelt gëtt. D‘Persoun gëtt wärend der ganzer Period, wou si an der Wunneng ass, vun engem Erzéier begleet.

Post-Therapie-Zentrum Schëndels

Zu Schëndels hu Mënschen, déi eng Therapie ofgeschloss hunn, d‘Méiglechkeet, iwwer en Zäitraum vu maximal zwee Joer ze wunnen an ze schaffen – dëst, fir datt se no der Therapie net nees zeréck op d‘Strooss mussen, well soss ass e Réckfall virprogramméiert.

Redaktioun

Zum Schluss wëlle mir Iech dann nach den Atelier vun der Redaktioun virstellen. Fënnefmol am Joer kënnt eng Zeitung eraus, déi sech mat deene verschiddensten Themen auserneesetzt. Dëst mat enger Oplag vu 6000 Exemplairen. D‘Zeitung fannt Dir an deene verschiddensten Administratiounen, Schoulen, Salle-d‘attenten. Gäre kënnt Dir Iech awer och fir dës Zeitung abonnéieren. Fir weider Informatioune gitt einfach op d‘Internet-Säit : www.stemm.lu

Geschriwwe vun der Redaktiounsequipe Stëmm vun der Strooss

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.