L’Association de Soutienaux Travailleurs Immigrés ASTI a.s.b.l.

Wien ass dat?

Fotoen: ASTI

D’ASTI (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés) ass eng lëtzeburgesch Associatioun ouni Gewënnzwecker, déi sech säit bal 40 Joer am Beräich vun der Integratioun vun Awanderer an vun hirer Aglidderung an d’Gesellschaft engagéiert. Haut zielt d’ASTI bal 500 Memberen a beschäftegt ronn 30 Leit (ouni vun den sëllegen benevole Mataarbechter ze schwätzen). Am Verlaf vun der Zäit ass d’ASTI déi obligatoresch Adress an alle Froe vun der Zivilgesellschaft ginn a gläichzäiteg en „think tank“ am Beräich vum Zesummeliewen. Bei hire Projete gëtt d’ASTI deels vum Lëtzebuerger Staat, deels vun der Europäescher Unioun an aneren Institutiounen ënnerstëtzt. Fir onofhängeg ze bleiwen, politesch Aktivitéiten ze realiséieren an d’Alldagsgeschäft um Lafen ze halen, ass d’ASTI op Donen (déi vun der Steier ofgesat kënne ginn) ugewisen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]
Fotoen: ASTI

Déi vilfälteg Aktivitéiten hunn alleguer e gemeinsamt Zil: d’Integratioun an d‘Zesummeliewe vun alle soziale Schichten zu Lëtzebuerg. Déi verschidde politesch Aktiounen um Terrain:

  • E grousst politescht Engagement vun den Auslänner.
  • Besser informéieren a beroden duerch den Informatiouns-Guichet bei alle Froen am Beräich vum Openthalt zu Lëtzebuerg.
  • D’Benotze vun ënnerschiddleche Sprooche bei Manifestatiounen duerch den Live-Iwwersetzungs-Service.
  • Eng gratis administrativ Hëllef duerch den „écrivain public”.
  • Eng Dokumentatioun an interkulturell Projeten a vum Service IKL promouvéierte Schoulen.
  • d’Formatioun vun engagéierte Benevollen an Coachingen zum Thema Integratioun.
  • Erléiere vun de Sproochen an der professioneller Integratioun vu Flüchtlingen an d’Lëtzebuerger Gesellschaft – ëmmer mat engem Bléck op d’Besonneschkeete vun dëser Populatioun.
  • wichteg Aarbechte fir d’Vernetzung a fir d‘Zesummeliewen an de nërdleche Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg: Eech, Beggen, Weimeschkierch an Dummeldeng a verschiddene Gruppen (ë.a. d‘maison relais Kannernascht, de Centre de rencontre fir Jonker AMIGO, d’Sozialaarbechten an de Quartieren oder de Grupp AMIGO 50+).
  • Entwéckele vun innovative Projeten am Beräich vum Sproocheléieren: fréit Léiere vun der lëtzebuergescher an der däitscher Sprooch, linguistesche Coaching, Iwwersetzungs-Tabellen, Ausbildung vu Benevollen am praktesche Sproochgebrauch.
  • Sensibiliséierungs- an Ënnerstëtzungsaarbecht fir Gemenge bei lokalen Integratiounsprojeten.

D’ASTI ass virun allem eng Organisatioun, déi sech aus engagéierte Benevollen zesummesetzt, déi an Equippen an Aarbechtsgruppen zesummeschaffen an an den ënnerschiddlechen, hei zu Lëtzebuerg verbreete Sproochen kommunizéieren.

Fotoen: ASTI

Wann Dir d’ASTI ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat op vill verschidden Aart a Weise maachen:

  • Dir wëllt Si ënnerstëtzen? -> da gitt Member vun der ASTI!
  • Dir wëllt d’Onofhängegkeet vun enger ONG stäerken, déi sech fir d’Integratioun vun Auslänner an d’Zesummeliewe mat hinnen asetzt?
    • da maacht en Don!
  • Dir wëllt en Deel vun Ärer fräier Zäit notzen, fir Iech un den Aktivitéiten ze bedeelegen
    • dann hëlleft mat:
      • bei deene villen Aufgaben, déi am Zesummenhang mat de verschiddenen Aktioune stinn.
      • an enger vun deene sëllegen Aarbechtsgruppen am „think tank” vun der ASTI

Besicht d’Internet-Säit www.asti.lu, fir Member ze ginn (25€/Joer)!

Weist Äert Interessi, andeems Der hinnen schreift: ensemble@asti.lu

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.