Wann den Alldag Konscht ass

Laang ass et geplangt ginn, elo ass et sou wäit: Esch an d’Gemenge ronderëm – op Lëtzebuerger a franséischer Säit – sinn zesummen europäesch Kulturhaaptstad. Wat gesäit een elo schonn alles vun Esch2022?
Ëmmer nees zu neiem Liewen erwächt

Si waren 2007 den Epizentrum vun der deemoleger europäescher Kulturhaaptstad. Net nëmmen d’Ouverture vun dësem Event huet do stattfonnt, mee och ganz vill kulturell Veranstaltungen: Rieds geet vun de Rotonden zu Bouneweg, déi schonn eng laang an och facettëräich Geschicht hunn.
E Piano op Reesen

Mat engem Hocker, engem Filmteam an engem Pianostéck reest den David Ianni vun enger Kulturhaaptstad an déi aner, fir engem breede Publikum (seng) Musek zougänglech ze maachen. D’Revue huet de Lëtzebuerger Pianist a Komponist zu Schëffleng getraff.
Hariko, fräien Zougang zur Konscht fir Jugendlecher

D’Zil vum Projet Hariko, dee vum Lëtzebuerger Roude Kräiz bedriwwe gëtt, ass et, Jonker fir Konscht ze begeeschteren an hinnen en einfachen a fräien Zougang zu dëser ze erméiglechen. De Startschoss vum Projet war am Joer 2015 zu Bouneweg. Den Numm Hariko, deen de Konschtprojet sech ginn huet, ass eng Allusioun op den Numm vum Quartier „Boun“.
Jakobsmuschelen mat Mandelen garnéiert

E Rezept fir véier Leit fir nozekachen: Jakobsmuschelen mat Mandelen garnéiert
En Héichuewen als Noper

Och wann déi 124 Hektar Land, ëm déi et hei geet, net all op dem Territoire vun der Gemeng Esch-Uelzecht leien, sou schwätzt dach bal jidderee vun Esch-Belval, wann et ëm dee Chantier geet, deen europawäit ënner den 10 éischte läit, wat d’Gréisst an d’Wichtegkeet ubelaangt. Deen erwäänten Terrain tëschent Esch a Bieles (Gemeng Suessem) huet eng Geschicht, op déi et derwäert ass, anzegoen.
Mär si Minettsdäpp!

Et ass beandrockend, datt eist Ländchen esou vill verschidden Dialekter opweises huet. Fënnef verschidden Dialektregioune kann een ausmaachen, déi no geografesche Krittäre getrennt sinn. Do gëtt et, vun Norden no Süde sortéiert, fir d’éischt emol am Norden den Éisleker Knëppel, dann am Westen di Réidener, am Osten di Eechternoacher mat hirem „Brostloapseekelchen“ an déi Réimecher (basch de, housch de, musch de), derno dann de Stater Hary mat sengem Héichlëtzebuergeschen an zu gudder Lescht dann de Minettsdapp an ëm dee soll et hei besonnesch goen.
De Fitnessberäich: Nach e laange Wee fir zeréck an d’Normalitéit

„Ech muss méi Sport maachen.“ Dëse Saz héiert ee bestëmmt bei enger Majoritéit vun de Leit als Virsaz fir dat neit Joer. E gudde Wee, fir datt dëse Wonsch Realitéit gëtt, ass, sech zum Beispill an engem Fitnessstudio anzeschreiwen. An dëser Corona-Zäit hunn d’Fitnesszenteren awer mat sou muenchen Defien ze kämpfen, wéi eis de Charel Trierweiler, President vun der Lëtzebuerger Fitnessfederatioun FLD, erkläert. Wéi eng dat sinn a wéi sech d’Studioen an der Lescht entwéckelt hunn, gi mir an de follgenden Zeile gewuer.
Lët’z rock

1995 war et, wéi d’Rockband Rolling Stones ronderëm de Mick Jagger de Kierchbierg un d’Ziddere bruecht huet. Zwee Joer méi spéit war et dunn de Michael Jackson, deen de Lëtzebuerger Publikum mat sengem legendäre Moonwalk, trotz staarkem Reen, um Krakelshaff zu Beetebuerg begeeschtert huet. Bei esou munchem Star hannerléisst eist Ländchen e bleiwenden Androck.
Melusina

D‘Geschicht ronderëm d‘Léift tëschent dem Grof Siggi an dem Melusina ass ee vun de Mythen ronderëm d‘Urspréng vun eisem klenge Ländchen. Si huet esou muencher Kënschtler am Ausland, awer och hei am Land inspiréiert an huet esou guer e franséische Pendant! D‘Legend vum Melusina erzielt datt de Grof Siggi e gudde Jeeër war. Enges Dages […]