Alexa!
Wien ass de Luc Marteling?
Alexa: Ech kucke wat ech fannen …

Luc Marteling, Joergang 75, gebierteg vu Mäertert, wou hien och vun 1981 bis 1987 d‘Schoul besicht. 1994 mécht hie säi Premièresexamen op der Sproochesektioun vum Iechternacher Lycée. Duerno geet et weider op d‘Ludwig-Maximilians-Universitéit op München. Hei studéiert hie Kommunikatiounswëssenschaft, Philosophie a Psychologie a schléisst seng Studie mat engem Master of. Nom Studium schafft hien als […]
Chrëschtdagsbeliichtung an eise Gemengen

Wann d’Auer ëmgestallt gëtt an den Auto moies sou lues ufänkt, zougefruer ze sinn, da steet de Wanter virun der Dir. Ëm Enn November fänken déi éischt Chrëschtgirlanden an de Stroosse vu Lëtzebuerg u mat liichten an am Dezember ass dann endlech all Kanton dem Chrëschtdagsféiwer verfall.
Saumonsréck mat festlecher Nout an „Gelée de Noël“

Eist Rezept fänkt domadder un, véier Stécker Saumon mat Salz a Peffer ze wierzen. Wéi et weidergeet a wéi een déi festlech Nout drakritt, verrode mir an dëser Rubrik.
„Noël de la Rue asbl“

Am Interview verréit eis de Léon Kraus, President vun “Noël de la Rue ASBL” wéi alles ugefaangen huet a gëtt eis en Abléck a seng Aarbecht.
Stëmm vun der Strooss

Säit der Grënnung vun der Stëmm vun der Strooss am Joer 1996 verfollegt d‘Associatioun bestänneg een Zil: Deene Leit ze hëllefen, déi et am néidegsten hunn. Am Laf vun dësen 20 Joer huet sech vill gedoen.
Cassisfelder a Pinguinen: Beefort rockt!

© Naturpark Mëllerdall/Pierre Haas Wou am Joer 1639 de Jean Baron de Beck, Gouverneur vun der Provënz Lëtzebuerg, d’Beeforter Schlass kaf huet, war et eng mëttelalterlech Buerg. De Jean de Beck hat déi néideg Mënz, fir nieft der Buerg e Renaissanceschlass bauen ze loossen. An dësem Schlass, wat haut nach steet, huet hien ni gelieft. […]
L’Association de Soutienaux Travailleurs Immigrés ASTI a.s.b.l.

Fotoen: ASTI D’ASTI (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés) ass eng lëtzeburgesch Associatioun ouni Gewënnzwecker, déi sech säit bal 40 Joer am Beräich vun der Integratioun vun Awanderer an vun hirer Aglidderung an d’Gesellschaft engagéiert. Haut zielt d’ASTI bal 500 Memberen a beschäftegt ronn 30 Leit (ouni vun den sëllegen benevole Mataarbechter ze schwätzen). Am […]
Lëtzebuergesch an der Schoul

de politesche Stamminee Fro 1 Wann ee sech de Programm vun eise Schoulen ukuckt, huet en den Androck, datt déi Lëtzebuerger Sprooch keng grouss Roll spillt. Dobäi ass déi Lëtzebuerger Sprooch dach e wichtegen Integratiounsfacteur fir eis auslännesch Matbierger a grad Kanner hunn et méi liicht Neies ze léieren. Oder ass eis Sprooch éischter eng […]
Interaktiv d’Sprooch léieren

Eng Sprooch léieren oder stäerken, dat klengt fir vill Léit no Aarbecht. Och Erënnerungen un d‘Schoul kommen héich wou vill muss geléiert a geüübt ginn. Eng Sprooch kann een awer och op alternative Weeër léieren! Grad am digitalen Zäitalter ginn et vill Alternativen zu klassesche Coursen. Mir ginn Iech hei e puer Beispiller, wou Dir […]
24 Lëtzebuerger Spréchwierder

An enger Sprooch ginn et vill Ausdréck déi, wann een se Wuert fir Wuert iwwersetzt keen Sënn méi erginn. Grad am Lëtzebuergeschen notze mir gären esou Ausdréck déi fir vereenzelt Leit net verständlech sinn. Dofir bidden mir Iech hei 24 typesch Lëtzebuergesch Spréchwierder an hir Iwwersetzungen op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch! All Déierche säi […]