Philanthropie zu Lëtzebuerg

D’Wuert Philanthropie fënnt een am Lëtzebuerger Online Dictionnaire net. Kuckt een am däitschen Duden, gëtt ee gewuer, datt d’Wuert net immens dacks benotzt gëtt; et huet nëmmen ee vu fënnef Strécher an der Kategorie „Häufigkeit“. Effektiv ass et e Wuert, dat déi mannst vun eis reegelméisseg soen oder héieren. Mee ass dat schonn en Indice, datt et u Philanthropie am Alldag feelt?

D’Originn vum Wuert läit an der griichescher Sprooch. Ursprénglech heescht Philanthropie ganz einfach d’Léift zum Mënsch. De Mënsch als Wiesen oder als Grupp a manner als Individuum. Et geet also hei vill méi dorëms, fir d’Mënschen allgemeng – oder, wann een esou wëll, fir d’Mënschheet – e Gefill vu Léift ze empfannen. Mënschefrëndlechkeet ass och eng Definitioun, déi ee fir Philanthropie dacks fënnt.

Fir dës Frëndlechkeet géintiwwer de Mënschen auszedrécken, ginn et och zu Lëtzebuerg eng sëllegen Organisatiounen. Leit, déi sech zesummegedoen hunn, dacks fir deene Schwächsten an der Gesellschaft ze hëllefen. Ganz nom Motto Zesumme si mir staark kann eng Organisatioun natierlech méi bewierke wéi eng eenzel Persoun. Schonn eleng de Finanzement, fir gutt Intentiounen och an Aktiounen ëmzewandelen, léisst sech an enger Organisatioun méi einfach erreechen.

Den Internetsite www.philanthropie.lu gëtt en éischten Iwwerbléck iwwer Organismen, déi sech am Grand-Duché fir philanthropesch Zwecker asetzen. Esou zum Beispill d’Organisatioun Action Solidarité Tiers Monde (ASTM), déi sech schonn zënter méi wéi 50 Joer fir eng sozial, ekonomesch a politesch Onofhängegkeet vun Drëttweltlänner asetzt.

D’ASTM schafft dofir Projeten aus, déi net just a Länner vum globale Süde sinn, mee sech och zum Deel bei eis zu Lëtzebuerg ofspillen. D’Educatioun spillt dobäi eng grouss Roll. Et gëtt op strukturell Ongläichheeten opmierksam gemaacht, déi zu ongerechte Relatiounen tëschent dem globale Süden an dem globalen Norde féieren an dacks och eng gewëssen Ofhängegkeet vu méi aarme Länner provozéieren. Esou Strukture wouerzehuelen, heescht derzou bäidroen, datt se duerchbrach ginn. D’Aarbecht vun enger philanthropescher Associatioun muss also net ëmmer eng direkt Hëllef bidden, wéi dat bei akute Krisen de Fall ass. Philanthropie kann och e laangwierege Prozess sinn.

Aner Organisatiounen zu Lëtzebuerg hunn sech gegrënnt, fir e ganz spezifeschen Zweck oder e speziellt Land ze ënnerstëtzen. Dat ass zum Beispill de Fall bei Aide au Bénin ASBL an Aide à l’Enfance de l’Inde, zwou Organisatiounen, déi vill Projete mat de Populatiounen op der Plaz ausschaffen an do ënner anerem den Zougang zum Drénkwaasser oder enger gudder Bildung erliichteren. Mee och wa Projeten am Vierdergrond stinn, déi a méi aarme Länner fir eng direkt Verbesserung suergen, steet och hei den Opbau vu méi gerechte Relatiounen op Aenhéicht tëschent dem globale Süden an dem globalen Norden am Fokus.

Weider zentral Acteuren, déi d’Philanthropie zu Lëtzebuerg fërderen, si sécherlech d’Fondation de Luxembourg an d’Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. Zwou Organisatiounen, déi souzesoen hëllefen ze hëllefen.

D’Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte ass en ëffentlechen Acteur, deen sech ursprénglech ëm d’Affer vum Zweete Weltkrich gekëmmert huet. Haut gi Projeten ënnerstëtzt, déi fir Lëtzebuerg vun allgemengem Interêt sinn a sech a sozialen oder kulturelle Beräicher beweegen. Och d’Erënnerungskultur an den Ëmweltschutz gi promovéiert. D’Œuvre bréngt dowéinst déi verschidden Acteure vum Terrain zesummen a finanzéiert konkreet Iddien, fir datt dës kënnen ëmgesat ginn.

Eng änlech Approche huet d’Fondation de Luxembourg, déi 2008 op Initiativ vum Staat an der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte gegrënnt gouf.

D’Fondatioun ënnerstëtzt privat philanthropesch Initiativen. Privatpersounen, mee och Entreprisë solle bei hiren Iddie finanziell wéi och am Prozess vun der Ëmsetzung gehollef kréien. Dobäi mëscht d’Fondatioun och de Lien tëschent Leit, déi wëlle spenden, a Persounen, déi e Projet am Kapp hunn. Esou sinn zum Beispill och eng Partie Stëftungen an d’Liewe geruff ginn, déi Studenten a Studentinnen hëllefen, eng Wunneng ze fannen oder hire Studium ze bezuelen. En aneren interessante Projet, deen den Ament leeft, sensibiliséiert jonk Leit, fir Gesten aus dem Éischt-Hëllef-Cours kennen ze léieren. Duerch d’Fondatioun kann deemno jiddereen, deen eng konkreet philanthropesch Iddi huet, sech engagéieren, de Kontakt mat anere Leit fannen an och eng finanziell Ënnerstëtzung kréien.

Philanthropesch Projete mussen awer net ëmmer grouss Enverguren hunn. Natierlech kann een duerch eng Organisatioun, duerch d’Œuvre oder d’Fondation de Luxembourg méi Leit erreechen. Mee Philanthropie léisst sech och am Klengen, am Alldag a ganz ouni Struktur ëmsetzen. D’Wuert Philanthropie gëtt haut éischter mat Lien zu offiziellen Acteure gebraucht a manner fir privat, kleng Gesten. D’Definitioun vum Wuert seet awer net vir, datt Philanthropie muss institutionaliséiert sinn.

Hëllef an der Noperschaft, e spontanen Don oder einfach bemierken an tréischten, wann et engem Matmënsch net gutt geet, och dat kënne philanthropesch Aktiounen am Alldag sinn. Géifen all dës kleng Geste gesinn a benannt ginn, géif d’Wuert Philanthropie vläicht och méi heefeg benotzt ginn.

Wa vu Philanthropie zu Lëtzebuerg rieds ass, sinn d’Organisatioune sécherlech en Theema. Mee déi méi onscheinbar Aktiounen däerfen net vergiess ginn. Philanthropie ass an deem Sënn kee Konzept, dat fir déi mannste Leit e Begrëff ass, mee vill méi eng Astellung, déi wuel present ass, och wann se onbemierkt an ouni Begrëff bleift.

En Artikel vum Monica Camposeo

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.