„Wir hatten früher dafür immer einen Bengel“ – spéitstens no dësem Sproch an der däitscher Fernseekachsendung „Lafer!Lichter!Lecker“ um ZDF huet sech eisen Ausseminister en Numm am däitsche Raum gemaach, och ofsäits vun der Politik. Opgefall, muss een hei soen, ass de Jang Asselborn virun allem duerch seng eege verdäitschten Aussoen, ewéi „das sieht aus als wäre da die Lepra drin“ (der Teig ist keine homogene Masse) oder „deine Waffel ist anders geraddert“ (deine Waffel hat ein anderes Muster). Och wann dat elo ewéi en negatiivt Bild wierkt, huet et sech positiv op säi Bekanntheetsgrad ausgewierkt an esou kënnt hien och bei ville Leit immens sympathesch a mënschlech eriwwer. Mee wie stécht eigentlech hannert dem Numm?


Ugefaangen huet dem Jang Asselborn seng Geschicht mëttwochs, de 27. Abrëll 1949, wéi hien zu Stengefort gebuer gouf. Mat 18 huet hien d‘Schoul verlooss an ass an e Labo vun der Firma Uniroyal (haut Textilcord) zu Stengefort schaffe gaang. Zur gläicher Zäit huet hien sech aktiv an der Gewerkschaftsbeweegung engagéiert an ass de Virsëtzende vun der Jugendsektioun vum deemolege Lëtzebuerger Aarbechterverband (haut ënner dem Numm OGBL bekannt) ginn. 1968 huet den Här Asselborn e Beamteposte bei der Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg ugeholl, fir dunn, e knappt Joer méi spéit, vun der Stad op Stengefort ze wiesselen. Seng Première, also säi Schoulofschloss, huet hien 1976 nogeholl an ass doropshi Verwaltungschef vum Spidol zu Stengefort, dem Hôpital interkommunal de Steinfort, ginn. Säit 1972 ass hie Member bei der LSAP an ass 1984 déi éischt Kéier als Kandidat vum Bezierk Süden an d‘Chamber gewielt ginn. Vun 1982 u war hie kee Beamte méi, mee de Buergermeeschter vun der Gemeng. Säit 2004 ass de Jang Asselborn elo Ausseminister vu Lëtzebuerg. Hie feiert also dëst Joer seng 15 Joer an dësem Amt. Hien ass domadder zur Zäit den déngschteelsten Ausseminister vun Europa, deen nach am Amt ass.


Als Ausseminister setzt hie sech selbstverständlech europa- a weltwäit fir d’Interesse vun eisem Land an, mee awer och fir méi Mënschlechkeet an der Politik an op der Welt. Doniewent huet hien awer och seng Passioun fir de Vëlo. Schonn als Kand war hien e Vëlosfuerer mat Leif a Séil. Zu Stengefort huet en och den een oder anere fonnt, deen an den 80er Joren no der Schaff mat him en Tour fuere gaang ass. Ufangs hat hien nach e klassesche Vëlo mat engem schwéiere Kader a breede Pneuen. Seng Tier, déi e reegelméisseg gemaach huet, sinn ëmmer méi zu senger Passioun ginn, an et gouf sech och schnell en anstännege Vëlo zougeluecht. Iergendwann an de folgende Joren huet hien sech dozou entscheet, säin Tour auszebauen. Mee als vill beschäftegte Politiker a Familljepapp vun 2 Meedercher ass him net méi Zäit bliwwen, fir reegelméisseg Vëlo ze fueren, ausser nach doheem um stationäre Vëlo. Eemol am Joer gënnt hien sech eng Vakanz, meeschtens Südfrankräich, mat der ganzer Famill, fir erëm déi néideg Energie opzetanken an sech ze erhuelen. Do ass em eng Iddi komm, wéi hien seng Passioun a säi Liewe kéint verbannen; hie fiert mam Vëlo an d‘Vakanz!


Alljoers plangt hien 10 Deeg eleng fir den Hiwee a verännert seng Route ëmmer liicht fir aner kleng Uertschafte kënne kennenzeléieren. Säitdeem de Jang Asselborn an de soziale Medien ënnerwee ass, fënnt een Entdeckungen, Erfarungen oder interessant Nouvellë vun där Rees all Joer op Facebook. Mat Anekdote vun Awunner a Fotoe kann een esou e flotten Abléck a seng kleng järlech Aventure kréien. Viru kuerzem krut eisen nationale Jang siwwenzeg Joer. Merde alors, mir wënschen him nodréiglech alles Guddes an hoffen, datt hien nach laang ka mam Vëlo ënnerwee sinn!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.