Laurent Carnol

Foto: © Majerus Lou

Just keep swimming, just keep swimming, just keep swimming… heescht et am dräi-D animéierte Film Finding Nemo vu Pixar. A genau dat huet de Lëtzebuerger Laurent Carnol sech eng laang Zäit zu Häerze geholl, an dat mat Erfolleg.

Ugefaang huet déi impressionnant Karriär am Baseng zu Réiden. U sech wollte seng Eltere just, datt hie léiert schwammen, mee séier huet sech erausgestallt, datt de Laurent méi séier war wéi de Rescht vun de Kanner am Waasser, an dobäi och nach richteg Spaass hat. Sou war et ze schued, fir mam Schwammen opzehalen an dem Laurent seng Elteren hunn hien an de Réidener Schwammclub geschéckt. Déi nächst Joren huet de Laurent vill Coursse gewonnen a seng Technik an esou mat seng Zäit verbessert. Dëst huet virun allem gutt a senger Paradedisziplin, dem Broschtschwammen, funktionéiert. Hei klappt de Laurent iwwer Joren ee Rekord nom aneren a bréngt et 2008, am Alter vun 18 Joer, dann och fäerdeg, sech fir d‘Olympesch Spiller zu Peking ze qualifizéieren. Deemools huet hien déi 40. vun 52 Plazen erreecht, a seng eege Beschtzäit ëm eng an eng hallef Sekonn zu Peking geklappt. Dëst war fir déi éischt Olympesch Spiller e ganz gutt Resultat. Et sollt awer just den Ufank sinn.

Ofzeeche: Spiller vun de XXXI. Olympiad zu Rio, 2016

An de folgende Joren huet de Schwëmmer opgedréint a weider Rekorder geknackt, oft waren dës seng eegen.

2010 huet hien d‘Plaze 4 a 5 bei den Europameeschterschafte geholl an 2013 als éischte Lëtzebuerger d‘Halleffinall vun enger Weltmeeschterschaft. Den Héichpunkt vu senger Karriär huet dann awer 2012 zu London op sengen zweeten Olympesche Spiller stattfonnt. Hei huet hien, d‘selwecht wéi bei der Weltmeeschterschaft, och als éischte Lëtzebuerger eng Halleffinall vum Schwammen erreecht. Duerch säi staarkt Resultat gouf him d‘Éier zudeel, de lëtzebuergesche Fändel bei der Ofschlosszeremonie ze droen. Dëst ass e Moment, deen net vill Sportler erliewen däerfen. Domat war et awer net genuch.

De Laurent gouf am selwechte Joer, als zweete Préizerdauler, nom Néckel Koob, als „Lëtzebuerger Sportler vum Joer“ gekréint an huet sech domat géint Ikone wéi den Triathlet Dirk Bockel, de Vëlosfuerer Bob Jungels an den Tennisspiller Gilles Müller duerchgesat.

Wärend dëser Zäit huet de Schwëmmer 30 Stonnen d‘Woch am Waasser verbruecht. Woumat déi meescht Leit scho genuch gehat hätten, goung dem Laurent awer net duer. Sou huet hien op der Universitéit zu Loughborough säi Masterstudium an der Chimie gemaach. D‘Universitéit war natierlech net per Zoufall erausgesicht, mee dës englesch Universitéit, no bei Leicester, ass bekannt dofir, fir Sport a Studien optimal ënner een Hutt ze kréien. 2015 schléisst hien do seng Studien dann och of a kann sech ab deem Moment nach emol voll op d‘Schwamme konzentréieren.

Am selwechte Joer raumt hien an Island op de „Spiller vun de klenge Länner“ ganzer 6 Goldmedailen of, deelweis och mat sengen Teamkolleeg Raphaël Stacchiotti a Jean-François Schneiders an der Staffel.

Beschte Sportler 2012, Sportspress

17. Spiller vun de klenge Länner, San Marino 2017

Spiller vun der 31. Olympiad, Rio 2016

16. Spiller vun de klenge Länner, Island 2015

14. Spiller vun de klenge Länner, Liechtenstein 2011

Open EDF de natation 2010 „Électricité de France SA et la Fédération française de natation“

Spiller vun der 29. Olympiad, Beijing 2008

Trotz der verpasster Halleffinall zu Kazan si seng Leeschtungen erëm duergaang, fir sech fir seng drëtt Olympesch Spiller zu Rio ze qualifizéieren. Hei huet et mat 12/100 just net geklappt, fir säi perséinleche Rekord ze briechen, an trotzdeem ass de Schwëmmer eng Joresbeschtzäit zu Rio geschwomm an huet domat déi 27. Plaz beluecht.

De 26. Juli 2017 war et dann esouwäit. De Laurent Carnol schwëmmt seng lescht Course zu Budapest, wou hien 2010 bei den Europameeschterschaften eng vu senge beschten internationale Coursse geschwomm war an domat d‘Plaz 5 erreecht hat.

Mat 27 Joer a villen onvergiessleche Momenter an Erliefnesser geet et also an d‘Pensioun… allzäit wat de Schwammsport ugeet. Sou fänkt déi berufflech Karriär elo eréischt un.

Do kann de Laurent, trotz ofgeschlossenem Chimiestudium, net ganz vum Sport loossen. No engem kuerze Joer als Chargé am Sportslycée huet hien och Coursen op der Lunex Universitéit zu Déifferdeng ginn, där hire Fokus haaptsächlech am Beräich vu Gesondheet, Sport, Präventioun an Therapie läit. De Laurent huet an dëst Konzept virun allem gutt eragepasst, well hien sech mat de Schwieregkeete vun der sougenannter „Dualer Karriär“ beschtens auskennt. Dëst ass och op der Lunex Universitéit eng omnipresent Thematik, well hei och beschtméiglecht versicht gëtt, Sport a Studium ënner een Hutt ze kréien. Dëse Sujet sollt dann och déi weider berufflech Lafbunn prägen. Sou gouf de „Luxembourg Institute for High Performance in Sport“ an d‘Liewe geruff, wou de Laurent d‘Koordinatioun iwwerholl huet. Mat dësem Institut sollen d‘Konditioune fir déi bescht Sportler vum Land sou optimal wei méiglech gestallt ginn. Mat dëser Aarbecht ginn dann och Medailen op deenen nächsten Olympesche Spiller ugestrieft.

Wéi ee gesäit, koum den Delfin, wéi de Schwëmmer ëmmer genannt gouf, zwar aus dem Waasser, mee d‘Fanger vum Sport kann hien awer net loossen.

Foto: © Majerus Lou

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.