Och wann déi 124 Hektar Land, ëm déi et hei geet, net all op dem Territoire vun der Gemeng Esch-Uelzecht leien, sou schwätzt dach bal jidderee vun Esch-Belval, wann et ëm dee Chantier geet, deen europawäit ënner den 10 éischte läit, wat d’Gréisst an d’Wichtegkeet ubelaangt.
Deen erwäänten Terrain tëschent Esch a Bieles (Gemeng Suessem) huet eng Geschicht, op déi et derwäert ass, anzegoen. Mir ginn zeréck an d’Joer 1850, wou dat ganzt Areal, iwwer dat mir hei schreiwen, nach en „ Naherholungsgebiet“ war. Deemools goung rieds vum Escher Bësch oder och nach vum Clair-Chêne-Bësch. E puer Joer méi spéit gouf eng Mineralquell um Belval entdeckt. D’Waasser soll, esou steet et geschriwwen, eng heelend Wierkung gehat hunn an ass, a Fläschen agefëllt, net nëmmen hei am Land, mee och an der Belsch an an Holland verkaaft ginn.
Am Joer 1909 gouf den Escher Bësch plattgemaach, fir déi néideg Plaz ze hunn, fir eent vun den deemools modernste Stolwierker opzeriichten. Véier Joer méi spéit sinn um Belval ronn 3.000 Aarbechter gezielt ginn an d’Stolwierk huet an deem Joer 400.000 Tonne Gosseisen, 360.000 Tonne Stol an 297.000 Tonne Walz-Produiten hiergestallt.
Tëschent Mëtt 1965 an Enn 1979 ass d’Stolwierk komplett ëmgebaut ginn. Déi sechs al Héichiewe goufen duerch dräi nei a méi grouss Héichiewen ersat, dëst virun allem, fir eng méi grouss Produktioun kennen ze leeschten. Se hu bis 1993 produzéiert, du koum en Elektrouewen an den Asaz.
Grouss Opreegung gouf et net nëmmen zu Esch, wéi et 1993 geheescht huet, d’Arbed (haut Arcelor-Mittal) hätt ee vun den dräi alen Héichiewen un de chineesesche Stolkonzern Kisko verkaaft. Et wollt een net gleewen, datt e grousst Stéck Industriekultur esou einfach verschwënnt. An awer hunn an de Méint dono 240 chineesesch Aarbechter den 10.000 Tonne schwéieren Héichuewen zerluecht an all Stéck nummeréiert, fir den Uewen zu Kunming an der Provënz Yunnan erëm kënnen opzebauen. Vill Lëtzebuerger Stolaarbechter hu mat enger Tréin am Aen „hirem“ Héichuewe missen Äddi soen.
1997 gouf d’Eiseproduktioun um Belval agestallt an et goufen direkt Iwwerleeunge gefouert, wat mat dem 120 Hektar groussen Areal kéint geschéien. Dräi Joer méi spéit huet de Lëtzebuerger Staat zesumme mat der Arbed d’Entwécklungsgesellschaft Agora gegrënnt. D’Grondiddi war, op den Industriebrooche vum Belval e modernen a liewege Stadquartier ze plangen an ze bauen. Fir den Investitiounsprogramm war de Fonds Belval responsabel. Am Juni 2002 huet awer och schonn e kulturellen Highlight iwwer 10.000 Leit op de Belval gezunn. Am Kader vum éischte Steel Works Festival sinn deemools ënner anerem d’Band Indochine an och d’Nina Hagen opgetrueden.
Weider Projeten
Dono ass et Schlag op Schlag gaangen:
2005 ass d’Rockhal opgaang, déi an der Tëschenzäit wäit iwwer eis Landesgrenzen ewech bekannt ass. Am grousse Sall mat 6.500 Plaze si scho Weltstare wéi d’Nena, den Joe Cocker, d’Scorpions oder Pink, fir nëmmen déi ze nennen, opgetrueden. Derniewent gëtt et och e klenge Sall (de Club) mat 1.200 Plazen, Proufsäll, e Museksarchiv, en Tounstudio, en Danzsall an e Restaurant. Am selwechte Joer koumen och déi éischt Wëssenschaftler op de Belval, dat mat der Ouverture vum Fuerschungszentrum Centre de recherche public Gabriel Lippmann.
D’Diskussiounen ëm den Erhalt oder d’Ofrappe vun der Gebléishal waren 2007 kuerz eriwwer, wéi déi Hal am Kader vum Programm vun der deemoleger europäescher Kulturhaaptstad (Lëtzebuerg an d’Groussregioun) d’Austellung All we need opgeholl huet.
2008 ass de Multifunktiounszenter Belval Plaza 1 mat Wunnengen, Bistroen, Geschäfter, Restauranten an engem grousse Kino mat 1.500 Plazen opgaangen.
2009 gouf mam Bau vun der Maison du Savoir ugefaang, dem zentrale Gebai vun der spéiderer Universitéit.
Am Laf vun de Jore sinn d’House of Biomedecine, e groussen Hotel, den Zentrum Technoport, d’Gebai fir d’Ëmweltverwaltung, d’Wasserwirtschaftsamt, d’Dateschutzkommissioun an de Fonds Belval, d’Universitéitsbibliothéik, eng Gare, Studentewunnengen, den Uni-Campus Belval, de Belval Plaza 2, de Luxembourg Institute of Science and Technology, de Luxembourg Institute of Socio-Economic Research, de Cross-National Data Center in Luxembourg a villes méi derbäikomm.
Och wann den Ufank zimmlech schwéier war an et vill Hin an Hier ëm verschidde Projete ginn ass, sou konnt awer am Laf vun der Zäit Wunnraum fir ronn 5.000 Leit geschafe ginn. 15.000 Leit schaffen, studéieren a fuerschen op deem Areal, dat esou grouss ass wéi 170 Fussballsterrainen.
Ween sech mat der Geschicht an dem Wandel vum Belval méi wëll auserneesetzen, deem kann een nëmme roden, d’Ausstellung Belval & More am Massenoire-Gebai op der Avenue du Rock’n’Roll, vis-à-vis vun der Rockhal um Belval kucken ze goen. Direkt derniewent ass et och méiglech, déi 180 Trape vum fréieren Héichuewen A eropzegoen, fir an der Héicht vu 40 Meter e Bléck iwwer ganz Belval a bis iwwer d’Grenz eraus an d’Frankräich ze werfen.
Och wann an deene leschte Joren immens vill um Belval realiséiert konnt ginn, sou ginn haut nach ëmmer weider Projete geplangt a gebaut, esou zum Beispill den Twenty 8, de Manhattan an den Twist op der Square Mile (alles Gebaier mat engem Mix aus Büroen, Geschäfter a Wunnengen), an och weider Wunnresidenzen um Belval Nord (Appartementer an och Reienhaiser).
De Belval ass wéinst senger gelongener Mëschung aus wunnen, liewen, schaffen, studéieren, Fräizäit gestalten asw. op enger Plaz e Gesamtprojet, deen an der Groussregioun (an doriwwer eraus) senges Gläiche sicht. Et kann een hei alles zu Fouss oder mam Vëlo maachen, ofgesinn dovu feelt et leider awer nach un engem Verbindungswee (fir Foussgänger a Vëloen) tëschent dem Quartier Belval an der Stad Esch. E Projet, iwwer dee scho vill geschwat a geschriwwe gouf, an deen elo amgaang ass, realiséiert ze ginn.
En Artikel vum Roger Infalt