Wann ee vun der Lëtzebuerger Sprooch schwätzt, denkt een och schnell un Iech. Wéi gesitt Dir Är Missioun géintiwwer der Sprooch?

Den Aarbechtsgrupp vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire hat vun Ufank un d’Missioun, d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut ze dokumentéieren. D’Sprooch vum Alldag ass an engem stännege Wandel, dofir gi quasi all Dag nei Artikele redigéiert, déi dem Benotzer esou séier ewéi méiglech um Site zur Verfügung gestallt ginn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wat fir Servicer proposéiert Dir de Leit fir Lëtzebuergesch ze léieren, respektiv hiert Lëtzebuergesch ze verbesseren?

Den LOD ass do, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze dokumentéieren. Well den LOD sech strikt un d’offiziellt Regelwierk vun der Lëtzebuerger Rechtschreiwung hält, gëtt en als Referenzplattform fir d’Orthographie gesinn. Um Site http://ortho.lod.lu huet de Benotzer d’Méiglechkeet, seng Kenntnisser iwwer d’Lëtzebuerger Rechtschreiwung opzefrëschen.

Wou gesitt Dir d’Lëtzebuerger Sprooch a 5 Joer?

Niewent deenen zwou aneren Amtssproochen Franséisch an Däitsch wäert d’Lëtzebuerger Sprooch seng Roll als Integratiounssprooch behalen an duerchaus och nach ausbauen. Eleng déi grouss Nofro fir Lëtzebuergeschcoursen weist schonn an déi Richtung.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.