De Superjhemp,
e Superheld „Made in Luxusbuerg“

1988 gëtt de Superjhemp déi éischte Kéier op d‘Lëtzebuerger Bierger lassgelooss. „De Superjhemp géint de Bommeléer“ ass deen éischte vu bis haut 28 ComicBicher iwwer e Superheld an engem karikaturistesch duergestallte Land mam Numm „Luxusbuerg“. E Glach mat engem reell existéierende Mikro-Staat mëtten an Europa ass natierlech rengen Zoufall! De Superjhemp ass dat humoristescht Wierk vum Auteur Lucien Czuga an dem Comiczeechner Roger Leiner.

An enger Zäit, wou eng nei Well vun Nationalbewosstsinn hei zu Lëtzebuerg stattfënnt, an d‘Affäre ronderëm de Bommeleeër nach ëmmer an de Käpp vun de Leit hänkt, trëfft de Superjhemp den Nerv vun der Zäit. »De Superjhemp war am Fong eng Commande vun der „Revue“. Nom Succès vun eiser éischter BD, dem „Pechert” an der Gratiszeitung WEEKEND, wollt d‘Revue eng richteg, faarweg BD vun eis, also vum Roger Leiner a vu mir. De Superjhemp ass dunn an engem Owend entstane, ganz einfach, well mir allen zwee scho laang, an dat onofhängeg vuneneen, d’Iddi fir e Lëtzebuerger Superheld haten. A well de Bommeleeër deemools, genee wéi haut, aktuell war, war den Thema vum éischten Album séier fonnt!« erzielt eis de Lucien Czuga.

De Superjhemp ass eng Karikatur vun den amerikanesche Superhelden aus den 30er-Joren, allerdéngs spillen d‘Geschichten, déi hien erlieft, am Haut an Hei.

Genee wéi säi berüümtent Virbild aus den USA ass de Superjhemp, alias Charel Kuddel, am ziville Liewen e braven a ugepasste Familljepapp, schafft (mol méi, mol manner) als Sous-chef de bureau, 1er en rang am Ministär fir ongeléiste Problemer, kuerz M.O.P., am Service vun den hoffnungslose Fäll. Ideal, fir als Superheld net ze vill opzefalen!

A sengen Aventurë begéinen dem Superjhemp, begleet vum Inspekter Schrobiltgen, dem Kommissär Harespel, der Joffer Lamesch, dem Hond Bernie an nach villen anere flotte Characteren, op all Eck an Enn Karikature vu bekannte Lëtzebuerger Perséinlechkeeten. Och aktuell lëtzebuergesch an international Ereegnesser gi mat groussem Genoss vum Lucien Czuga an dem Roger Leiner an de Superjhemp-Albume verschafft an deels ferm op d‘Schëpp geholl. De Lieser entdeckt op all Säit, jo praktesch an all Bild erëm flott, kleng a witzeg Detailer, a sief et nëmmen en Dëppche vum bekannte Kachkéis vun der Juxlait. Dëse Kachkéis gëtt och dem Superjhemp seng Kraaft a gëtt an den Albumen an alle méiglechen an onméigleche Situatiounen agesat, an ass och praktesch fir alles ze gebrauchen: Fangnetz, Superpech, Zündschnouerläschmëttel, jee, d‘Fantasie vun den Auteure kennt (bal) keng Grenzen.

E weideren „Running Geck“ sinn déi sëllegen zerbrache Fënsteren, déi de Superjhemp am Laf vun de Geschichten hannerléisst. De Staatsbudget vum Groussdiktator Jottzéjott (och hei ass de Glach mat engem fréiere Lëtzebuerger Minister rengen Zoufall) leit ganz ferm dorënner.

All Ära huet hiert Enn, leider och déi vum Superjhemp. Nom Doud vum beléiften Zeechner Roger Leiner stellen d‘Fans sech d‘Fro, ob a wéi et mam Superjhemp weidergeet.

Lucien Czuga: Op d’Fro no engem eventuellen nächsten Album vum Superjhemp äntweren ech ëmmer (opgepasst, Humor!!!): Soulaang, wéi de Roger Leiner dout ass, wäert et keen Album vum Superjhemp méi ginn!

En Artikel vum Marc Wilgé

Déi flottste Spréch an Zitater aus de Superjhemp-Albumen

„Dir sidd ewéi brongen Zocker! Nët raffinéiert!!“
Superjhemp (Band 5 Säit 12)

„Ech fille mech wéi e Schizophrenen: ech si gedeelter Meenung!“
Inspekter Schrobiltgen (Band 9 Säit 46)

„Du mengs bal du wiers an enger Imprimerie, esou gedréckt ass d’Stëmmung hei!“
Ssössill Hämmel (Band 22 Säit 13)

„Mir fält e ganze Steebroch vum Häerz!!“
Hennicot-Schoeppges (Band 17 Säit 46)

„Wann ech nët héiflech wär, da géif ech soën, dir hätt e Gesiicht wéi e Lexikon: opschloën, zouschloën an e puermol noschloën!!“
Kommissär Harespel (Band 7 Säit 22)

„Deen as esou steif, et kënnt ee Skateboard domat fueren!“
Inspekter Schrobiltgen (Band 3 Säit 9)

„A wien bei alle Kachkéishellegen ass dat dann?“
Superjhemp (Band 26 Säit 9)

„A wann dir mir emol géift erklären, ëm wat et geet … fir datt menger Mamm hire Jong net domm stierft!?“
Inspekter Schrobiltgen (Band 26 Säit 39)

„Dat wor knapps!! Do wir keng Tranche Ham méi dertëschent gaang …“
De Policeinformatiker (Band 13 Säit 36)

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.