Cassisfelder a Pinguinen: Beefort rockt!

© Naturpark Mëllerdall/Pierre Haas

Wou am Joer 1639 de Jean Baron de Beck, Gouverneur vun der Provënz Lëtzebuerg, d’Beeforter Schlass kaf huet, war et eng mëttelalterlech Buerg. De Jean de Beck hat déi néideg Mënz, fir nieft der Buerg e Renaissanceschlass bauen ze loossen. An dësem Schlass, wat haut nach steet, huet hien ni gelieft. De Jean de Beck ass nämlech knapp 10 Joer méi spéit, 1648, un de Blessuren aus der Schluecht am franséische Lens gestuerwen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Hätt de Jean de Beck Memoiren hannerlooss, da wäre sécher Beschreiwunge vun där schéiner Géigend ronderëm säin Uwiesen zu Beefort doran ze fannen. D’Beeforter Schlass läit nämlech matzen an der „Klenger Lëtzebuerger Schwäiz”, der Regioun Mëllerdall. De Spëtznumm vun der klenger Schwäiz kënnt vun de Fielsformatiounen aus Sandsteen an dësem Deel vum Land. De Mëllerdall huet scho laang viru professionellem Tourismusmarketing vill Naturbegeeschterter a seng Bëscher an Dierfer gelackelt. Haut kann een déi Weeër, déi an der Zäit vum Jean de Beck um Päerd erfuerscht goufen, ënner dem gutt ausgeschëlderte Label „Müllerthal Trail” erliewen. www.mullerthal-trail.lu

Vun der Buerg Beefort aus muss een e stramme Bierg erop, fir an d’Uertschaft selwer ze kommen. A wat een do haut alles erliewe kann, konnt de Baron de Beck sech sengerzäit nach net dreemen.

Am 21. Joerhonnert wunnt do eng seelen Zort Pinguin. Mënschen renne mat motoriséierte Seefekëschten op geneelte Pneuen iwwer kënschtlecht Äis. Bekannte Staren aus der Musekswelt rocken dem Baron de Beck seng Buerg. Touriste schmaachen de Beeforter Cassis.

D’Cassisplanzen hunn ëm 1930 op 5 Hektar hir Friichte gedroen, den deemolege Besëtzer vum Beeforter Schlass huet aus dem Cassis Likör produzéiere gelooss, a bis haut ass de „Cassero” e Markenzeeche vu Beefort. www.beaufortcastles.com

Déi lescht Schlasshärin zu Beefort war d’Anne-Marie Linckels-Volmer. Hautdesdaags kann een d’Schlass tëschent Enn Mäerz an Ufank November besichen, am Zoustand, wéi si hire Wunnsëtz no hirem Doud 2012 hannerlooss huet.

D’Anne-Marie Linckels-Vollmer huet – am Géigesaz zum Jean de Beck – ganz gutt gewosst, wat et mam kënschtlechen Äis op sech hat. Schonn 1969 huet den deemolege Syndicat d’Initiative zesumme mat der Gemeng eng bis dohin eenzegaarteg Iddi fir Lëtzebuerg un d’Rulle bruecht: De Bau vun enger Äispist zu Beefort! Dass den deemolege Buergermeeschter a gläichzäitege President vum Syndicat, Leon Bartimes, domat eng gutt Nieschen hat, dovu kann ee sech bis haut am Duerf Beefort selwer iwwerzeegen.

Vun der Haaptstrooss aus gesäit een den opfällege wäissen Zeltdaach, deen zanter 2011 déi Beeforter Äispist iwwerdeckt.

Op der Patinoire, déi den internationale Standarde vu 30 op 60 Meter entsprécht, goufen an der éischter Saison 1969/1970 ronn 75.000 Visiteure gezielt. De Virwëlz war grouss, d’Motivatioun och.

Ufank 1970 ass en Ice-Hockey-Veräi gegrënnt ginn. De Club besteet bis haut ënner dem Numm IHCB. Seng 1. Equipe spillt an der belscher Division 1. Donieft gëtt et eng 2. Equipe an eng 3. fir Kanner a Jugendlecher tëschent 5 a 15 Joer. www.ihcbe.lu

Äiskarting/SITB (Syndicat d'Initiative et de tourisme Beaufort)

Sech fille wéi den Alain Prost oder de Walter Röhrl?

Eng Kéier mat héijer Vitess iwwer Schnéi an Äis flitzen an duerch d‘Kéieren driften? Sech fille wéi de Walter Röhrl bei der Rallye Monte-Carlo oder den Alain Prost bei der Trophée Andros

Da gi mir Iech Rendez-vous zu Beefort op der Äispist!

Hei gëtt vun November bis Mäerz Icekarting gefuer. Speziell equipéiert Karte kënnen hei, net wéi gewinnt um Makadamm, mee um glaten Ënnergrond vun der Beeforter Äispist beweegt ginn.

Rallyefuere fir jiddwereen.

Méi Informatioune fannt Dir op der Internet-Säit vun der Beeforter Äispist

Reservéiere kann een op www.patinoire-beaufort.lu

All Dag ausser méindes kann een zu Beefort iwwer d’Äis schlidderen. Op der Patinoire kann ee sech d’Schlittschong an alle Gréissten an Iceglider fir déi ganz Kleng léinen.

Besonnesch de Weekend, wann d’Eltere mat de Kanner op Beefort kommen, kritt een do déi zu Lëtzebuerg nawell seele Pinguinen aus der Gattung „Eislauflernhilfe” ze gesinn. Dës aartlech Kadetten hunn am Géigesaz zu hiren Aartgenossen am éiwegen Äis Oueren a Form vu Grëffer. Si hëllefe beim Üben um glëtschegen Äis, fir ongewollte Pirouetten ze verhënneren.

Wien sech op zwou Kufen net wuelfillt, dee kann zu Beefort op der Äispist och motoriséiert mat Spikes op véier Rieder an engem 200cm3 Kart mat 6,5 PS iwwer d’Äis driften. Icekarting ass domat eng weider Geleeënheet, déi een ausser zu Beefort an eiser Géigend wäit siche geet. Dofir muss ee sech och mat Zäit bäimaachen. Fir dës Saison ass schonn alles ausgebucht.

Foto: Divergant Travelers

2019 kann de Syndicat d’Initiative et du Tourisme Beaufort en décke Kuch fir de 50. Gebuertsdag vun dëser Konschtäispist bestellen. Oder vläicht eng riseg Glace. An da mat all de Frënn vun der Beeforter Patinoire Revue passéiere loossen, wat sech am leschten hallwe Joerhonnert do gedoen huet.

Kënnt een an de Summerméint op Beefort, bitt et sech un, direkt niewent der Äispist „d’Plage Beaufort” ze besichen, de Camping. En huet eng flott Piscine, ausserdeem sinn op der Plaz och Schlofméiglechkeete wéi Chaleten oder Tipien, déi iwweregens fir d’Saison 2018 wäerten erneiert an aus Holz gebaut ginn!

Niewent dem Camping huet Beefort och eng Jugendherberg, an där eng Bowlingbunn ass.

All aner Informatioun kritt een och beim Syndicat d’Initiative op www.visitbeaufort.lu

Nuetseile fannen am „Flying Dutchman” eng bekannten Disco, an am Summer och um Site vun der Äispist Animatioun, wéi déi lescht Joren de „Rock am Duerf” oder den impressionnanten Open-Air-Festival „Rock Classics @ Beaufort”, deen d’Buerg als herrlech Kuliss notzt.

Beaufort – keep on rocking!

En Artikel vum Nathalie Bender

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.