Lët’z rock

1995 war et, wéi d’Rockband Rolling Stones ronderëm de Mick Jagger de Kierchbierg un d’Ziddere bruecht huet. Zwee Joer méi spéit war et dunn de Michael Jackson, deen de Lëtzebuerger Publikum mat sengem legendäre Moonwalk, trotz staarkem Reen, um Krakelshaff zu Beetebuerg begeeschtert huet.

Rod Stewart, James Brown, Mike Oldfield, Scorpions oder Udo Lindenberg, all haten se laang virum Jackson an de Stones de Wee op Lëtzebuerg fonnt. Och de Ray Charles an déi dräi Texaner mat de markante Bäert vu ZZ Top. Deemools huet sech nach villes am Süde vum Land ofgespillt. De Roland Nilles huet zu där Zäit zu Uewerkuer de Rainbow Club bedriwwen an huet mat senger Concertsagence Kultopolis esou muncher Sänger oder Museksgrupp op Lëtzebuerg oder an d’Groussregioun bruecht.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

A bei esou munchem Star hannerléisst eist Ländchen e bleiwenden Androck. 1982 trëtt déi deemools nach zimmlech onbekannte Grupp Depeche Mode am Rainbow Club op. Nom Concert huet sech hiren Openthalt an eisem Ländchen ëm e puer Deeg verlängert, well de Bus vun der Band net méi wollt. An deenen Deeg entstoung den instrumentale Song Oberkorn (It’s a Small Town). An och déi däitsch Rockband Scorpions huet e spezielle Lien zu eisem klenge Land. Laang huet de Roland Nilles och si gemanaget an si op enger Hellewull vu Bünen an der Groussregioun rocke gelooss. Dofir war et fir de Gittarist Rudolf Schenker och nëmme logesch, datt de leschte Concert vun der Band den 21. November 2010 zu Lëtzebuerg an der Rockhal sollt gespillt ginn. An awer war derno nach net Schluss, well d’Scorpions sinn zeréckkomm, op d’Bün an och ëmmer erëm op Lëtzebuerg, well och de fofzegste Gebuertsdag am Joer 2016 hu si zu Lëtzebuerg an der Rockhal gefeiert.

Datt Lëtzebuerg eng Concertshal huet mussen hunn, dat war esou muncherengem schonn Enn den 80er-Jore bewosst. Eng Rei vu Joren huet de Laurent Loschetter drëms gekämpft, fir um Site vum Schluechthaus zu Hollerech eng Rock-Pop-Indie-Concertshal op d’Been ze stellen. Dozou sollt et awer ni kommen. Bis 1995 sollt et dunn daueren, bis an der Hollerecher Strooss den Atelier seng Dieren opgemaacht huet. An enger aler Autosgarage war domat Mëtt den 90er net nëmmen eng kleng Concertshal fir ronn 1.000 Leit entstanen, mee och e Club fir ze feieren, deen iwwer Jore fir seng Studentepartye bekannt war. An trotz datt den Atelier nëmmen 1.000 Leit Plaz bitt, kritt seng Ekipp ëmmer erëm och grouss Museker derzou iwwerriet, am klengen intime Kader vum Atelier opzetrieden. Ob Jimmy Sommerville, K’S Choice, Liquido, Placebo, Mike and the Mechanics, Levellers, Simply Red, Megadeth oder Rammstein, si all haten hiren Tourbus schonn emol an der Hollerecher Strooss hallef um Trottoir virum Atelier geparkt.

Fotoen: © Claude Piscitelli

Ënner dem Numm Établissement public Centre de Musiques Amplifiées gouf dunn Ufank den 2000er e Projet fir eng grouss Concertshal an Ugrëff geholl. Um Ufank war vill Gedäisch ëm de Projet an esou muncher Besëtzer vun enger klenger Concertshal ass géint de Projet Amok gelaf.

Bis 2005 sollt et dunn awer nach daueren, bis déi sougenannte Rockhal hir Dieren op den alen Industriefrichë vun Esch-Belval, mat engem Gratisconcert vun der Grupp The Prodigy opmaache sollt.

De Jurist Olivier Toth hat vun Ufank un d’Zigele vun der Rockhal am Grapp. Am Ufank war et net immens einfach fir hien an seng Ekipp. Negativ Schlagzeilen an esou munches, wat net esou klappe sollt ewéi geplangt. Mee an der Rockhal ass ëmmer probéiert ginn, dat bescht aus all Situatioun ze maachen. 2005 waren d’Infrastrukturen um Belval nach bei Wäitem net esou ausgebaut ewéi haut. Esou huet d’Ekipp vun der Rockhal zum Beispill fir d’éischt emol e provisoresche Parking mussen amenagéieren an sech selwer ëm e Busservice këmmeren. An och aus dëser Situatioun ass eppes enstan, wat fir déi Responsabel vun der Rockhal ganz normal ass. De Concert soll net eréischt virun der Dier vun der Hal ufänken, mee scho wäit virdrun. Sou ass et haut normal, datt bei all Concertsticket e Busticket mat abegraff ass.

Video: © Rockhal

Haut bitt d’Rockhal méi ewéi nëmmen e Concertssall fir bis zu 6.500 Leit. De Rocklab bitt lokale Gruppen d’Méiglechkeet, an engem professionellen Ëmfeld ze prouwen a professionell Ënnerstëtzung an den Knowhow vun de Spezialiste vun der Rockhal ze kréien. Och a Workshoppen oder Ronndëschgespréicher gëtt Wësse vermëttelt. Niewent dem Rocklab fënnt een net manner ewéi sechs Raim fir ze prouwen, en Tounstudio, en Danzraum an en Dokumentatiounszentrum. Am klenge Sall, dee Club heescht a Plaz fir 1.200 Leit bitt, gi reegelméisseg kleng Concerte mat lokale Bands oder Sänger organiséiert an am Rockcafé fënnt een niewent gudder Musek ëmmer e gudde Maufel an e klenge Patt an enger sympathescher Ambiance.

Alicia Keys, Pink, The Pet Shop Boys, Bruno Mars, A-ha, Volbeat an nach vill aner Kënschtler hunn sech zu Esch-Belval an der Avenue du Rock’n’Roll de Mikro schonn an de Grapp ginn. An Zukunft sollen awer net nëmme Concerten ugebuede ginn, mee och Evenementer fir déi Kleng an och d’Komiker sollen hir Plaz an der Rockhal fannen.

E Réckbléck op 16 Joer Rockhal beschreift den Olivier Toth mam kuerze Saz: „It’s been an incredible ride!“

Lët’z rock!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.