Nei ass d’Aktioun My Urban Piano net. All Joer gi méi ewéi eng Dose vu Kënschtler gestalte Pianoen an der Stad opgestallt, fir d’Leit zum Musizéieren ze motivéieren. Änlech Initiative gëtt et och an aneren Haaptstied op der ganzer Welt. Dem David Ianni säi Projet huet an der Tëschenzäit en anert, éiergäizegt Zil: Musek soll Brécke bauen tëschent de Mënschen an d’Iddi vun enger gemeinsamer europäescher Kultur an Identitéit stäerken.
Wärend der Aktioun My Urban Piano am leschte Joer hat ech menger Mamm fir Mammendag d’Stéck Mama gewidmet an hunn et op de Pianoen an der Stad Lëtzebuerg gespillt. E Kolleeg huet mech dobäi gefilmt. De Video hunn ech duerno op Facebook gesat. E gouf un engem eenzege Weekend ronn 25.000 Mol gekuckt. Dësen Erfolleg huet mech ugedriwwen, e méi grousse Projet an Ugrëff ze huelen.
… fir mir do selwer ze begéinen. Fir den Dréi vum éischte Video huet eis d’CFL net nëmmen en Zuch zur Verfügung gestallt, mee esouguer d’Gleis 1 fräigehalen, an zwar e puer Stonne laang. Train of Dreams, dat ech fir d’Stad Lëtzebuerg geschriwwen hunn, ass e wierklech rasant Stéck a wie genee lauschtert, wäert d’Melodie vun der Lëtzebuerger Nationalhymn eraushéieren. Wat awer net heescht, datt ech op iergendeng Manéier politesch engagéiert sinn, esou houfereg ech och sinn, d’Land Lëtzebuerg am Ausland representéieren ze däerfen.
Ech sinn am Süden opgewuess. Ech hunn dës Regioun gär. D’Brigitte Urhausen kennen ech zanter menger Schoulzäit am Jongelycée. Et verbënnt mech immens vill mat Esch-Uelzecht, der eenzeger vun den 12 ausgesichten europäesche Stied, déi nach ni Kulturhaaptstad war. An dofir wollt ech onbedéngt do e Video dréien. Als eng Zort Ënnerstëtzung fir d’Kandidatur (zum Zäitpunkt vun den Dréiaarbechte war d’Entscheedung nach net gefall), awer och als Hommage.
Genee. D’Stéck verzielt vu mengen Erënnerungen u meng Kandheet a Jugend. An natierlech vu mengen Ufäng als Museker. Ech hu mat néng Joer ugefaang, Piano ze spillen. Eng kuerz Zäit méi spéit hunn ech éischt Stécker komponéiert. Am Stéck Heartland bréngen ech meng Dankbarkeet iwwer dës Joren am Minett musikalesch zum Ausdrock. Déi Kompositioun bedeit mir ganz vill.
Den drëtte Video an der aktueller dänescher Kulturhaaptstad Aarhus mam Titel Joy ass ofgedréit a gouf am September publizéiert. Ufank November ware mir zu Prag, wou mir op engem Boot mat Piano op der Moldau gefilmt hunn. Uschléissend gouf River of Love mam City of Prague Philharmonic Orchestra am Studio opgeholl. De Video wäert ech deemnächst an der tschechescher Haaptstad an den 3. Dezember zu Jonglënster virstellen. Wann de Projet ofgeschloss ass, ginn déi 12 Museksstécker op enger CD publizéiert. Geplangt ass och en Open-Air-Concert zu Lëtzebuerg. Awer nach ass et net esou wäit. Op menger Homepage, déi stänneg aktualiséiert gëtt, kann ee sämtlech Clippe mat alle méiglechen Infoen esouwéi Bonusmaterial ofruffen.
Firwat net? Fir musikalesch Museksstécker visuell ze weisen, si Blogs, Facebook an Instagram ideal Medien. Ech sinn ausserdeem der Meenung, datt een de Mënschen den Zougang zur Musek esou liicht ewéi méiglech maache sollt.
Ech hu mäin halleft Liewe laang Beethoven, Rachmaninoy a Chopin – fir nëmmen déi bekanntste Komponisten ze nennen – gespillt. Awer méi a méi hat ech de Besoin, mat menger Musek e méi breede Publikum unzeschwätzen. Doriwwer eraus hat ech ëmmer schonn en oppent Häerz fir den Jazzpiano vun engem Keith Jarrett a ka mech fir d’Soundtracks vu Filmkomponiste geneesou begeeschteren ewéi fir populär Songs vu Queen oder Coldplay. Wat mir als Komponist am wichtegsten ass: Ech wëll positiv Emotioune vermëttelen. Meng Musek soll de Mënsche Mutt an Hoffnung ginn.
D’Abanne vun e puer europäesche Kulturstied soll d’Iddi vun enger gemeinsamer Kultur an Identitéit stäerken. Doduerch, datt e Kënschtler aus der jeeweileger Kulturhaaptstad den Optrag kritt, e Piano ze gestalten, gëtt de Projet ausserdeem zum Vehikel vun der bildender Konscht. An no all Aktioun gëtt de Piano un eng kulturell oder sozial Ariichtung verschenkt. Dofir déi gesellschaftspolitesch Nout.
Am Ratelach an der Escher Kulturfabrik. Do kann e fir Concerten oder vu Geleeënheetspianospiller benotzt ginn, well, obwuel en als raschtege Piano gestalt gouf, ass et en excellent Instrument.
Joergang 1979, huet zu Lëtzebuerg, an England an an Holland studéiert. Hat als 16-Järege mam 2. Pianoconcert vun Franz Liszt säin Debut. Am Joer 2005, ewéi hie fir e puer Méint am Stift Heiligenkreuz am Wienerwald gelieft huet, ass seng Léift zum gregorianesche Gesang, dee vun do un zu engem feste Bestanddeel vu senger Musek gouf, gewuess. Fir zwou CD-Aspillunge mat de Mënche vum Stift huet hien d’Pianosbegleedung komponéiert a gespillt – a krut fir dës Zesummenaarbecht d’Platin-auszeechnung an Éisträich. Déi béid Soloalbe mat Eegekompositiounen Night Prayers a Prayers of Silence sinn och vu geeschtlecher Musek gepräägt. Zanter Mäerz 2017 widmet hie sech intensiv dem Projet My Urban Piano.
En Artikel vum: Gabrielle Seil (Revue)
Fotoen: Leslie Schmit (Revue)