Ass dat Konscht?
Oder kann dat fort?

Eng abstrakt Figur, eng Schrëft, emol eng Landschaft oder e Message, faarweg a meeschtens verréckt. Op Maueren, ale Gebaier an alem Gemaier, ënner Brécken awer och emol am Agang vun engem moderne Gebai oder doheem an der Stuff. Graffiti ginn dës Schmierereie genannt! Ass dat Konscht? Oder kann dat fort? A wat ass eigentlech Konscht?

Kënschtler, Typograph, Galeriebesëtzer, Grafiker…

Rieds ass vum SUMO!

SUMO

Fotoen: © SUMO

Eréischt duerch hie gëtt de Graffiti hei am Land esou richteg bekannt a fënnt seng Plaz a Konschtgalerien, awer och op aneren, deels aussergewéinleche Plazen.

E Gespréich mam SUMO a sengem Alter ego Christian Pearson iwwer Schmiererei, Konscht, an en aussergewéinleche Personnage:

Vill Leit kennen de SUMO als Graffiti-Kënschtler! Mee ass de SUMO net vläicht méi ewéi nëmmen een, deen d‘Spraydous emol an de Grapp hëlt?

Christian Pearson:
De Sumo bezeechent sech scho laang net méi als Graffiti Sprayer obwuel hien och mat Spraydouse schafft. Haut moolt hie Biller op Toile. Dës hunn net als Ziel Graffiti z’illustréiere mee de Sumo benotzt déi visuell Sprooch an d’Energie dovu fir sech auszedrécken. De roude Fuedem ass Zäit a Raum. D‘Toile gëtt zu engem Tagebuch wou Zäit dokumentéiert gëtt. D’Biller si wéi Extraite vu Biller déi onendlech méi grouss sinn. Theoretesch kéint een an all Bild weider eran zoomen an nei Detailer entdecken.

Vill Leit gesinn haut Graffiti nach ëmmer als Schmiererei an net als Konscht. Wat mécht de Graffiti da schlussendlech zur Konscht?

SUMO:
Graffiti ass fir mech keng Konscht mee éischter e Lifestyle an eng zimmlech komplex Kultur fir sech. Et geet net nëmmen drëm Spraydousen ze benotzen oder säin Numm op d’Mauer ze schreiwen. Als Graffiti Writer hëlt een säin Ëmfeld anescht wouer, de ganzen Alldag dréit sech ëm Graffiti, et plangt een seng Missiounen, recherchéiert Stiler, analyséiert den Espace Public, et schwätzt een a Coden, asw. Alles heemlech well et hei net ëm d’Persoun geet mee ëm e Resultat. Wat fir de Grand Public als Schmiererei bezeechent gëtt ass de Grondstee vum Graffiti, ‘Writing’ oder ‘Bombing’. Propper an detailléiert Biller op Maueren a „Murals“ ginn an der Zeen net onbedéngt als gutt empfonnt. Am Graffiti ass ’Style’, Originalitéit oder eng Approche méi wichteg wéi eng propper Technik. Just deen deen aus der Mass eraussteet kritt de Respekt. Bref, dat hei ass just d’Spëtzt vum Äisbierg an et ass relativ schwéier fir en Aussestoenden ze verstoen. Dat wat ech perséinlech um Graffiti schéi fanne gëtt héchstwarscheinlech iwwersinn oder verflucht an dat wat als ’schéin’ empfonnt gëtt ass fir mech onwichteg oder Dekoratioun.

De SUMO mécht Konscht. De Christian huet Konscht gär. Wat fir eng Konschtwierker gefalen dem Christian?

Christian Pearson:
Mir gefalen al méiglech Wierker esoulaang ech d’Gefill hunn datt si originell an authentesch sinn. Mee haaptsächlech faarweg a positiv Biller.

Wéi ech an der Schoul Konschtgeschicht geléiert hunn, hat mech näischt interesséiert bis mir e Cours iwwer Pop Art haten. Dat hat mech fir ëmmer markéiert.

Du hues kierzlech eng nei Galerie an der Stroossbuerger Strooss opgemaach. Hu mir wierklech nach eng Galerie méi gebraucht?

SUMO:
Dës Fro ka just de Publikum beäntwerten.

Ech hunn éiweg gewaart datt iergendeen eng Galerie an dësem Genre opmécht, mee et ass ni geschitt. Amplaz ze lamentéieren hunn ech Eegeninitiativ ergraff an hunn elo selwer e Lokal opgemaach.

A wéi gefält dem Christian Pearson dem SUMO seng Galerie?

Christian Pearson:
Ech si ganz frou iwwer dem Sumo seng Galerie, well hien hei seng Passioun mat eis deelt. Déi Kontakter déi hien an der Zeen huet si fir en normale Galerist ganz schwéier bis onméiglech ze kréien. A well hie selwer laang Joren duerch d‘Ausland gereest ass a gemoolt huet, huet hie meeschtens e ganz aussergewéinleche Lien zu den Artisten a kennt hir Aarbecht säit dem Ursprong. Ech si ganz gespaant wéi et sech wäert entwéckelen, well de Sumo sech och elo säit Enn Dezember säin Atelier an d‘Gallery 1:1 installéiert. Hien sot mir vun Ufank un, et soll keng Galerie gi wéi eng aner.

Wat fir eng Konscht fanne mir an denger Galerie?

SUMO:
Mäin Ziel ass et Artisten ze presentéieren déi hir Wuerzelen am Graffiti hunn, woubäi et net onbedéngt an hirer Konscht ze erkennen ass. Et si Kënschtler déi d‘Zeen markéiert hunn an déi d’Generatioun déi haut ’Streetart’ mécht influenzéiert hunn. Dat kann an all Richtunge goen: Fotografie, Installatiounen, Molerei, a ville méi. Dat wat een eraus spiert ass eng aner Approche, Technik oder Philosophie.

Wat mécht 1:1 Galerie esou eenzegaarteg?

SUMO:
Et ass déi eenzeg Galerie déi Urban Art presentéiert. Ausserdeem soll et en Uert gi wou sech eng Community kann erëmfannen déi sech fir dës Konschtformen interesséiert a well austauschen.

Jiddwereen ass wëllkomm a brauch keng Angscht ze hu fir eranzekommen, ze genéissen an ze entdecken. Hei muss een näischt kafen, mee fir Fans soll an Zukunft fir all Budget eppes ze kréie sinn.

En Interview vum Marc Wilgé

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.