Mäi Knéi deet wéi!

Wéi ech mech drop virbereet hunn, en Artikel iwwer de Mënsch hanner dem Dausendsassa Fausti ze schreiwen, hunn ech him telefonéiert, fir kënnen e bësse mat him iwwer säi Liewen ze poteren. Als Äntwert krut ech gesot „Mäi Knéi deet mir esou wéi, vill méi wéi däin“, grad wéi op senger leschter CD, déi och e puer aner musikalesch Facettë vum Fausti un d’Luucht bruecht huet.

An der Eecher Klinick hunn ech hien du fonnt, mäin ale Frënd Faustino Cima, dee grad mam lénke Knéi operéiert gi war (ech kann nach iwwerhaapt net drop stoen…) a mir Ried an Äntwert gestan huet iwwer seng Persoun. Et ass eigentlech bal onméiglech, d’Musek aus dem Spill ze loossen, wann een iwwer dem Fausti säi Liewe schreift, well hien ass och nach haut mat Leif a Séil derbäi, och wann hien am Broschttoun vun der Iwwerzeegung gemengt huet, et wier elo definitiv Schluss domat, dat awer schonn e puer Sätz méi spéit erëm relativéiert huet. E puer Sätz, dat heescht beim Fausti nëmmen e puer Sekonnen, well och nach haut schwätzt hie wéi e Waasserfall, kënnt vun Hippches op Haapches, ass nach ëmmer begeeschtert vun allem an huet mat sengen 78 Joer einfach keng Rou am Leif. Hie schwätzt ouni Punkt an ouni Komma, vun der Rockefeller Dynastie, déi hien immens interesséiert, vun der Rothschild-Famill a vun den Illuminati, a mir fält et scho bal schwéier, do iwwerhaapt nach matzekommen. Iwwerdeems ësst hien en Hamburger am Bett, léisst sech de Bluttzockerwäert moossen a reegt sech op, well deen nom Jugurt erëm an d’Luucht gaangen ass.

Hie wunnt nach ëmmer zu Réiden op der Atert, wann hien net grad op Teneriffa ass, wou hien sech ronn sechsmol d’Joer d’Sonn fir e puer Wochen op de Pelz brenne léisst. No engem gesondheetleche Réckschlag dat lescht Joer ass et fir de Fausti wichteg, méi lues ze trëppelen, zemools wou hie kuerz drop leider och nach seng Fra Alice verluer huet (ech war de Chef doheem, d’Alice sot ëmmer zu mir: Fausti, schäff emol d’Zopp eraus).

An zu Réiden geet och déi Geschicht vum Mënsch hanner dem Fausti lass, well do huet hie jorelaang probéiert, a senger Garage e richtege Fliger zesummenzebauen, e „Cricri“ – dee klengste Bimoteur vun der Welt – vun deem hien d’Konstruktiounspläng an den „Droit de construire“ zu Paräis kaaft hat; d’Stécker leien haut nach do, well de Fliger ni fäerdeg ginn ass. De Fausti war zu där Zäit (an och nach haut) begeeschtert vun der Aviatioun, war mat sengem Frënd an Instrukter, dem Trompettist Jos Schockmel, am Aérosport an ass do 21 Joer laang hott an har geflunn. Ech erënnere mech haut nach drun, datt iergendwann zu där Zäit eng Kéier mäin Telefon gerabbelt huet an de Fausti dru war: „Sully, komm direkt op de Fluchhafen, et ass esou schéi Wieder, komm mir fléien op Léck eng Taass Kaffi drénken!“… wat mir dunn och gemaach hunn. Stonnelaang konnt de Fausti vun dëser Passioun iwwer de Wolleke verzielen, an och mam wéie Knéi riet hien sech erëm direkt an den Äifer.

Als Schauspiller hat hien eng sëllegen Erfolleger an Däitschland, wou hie vill mam Frank Elstner, mam Jochen Pützenbacher a mam Charly Hornemann ënnerwee war, zemools an de Joren 1970-1974. Eng Haaptroll an der Kultserie „Der Kommissar“ mam Eric Ode oder an der Serie „Sonne, Wein und harte Nüsse“. Well awer d’Musek him schonn zanter dem Alter vun 13 Joer am Blutt louch, huet hien du léiwer dës Richtung ageschloen, och well et hei net esou vill Komplikatioune gi sinn, fir d’Famill ze suergen. Aus dëser Zäit staamt iwwregens och eng lëschteg Anekdot, wéi den Howard Carpendale am Fausti sengem Auto de Scheck vu senger Gage verluer hat. Nodeems de Fausti him dee Scheck zeréckginn huet, war den Howard esou frou, datt hien him den Deel-Playback vu sengem Titel „Das schöne Mädchen von Seite 1“ iwwerlooss huet, wouraus de Fausti dunn „Das arme Mädchen von Seite 1“ gemaach huet an domat gradesou an der Hitparad konnt lande wéi mat senger Versioun vum „Pretty Belinda“ oder och nach mat „Popcorn“, fir nëmmen e puer Beispiller aus senger Erfollegsstory ze nennen (woumat mir awer elo schonn erëm bei der Musek gelant sinn, déi am Uschloss och zu Lëtzebuerg sollt säin Haapttheema bleiwen. Säi „Gigi l’Amoroso“ zesumme mam Dalida ass iwweregens entstanen, wéi mäin Technikerkolleeg Norbert Eicher einfach de Mikro opgemaach huet, wéi de Fausti am RTL-Studio seng haut nach bekannten a beléifte Versioun improviséiert huet.

Hei am Land war de Fausti och scho fréi bekannt, awer vläicht déi mannste Leit wësse wuel, datt hie beim Udo Jürgens sengem Eurovisiounstitel „Merci Chérie“ op der Batterie souz. Hien huet nom Ophuele vu sengen éischte Lëtzebuerger Placken (mam Jang Linster, deem hien iwwregens säi ganzt Musekerliewen, also 30 Joer, trei bliwwen ass, schreif dat roueg!) zäitweis als Büroshëllef an enger Fiduciaire geschafft an och am Cactus zu Réiden als Chef de rayon Fruits et Légumes, mee säi Liewen huet nach ëmmer der Musek gehéiert, an dat wäert och wuel och ëmmer esou bleiwen, och mat engem wéie Knéi!

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.