Eppes sief direkt kloergestallt: De Fitness vun haut huet näischt méi mat deem vu fréier ze dinn. Si virun enger gudder Zäitchen nëmme Leit, „déi en décke Bizeps haten“, wéi de Charel Trierweiler se nennt, an eng „Muckibude“ gaangen, gesäit een elo e vill méi diversifiéierte Publikum, dee sech an de Fitnesszenteren erëmdreift. „Et ass e Sport fir jiddweree ginn, well e vill méi gesondheetsorientéiert praktizéiert gëtt. Fitness besteet definitiv net méi just aus Bodybuilding, deen nach just vun enger klenger Nisch vu Leit ausgeüübt gëtt“, erkläert de Fitnesscoach. All Altersgruppe si mëttlerweil vertrueden. Vu Jonk bis Al: Jiddweree versicht, eppes Guddes fir säi Kierper ze maachen. „Mir hu Memberen, déi sinn eréischt 15 Joer al. Mee et gesäit een awer och ëmmer erëm, datt Leit ëm déi 80 Joer reegelméisseg e Fitnessstudio besiche kommen“, seet hien. Déi meescht vun hinnen hunn definitiv net als Zil, fir un der Ästheetik vun hirem Kierper ze schaffen. Et geet hinnen dorëms, fir fit ze bleiwen an eppes Guddes fir hir Gesondheet ze maachen. En aneren Undriff, deen elo leider ënner Corona ze leiden huet, ass, dee soziale Kontakt mat anere Sportskolleegen ze hunn. „Dat motivéiert och vill Leit, Fitness ze bedreiwen“, sou de Charel Trierweiler.
Wann een e wéineg zeréck an d’Geschicht wulle geet, da fënnt een eraus, datt de ganze Fitnesssecteur e reegelrechte Boom mam Bodybuilding an den 1980er- an 1990er-Jore kannt huet. Derno ass alles méi an d’Richtung vu Kollektivcoursë gaangen. Bodypump, Spinning, Zumba an nach vill aner Fitnessrichtunge sinn du ganz a Moud komm. Mëttlerweil mécht sech awer nees en neien Trend an dësem Sportsmilieu bemierkbar. D’Coronasituatioun spillt dobäi och eng Roll, obwuel sech dës Ännerung och scho virun der Pandemie verbreet huet. Den Zäitdrock, mat deem sech vill Leit auserneesetze mussen, huet d’Dauer vum Openthalt geännert. „D’Leit sinn net méi bereet, fir zwou oder dräi Stonnen an de Fitness ze kommen. Oft huele si sech just eng Stonn Zäit, fir an de Fitness ze goen“, erkläert de Charel Trierweiler d’Situatioun. Dofir gi vill Clienten op de Wee vun engem High-Intensity-Training. Mat dëser Manéier kënne si op eng kuerz Dauer de Maximum vun deem erreechen, wat si sech virgeholl hunn.
A Corona-Zäiten ass awer och den Training an den eegene véier Wänn ëmmer méi beléift ginn. Dëst ass virun allem doduerch ze erklären, datt déi ëmmer erëm nei Restriktiounen et de Leit méi schwéier maachen, de Wee an de Fitnessstudio ze fannen. „D’Mesuren änneren oft a mir mussen ëmmer nees nei Léisunge fannen“, seet de Charel Trierweiler. D’Fitnesszenteren hei am Land hu sech mëttlerweil der Situatioun ugepasst, sou datt si hire Clientë weiderhin dee beschtméigleche Service an iergendenger Form ubidde kënnen. Oft offréiere si Online-Coursen, wou d’Leit sech bäischalten an d’Instruktioune vum Coach ëmsetze kënnen. Weider goufen awer och Konzepter ausgeschafft, déi de Fitnesstrainer ersetzen. Duerch Algorithme gëtt erausfonnt, wat de Level vun der jeeweileger Persoun ass. D’Geräter passe sech dann automatesch dësem un. „Dat geet alles a méi eng modern Richtung. Lëtzebuerg ass nach net wierklech an dëser Phas ukomm, mee dat wäert d’Zukunft sinn“, ass sech de President vun der FLD sécher.
Trotz all dësen Ustrengungen huet de ganze Secteur awer 40 Prozent vu sengen Abonnementer verluer. „Dat ass eng enorm Zomm. Et gëtt kee Fitnesszenter, deen an dëser Zäit net rout Zuele schreift“, nennt de Proprietär vun engem eegene Fitnessstudio d’Fakten. Dëse Verloscht vun den Abonnementer ass duerch verschidde Facteuren ze erklären. Ee Grond besteet sécherlech doran, datt d’Leit sech nei Alternative gesicht hunn, fir hire Kierper a Form ze halen. Si hu sech zum Beispill e klenge Fitnessstudio doheem ageriicht oder hu baussen am Bësch oder am Park op de Geräter trainéiert. Verschidde Persounen hunn an der Tëschenzäit awer och einfach eng ganz nei Passioun fir sech entdeckt, andeem se elo méi oft lafen oder Vëlo fuere ginn. Dëst sinn awer net déi eenzeg Beispiller, déi dësem Milieu ze schafe maachen. Den Teletravail huet och e groussen Impakt dorop, datt d’Zuelen erofgaange sinn. „Vill vun eise Clientë schaffen zu Lëtzebuerg, mee si wunnen net hei am Land. Wa se also vun doheem aus schaffen, beweege se sech och net op Lëtzebuerg, wat derzou féiert, datt se och net de Wee an eis Studioe fannen“, erkläert de Charel Trierweiler. Op där anerer Säit däerf een net vergiessen, datt déi verschidde Mesuren (2G-Reegel) vun der Regierung och hiert derzou bäidroen, datt d’Situatioun sech an dësem Domän net grad verbessert.
Eppes, wat sech awer – deels gezwongen – zum Gudden entwéckelt huet, ass, datt d’Kommunikatioun sech tëschent den eenzele Fitnessstudioe geännert huet. „Et gëtt sech vill méi ënnerteneen ausgetosch, wéi dat viru Corona de Fall war. E Konkurrenzdenke gëtt et net“, bestätegt de Charel Trierweiler. Ee Grond ass déi prekär – virun allem finanziell – Situatioun an dësem Secteur. Et sicht een zesummen no Léisungen, wéi een am beschten iwwer d’Ronne komme kann. De Charel Trierweiler huet dunn am Dezember 2020 d’Initiativ ergraff, fir jiddereen, deen an dësem Beräich schafft, mat an d’Bot ze huelen an eng Federatioun ze grënnen, sou datt een och um politeschen Niveau méi Gewiicht an Opmierksamkeet kritt. „Ganz am Ufank huet jiddweree vum Horeca geschwat, mee mir sinn och ënner déi Vulnerabel gefall. Fir eise Secteur war awer zu deem Zäitpunkt kee Ministère richteg zoustänneg“, erënnert hie sech. D’Problematik besteet doranner, datt d’Fitnesszentere mat Abonnementer funktionéieren. Am Verglach mat de Restaurante kënne si net op vill aner Alternative wéi den Online-Coaching zeréckgräifen, wa se zoumaachen oder méi kuerz triede mussen. Et ass also fir si méi schwéier, de selwechte Service fir hir Clientèle ubidden ze kënnen. „Et wäert warscheinlech nees Joren daueren, bis bei eis – wann iwwerhaapt – d’Normalitéit antriede wäert. Deejéinegen, deen net déi néideg Reserven opweises huet, kënnt an dësen Zäiten net méi iwwer d’Ronnen“, erkläert de lëtzebuergeschen Entreprener.
Trotz alle Komplikatioune bleift de Charel Trierweiler fir d’Zukunft awer optimistesch, obwuel hien och weess, datt et keng kuerzfristeg Léisung dofir gëtt. „Ech gleewe weiderhin un eise Produit“, seet hien. Fir déi no Zukunft hofft hien awer och, datt e Meenungswiessel an der Politik stattfanne wäert. „Eigentlech si mir (d’Fitnessbranche) en Deel vun der Léisung. Jiddweree weess, datt de Sport d’Immunsystem stäerkt. Wa mir alleguer aktiv an dëser Pandemie gewiescht wieren, da wiere mir menger Meenung no och besser derduerchkomm. Eise Secteur ass als e wichtege Pilier an der Preventioun unzegesinn. Dofir musse mir kucken, datt mir den Trend gestoppt kréien, datt eis Gesellschaft ëmmer méi inaktiv gëtt. Soss lafe mer Gefor, datt mer nach laang domat geplot sinn“, seet de Fitnesscoach. Et bleift also ofzewaarden, ob dem Charel Trierweiler säi Wonsch an deenen nächste Méint Gehéier fënnt.
En Artikel vum Laurent Neiertz