De Kierchbierg Net nëmmen e Finanzquartier, mee och e Wunnquartier!

De Kierchbierg gouf fir d’éischt an engem Akt am Joer 1222 ernimmt an huet zur Sektioun Weimeschkierch vun der deemoleger Gemeng Eech gezielt. 1875 hunn d’Bewunner vum Kierchbierg hir éischt Kapell do gebaut.

De Kierchbierg huet deemools virun allem vun der Landwirtschaft gelieft. Seng stättesch Entwécklung ass enk domat verbonnen, datt déi Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol (d’Virleeferin vun der Europäescher Unioun) zënter 1952 hei hir Wierkungsplaz hat.

1961 gouf de Fonds d’Urbanisation et d’Aménagement du Plateau de Kirchberg (kuerz: Fonds du Kirchberg) geschaf, deen nach haut fir d’Entwécklung vum Kierchbierg als Standuert a fir wichteg europäesch, wirtschaftlech, kulturell a sportlech Ariichtungen, awer och fir en attraktive Wunnvéierel, zoustänneg ass.

Wann een un de Kierchbierg denkt, denkt een u Banken, europäesch Institutiounen, ënner anerem den Europäesche Geriichtshaff (EuGH), den Europäesche Rechnungshaff, déi Europäesch Investitiounsbank, Deeler vum Generalsekretariat vum Europäesche Parlament, Eurostat an de Max Planck Institut, u Schoulen a vläicht och nach un den Auchan an de Kinepolis.

Mee de Kierchbierg huet vill méi ze bidden ewéi nëmmen dat. Zum Beispill fiert elo den Tram iwwer de Kierchbierg an d’Stad, et gëtt eng Standseelbunn fir an de Pafendall erof a vun do aus nees erop, e Spidol an d’Coque, eng grouss olympesch Schwämm mat Sportzenter …

All dënschdes nomëttes ass vis-à-vis vum Akafszenter e Maart, fir d’Kanner gëtt et 6 Spillplazen, eng multifunktional Sportplaz, de Musée Dräi Eechelen, d’Luxexpo mat de Foireshalen, eng Sportshal a villes méi.

2005 gouf um Kierchbierg op der Place de l’Europe dat neit Gebai vun der Philharmonie ageweit. De grousse Concertssall huet normalerweis 1.307 Sëtzplazen, déi op maximal 1.500 Plazen erhéicht kënne ginn, an ass dacks ganz ausgebucht.

2006 gouf de Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean (Mudam), deen no bei der Philharmonie ass, ageweit.

Fir sech fortzebeweegen, gëtt et elo ausser dem Tram ganzer 52 Bushaltestellen a 14 „vel’OH!“-Statiounen.

De Kierchberg ass mam Stadzentrum duerch d’Grande-Duchesse-Charlotte-Bréck (am Volleksmond och Rout Bréck genannt) a mam Pafendall duerch d’Seelbunn verbonnen.

Am Joer 2018 hu 5.801 Persounen um Kierchbierg gelieft, dat si 4,87 % vun der Bevëlkerung vun der Stad Lëtzebuerg. De Quartier vum Kierchbierg huet eng Fläch vun ëmmerhin 336,84 Hektar a grenzt u Weimeschkierch, un d’Neiduerf/de Weimeschhaff, u Clausen an un de Pafendall.

An Zukunft soll de Kierchbierg dann awer nach wuessen. De Geschäfts- a Bankequartier wäert sech an den nächste Jore weider rasant veränneren. Bis 2036 sollen do Aussoe vum Fonds du Kirchberg no méi ewéi 60.000 Beschäftegter schaffen.

Um Kierchbierg sollen an den nächsten zéng bis zwanzeg Joer 7.000 Wunnengen entstoen. De Staat besëtzt de Groussdeel vun der Fläch a wëll do virun allem erschwénglech Wunnenge bauen.

D’Regierung wëll aus dem Geschäfts- a Banke-véierel Kierchbierg e liewege Quartier maachen, wou Wunnen, Akafen, Fräizäit a Schaffen e Gläichgewiicht bilden.

An Zesummenaarbecht mam Fonds du Kirchberg, dee fir d’Entwécklung vum Kierchbierger Plateau zoustänneg ass, plangt d’Regierung 7.000 Wunnengen op enger Fläch vun 100 Hektar. An ongeféier 20 Joer, esou rechent d’Regierung, zielt de Quartier Kierchbierg 27.500 Awunner a 66.700 Aarbechtsplazen an et kéim een dem gewënschte Verhältnis vun zwou Aarbechtsplaze pro Awunner scho méi no.

Fir datt et sech um Kierchbierg awer gutt liewe léisst, ginn net nëmme Wunnenge geschaf, mee och Akafsméiglechkeeten, Parkanlagen, Spillplazen a Schoulen.

An Zäite vu Wunnengsknappheet a geckegen Immobiliepräisser läit d’Prioritéit beim Bau vun erschwéngleche Wunnengen.

Bis 2023 solle 757 Wunnengen entstoen, bis 2026 kommen 1.038 Wunnengen dobäi a bis 2030 kommen nach eng Kéier 1.360 Wunnengen no.

No 2030 entsti weider 3.880 Wunnengen op de Sitte Kuebebierg (2.642) a Laangfur (138) an um Terrain vun der Luxexpo (1.100).

D’Wunnenge gi prioritär u Persoune verkaaft oder verlount, déi an der Stad Lëtzebuerg oder an enger vun de Randgemenge schaffen, déi si ouni Problem mat den ëffentleche Verkéiersmëttele kënnen erreechen.


En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.