Jakobsmuschelen mat Mandelen garnéiert

E Rezept fir véier Leit fir nozekachen: Jakobsmuschelen mat Mandelen garnéiert
En Héichuewen als Noper

Och wann déi 124 Hektar Land, ëm déi et hei geet, net all op dem Territoire vun der Gemeng Esch-Uelzecht leien, sou schwätzt dach bal jidderee vun Esch-Belval, wann et ëm dee Chantier geet, deen europawäit ënner den 10 éischte läit, wat d’Gréisst an d’Wichtegkeet ubelaangt. Deen erwäänten Terrain tëschent Esch a Bieles (Gemeng Suessem) huet eng Geschicht, op déi et derwäert ass, anzegoen.
Mär si Minettsdäpp!

Et ass beandrockend, datt eist Ländchen esou vill verschidden Dialekter opweises huet. Fënnef verschidden Dialektregioune kann een ausmaachen, déi no geografesche Krittäre getrennt sinn. Do gëtt et, vun Norden no Süde sortéiert, fir d’éischt emol am Norden den Éisleker Knëppel, dann am Westen di Réidener, am Osten di Eechternoacher mat hirem „Brostloapseekelchen“ an déi Réimecher (basch de, housch de, musch de), derno dann de Stater Hary mat sengem Héichlëtzebuergeschen an zu gudder Lescht dann de Minettsdapp an ëm dee soll et hei besonnesch goen.
De Fitnessberäich: Nach e laange Wee fir zeréck an d’Normalitéit

„Ech muss méi Sport maachen.“ Dëse Saz héiert ee bestëmmt bei enger Majoritéit vun de Leit als Virsaz fir dat neit Joer. E gudde Wee, fir datt dëse Wonsch Realitéit gëtt, ass, sech zum Beispill an engem Fitnessstudio anzeschreiwen. An dëser Corona-Zäit hunn d’Fitnesszenteren awer mat sou muenchen Defien ze kämpfen, wéi eis de Charel Trierweiler, President vun der Lëtzebuerger Fitnessfederatioun FLD, erkläert. Wéi eng dat sinn a wéi sech d’Studioen an der Lescht entwéckelt hunn, gi mir an de follgenden Zeile gewuer.
Lët’z rock

1995 war et, wéi d’Rockband Rolling Stones ronderëm de Mick Jagger de Kierchbierg un d’Ziddere bruecht huet. Zwee Joer méi spéit war et dunn de Michael Jackson, deen de Lëtzebuerger Publikum mat sengem legendäre Moonwalk, trotz staarkem Reen, um Krakelshaff zu Beetebuerg begeeschtert huet. Bei esou munchem Star hannerléisst eist Ländchen e bleiwenden Androck.
Mam Zelt op der Kräizung

Et ginn net nëmmen hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi Leit, déi op der Strooss liewen. Dat selwecht Bild gesi mir och an eisen Nopeschlänner Däitschland, Frankräich an an der Belsch.
LOD.lu, de Lëtzebuerger Online Dictionnaire

Wann ee vun der Lëtzebuerger Sprooch schwätzt, denkt een och schnell un Iech. Wéi gesitt Dir Är Missioun géintiwwer der Sprooch? Den Aarbechtsgrupp vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire hat vun Ufank un d’Missioun, d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut ze dokumentéieren. D’Sprooch vum Alldag ass an engem stännege Wandel, dofir gi quasi all Dag nei Artikele redigéiert, déi […]
National Strategie géint d’Obdachlosegkeet an d’Ausgrenzung um Wunnengsmaart

D’Corinne Cahen bericht eis am Interview iwwer d’National Strategie vun der Lëtzebuerger Regierung géint d’Obdachlosegkeet an d’Ausgrenzung um Wunnengsmaart.
„Centre National de Littérature“ zu Miersch

Foto: Christof Weber (Collection CNL) Am Lëtzebuerger Literaturarchiv zu Miersch fanne Schrëften an aner Elementer vu literareschem Schafen zu Lëtzebuerg en Doheem. Ob Manuskripter, Fotoen, Carte d‘identitéen a Päss, Diplomer, Tagebicher, Notizbicher oder Schreifutensilien. „Curiositas – désir de voir, ou de savoir en général.“ Virwëlz – d‘Loscht dorun, eppes ze gesinn oder eppes ze wëssen. […]
Curling zu Lëtzebuerg

Curling zu Lëtzebuerg? Jo, dat gëtt et! An den Hierscht- a Wanterméint treffe sech am Curling Club Lëtzebuerg zweemol d‘Woch d‘Frënn vun dësem Sport. Am Prinzip ass et en einfacht Spill. Mee d‘Subtilitéit läit am Detail! Dat flottst ass: Jidderee kann ufänken a Spaass hunn.