Den Ambassadeur vun der Lëtzebuerger Finanzplaz
An der Lëtzebuerger Press ass hien, genee ewéi säi Betrib, nëmme wéineg bekannt. Hien ass studéierte Jurist a professionellen Diplomat a säit 1999 fir de Lëtzebuerger Ausseministère täteg. Weider Statiounen op sengem professionelle Parcours waren d’Lëtzebuerger Vertriedung bei der Europäescher Unioun zu Bréissel, d’Lëtzebuerger Botschaft zu Washington a Konsul zu Shanghai. Säit 2013 ass den […]
Muertekuch vum Simon le financier
Dir braucht (fir de Kuch): 400 Gramm gerappte Muerten230 Gramm Miel300 Gramm Zocker350 Gramm Sonneblummenueleg65 Gramm geréischtert Hieselnëss65 Gramm geréischtert Mandelen4 Eeër2 Kaffisläffele Backpulver2 Kaffisläffele Bikarbonat1 Kaffisläffel Kanéilpudder½ Kaffisläffel geriwwe Muskatnoss1 Kaffisläffel Salz Dir braucht (fir d‘Glasur): 120 Gramm Wäisse Kéis40 Gramm Botter60 Gramm Pudderzocker10 Gramm brongen Zocker3 Gramm Vanillsaroma Zoubereedung (Kuch): D’Eeër an den […]
Eng Bréck fir däi Liewen
D’Banque et Caisse de l’Épargne, am Volleksmond éischter als Spuerkeess bekannt, gouf den 21. Februar 1856 gegrënnt an ass domat deen eelste Finanzinstitut zu Lëtzebuerg. Den 28. Dezember 1858, also gutt 2 Joer méi spéit, gouf per Gesetz festgehal, datt de Staat fir d’Alage biergt. 1869 huet d’Spuerkeess vum Vertraue vun der Ëffentlechkeet profitéiert an dat […]
Méi oder manner nei Weeër fir de Lëtzebuerger Finanzmaart
Et war eng laangjäreg Traditioun, en Image, mee och en Dar am A vu villen anere Länner: d’Lëtzebuerger Bankgeheimnis, dat de klenge Grand-Duché international zu enger bekannter Steieroas gemaach huet. Vun 1929 un hu Steiervirdeeler an d’Versprieche vun Anonymitéit an Diskretioun eng jett auslännesch Investisseuren op Lëtzebuerg gelackelt, déi hiert Verméigen iwwer Joren hei deponéiert […]
Wallstreet zu Lëtzebuerg?
D’Lëtzebuerger Bourse, mat hirem Sëtz um Boulevard Joseph II, ass net vun eiser nationaler Finanzplaz ewechzedenken. Si gouf 1928 gegrënnt a war ufangs op europäesch Wärunge beschränkt. Zanter 1953 kann ee weltwäit handelen. Mee wéi muss een sech déi Lëtzebuerger Bourse genee virstellen a wéi funktionéiert iwwerhaapt eng Bourse? Vum Prinzip hier ass d’Bourse eng gutt […]
ING Night Marathon
Vun der Luxexpo duerch dee modernen, kille Bankevéirel um Kierchbierg iwwer d’rout Bréck a Richtung Stadmëtt, permanent begleet vu Musek a vu Leit, déi feieren oder een ufeieren an ee beim Lafe praktesch an d’Zil droen. Esou beschreift esou muencher Leefer déi éischt puer Kilometer vum ING Night Marathon. Mee dëse Marathon, dee gläichzäiteg dat […]
Klacken, Kitten a Cash! Bankeplaz Lëtzebuerg
„D’Keess op an d’Klacken eraus“, dëst ass a bleift en onvergiessleche Schlësselmoment, deen eis den Troublemaker Thierry van Werweke an Erënnerung rifft. Klacken, Kitten oder Cash, dës ëmgangssproochlech Synonymmen fir Suen si wuel queesch uechter d’Ländchen bekannt, an nom Motto Geld regéiert d’Welt ass besonnesch Lëtzebuerg vun dësem gefliggelte Spréchwuert betraff. An dat ass emol […]
De Kierchbierg Net nëmmen e Finanzquartier, mee och e Wunnquartier!
De Kierchbierg gouf fir d’éischt an engem Akt am Joer 1222 ernimmt an huet zur Sektioun Weimeschkierch vun der deemoleger Gemeng Eech gezielt. 1875 hunn d’Bewunner vum Kierchbierg hir éischt Kapell do gebaut. De Kierchbierg huet deemools virun allem vun der Landwirtschaft gelieft. Seng stättesch Entwécklung ass enk domat verbonnen, datt déi Europäesch Gemeinschaft fir […]
Simon le financier
Schonn zanter jonke Joren üübt alles, wat Pâtisserie ass, eng gewëssen Unzéiung op mech aus. No mengem Ofschloss vun engem Master an de Beräicher Audit, Gestioun a Reporting op der ISG École de Commerce zu Paräis war ech als Finanzkontroller, ënner anerem bei der SNCF, dem Grupp Rémy Cointreau an dem Fiat-Grupp zu Turin beschäftegt. […]
Philanthropie zu Lëtzebuerg
D’Wuert Philanthropie fënnt een am Lëtzebuerger Online Dictionnaire net. Kuckt een am däitschen Duden, gëtt ee gewuer, datt d’Wuert net immens dacks benotzt gëtt; et huet nëmmen ee vu fënnef Strécher an der Kategorie „Häufigkeit“. Effektiv ass et e Wuert, dat déi mannst vun eis reegelméisseg soen oder héieren. Mee ass dat schonn en Indice, […]