Hariko, fräien Zougang zur Konscht fir Jugendlecher

D’Zil vum Projet Hariko, dee vum Lëtzebuerger Roude Kräiz bedriwwe gëtt, ass et, Jonker fir Konscht ze begeeschteren an hinnen en einfachen a fräien Zougang zu dëser ze erméiglechen.

De Startschoss vum Projet war am Joer 2015 zu Bouneweg. Den Numm Hariko, deen de Konschtprojet sech ginn huet, ass eng Allusioun op den Numm vum Quartier „Boun“ (deem fréieren Numm vum Quartier Bouneweg, dem éischte Sëtz vum Hariko) an zousätzlech e klengt Wuertspill (FR: haricot = LB: Boun). Inspiréiert ass Hariko vum Thomas Hirschborn sengem Gramsci Monument aus New York. Eng privat lëtzebuergesch Fondatioun huet deemools d’Startkapital fir den Hariko opbruecht an et esou erméiglecht, datt d’Struktur zu Bouneweg opmaache konnt.

Vun Ufank un ass de Projet op groussen Interessi bei Jonken tëschent 12 a 26 Joer gestouss. Jonker vu verschiddenen Nationalitéiten an aus verschiddene Gesellschaftsklasse kommen zesummen, fir sech duerch d’Konscht auszedrécken, wäertvoll Erfarungen ze sammelen a Kontakter ze knäppen.

© #

© #

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Begleet ginn déi Jonk vu professionelle Kënschtler. Dës Kënschtler kënnen d’Ateliere gratis benotzen; als Géigeleeschtung maachen si Workshoppe mat deene Jonken. Wann néideg, gëtt och op extern Kënschtler zeréckgegraff.

D’Workshoppen decke vill artistesch Beräicher of: Musek, Graffiti, Beatbox, Fotografie, Danz an nach villes méi. Déi Jonk kréien e gudden Abléck a vill ënnerschiddlech Beräicher a léieren d’Diversitéit vun der Konscht kennen. Si entscheede selwer, u wéi enge Workshoppe si deelhuelen. Déi néideg Materialie ginn zur Verfügung gestallt, d’Participantë musse just eng Memberskaart fir bescheide 5 € am Joer huelen. Niewent den Ateliere gëtt et am Free Creative Space – COME CREATE THE ART YOU WANT och d’Méiglechkeet fir déi Jonk, fräi kënschtleresch aktiv ze ginn. D’Programmer gi reegelméisseg aktualiséiert an un d’Wënsch vun de Participanten ugepasst.

2018 koum den Documentaire Hariko Monument – une histoire d’art et d’inclusion eraus. D’Realisatrice Laetitia Martin huet de Konschtprojet véier Joer laang mat hirer Kamera begleet an erzielt an hirem Film d’Geschicht vum Hariko. De Film ass am Abrëll 2021 an zwou Seancen am Kino opgefouert ginn. De Fonctionnement vum Hariko gëtt vum Educatiounsministère séchergestallt. Zousätzlech Projete kënne vum Roude Kräiz dank Spende finanzéiert ginn.

Nodeems Hariko d’Gebai zu Bouneweg dräi Joer laang gratis zur Verfügung gestallt krut, huet Enn 2018 musse geplënnert ginn, well d’Gebai ofgerappt gouf. D’Sich no engem neien Doheem huet laang gedauert. Et war d’Stad Esch-Uelzecht, déi dem Projet gratis nei Raimlechkeeten zur Verfügung gestallt huet.

© #

© #

Am Januar 2022 gouf et e weidere Meilestee fir den Hariko. Zu Esch-Uelzecht ass de Konscht- a Jugendprojet vun der Rue de l’Église an dat neit Batiment 4 geplënnert. Dëse Projet, dee vun der Gemeng Esch-Uelzecht an der Vereenegung frEsch geleet gëtt, gouf mat der Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, vun Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad an Arcelor-Mittal méiglech. Dës nei „tiers-lieux culturels“ gi vun engem onofhängege Benotzerkollektiv geréiert. D‘Zil ass d’Zesummenaarbecht vun den Associatiounen (Hariko, CELL, ILL, Richtung22 a vill anerer …) an der Ëffentlechkeet.

Niewent dem neie Site zu Esch huet am Abrëll 2021 en zweeten Hariko am Norde vum Land opgemaach, an zwar zu Ettelbréck. Déi nei Raimlechkeete goufe vun der Ettelbrécker Gemeng zur Verfügung gestallt. Zu Ettelbréck ginn et 6 Ateliere fir Kënschtler, déi eng ganz Rei vu Workshoppen ubidden.

D’Verbindung zu de jeeweilege Stied an déi aktiv Participatioun u gesellschaftlechen a kulturellen Evenementer op lokalem Plang gi beim Hariko ganz grouss geschriwwen.

Den Hariko Ettelbréck huet schonn am Juni mat enger Karaoke-Bar un der Fête de la musique deelgeholl a war och um Jugendfestival „Ettelbrooklyn“ am September present. Vum 29. bis den 30. Oktober 2021 stoung den Hariko Ettelbréck wärend zwee Deeg ganz am Zeeche vun Halloween. Am Kader vum Halloween Horror House Hariko krut dat ganzt Gebai eng grujeleg Fassad verpasst.

Hariko, dat ass Konscht fir matzemaachen!

© #

© #

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.