Den Ambassadeur vun der Lëtzebuerger Finanzplaz

An der Lëtzebuerger Press ass hien, genee ewéi säi Betrib, nëmme wéineg bekannt. Hien ass studéierte Jurist a professionellen Diplomat a säit 1999 fir de Lëtzebuerger Ausseministère täteg. Weider Statiounen op sengem professionelle Parcours waren d’Lëtzebuerger Vertriedung bei der Europäescher Unioun zu Bréissel, d’Lëtzebuerger Botschaft zu Washington a Konsul zu Shanghai. Säit 2013 ass den Nicolas Mackel Direkter vu Luxembourg for Finance an als Ambassadeur vun der Lëtzebuerger Finanzplaz am Ausland ënnerwee.

Luxembourg for Finance ass d’Agence fir d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Finanzplaz. Am Ausland Reklamm maache fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg, esou kéint ee graff d’Missioun vun der LFF an hirem Direkter Nicolas Mackel beschreiwen. „Do stécht awer weesentlech méi derhannert“, erkläert eis de Chef vun der LFF, dee bis virun der Pandemie méi ewéi 100 Deeg am Joer am Ausland verbruecht huet. „D’Promotioun ass just deen Deel, deen ee vu bausse gesäit, an och deen ass hei am Land wéineg visibel.

„Eis Missioun spillt sech am Ausland of. Un Diere klappen an net nëmmen de Banken, mee och den Assurancen, d’Lëtzebuerger Land an d’Finanzplaz erklären an d’Virdeeler méi no bréngen“, erzielt hie weider. Nei Marchéë fir Lëtzebuerger Produite sichen, zum Beispill a China oder Latäinamerika. E weidere wichtegen Deel ass d’Kommunikatioun, sief et an der auslännescher Press, sief et duerch Broschüren oder d’Organisatioun vu Konferenzen.

Luxembourg for Finance gouf am Joer 2008 gegrënnt. Et ass eng privat Partnerschaft, an där de Lëtzebuerger Staat an d’Profil (Fédération des professionnels du secteur financier) – an där, ënner anerem d’ALFI (Verband vun de Lëtzebuerger Investmentfongen), d’ACA (Vereenegung vun de Lëtzebuerger Assurancen), d’ABBL (Lëtzebuerger Bankevereenegung) an d’Chambre de Commerce als Memberen aktiv sinn – als Aktionäre vertruede sinn. An den éischte Joren huet de Fernand Grulms d’Agence lues a lues opgebaut. Nei Marchéën identifizéieren an erschléisse war deemools d’Zil. 2013 koum den Nicolas Mackel un d’Rudder. Fir hie war d’Kommunikatioun vun Ufank un e wichtegen Theema an den Erfolleg gëtt him Recht. Ëmmer erëm ass hien e gefrote Gespréichspartner fir d’auslännesch Press an als Riedner op Konferenzen, wou de Brexit, FinTech an d’Finanzéierung vum Kampf géint de Klimawandel ëmmer nees Theeme sinn.

Trotz allem bleift dem Nicolas Mackel nach Zäit fir e Privatliewen. „E puer kleng Virdeeler hat d’Pandemie nawell! Virdru war ech méi ewéi 100 Deeg am Joer am Ausland, hu vill Zäit am Fliger verbruecht. De Weekend hunn ech mech dann oft musse vum Jetlag erhuelen. Haut ass dat e wéineg méi positiv, villes kann ech aus dem Homeoffice maachen.“ Fir seng Famill mat Fra an 3 Kanner bleift do e wéineg méi Zäit ewéi soss. Den Ausgläich zur Aarbecht fënnt hie beim Liesen a beim Spadséieren. „Ech kéint jo elo soen, ech géing vill Sport maache fir den Ausgläich, mee dat ass net esou“, erzielt hie mat engem Laachen.

Datt him als Jurist eventuell de Background aus der Finanz- an Assurancëbranche feelt, gesäit hie guer net als Nodeel. „Vill Wëssen an Detailer kann ee sech uliesen.“ An dat detailléiert Fachwësse kënnt vun de Spezialisten, an där ginn der eng Hellewull op der Finanzplaz gebraucht: Comptabelen, Banker, Juristen an ëmmer méi wichteg ginn d‘Leit aus der IT-Branche. D’Informatik ass haut schonn e wichtegt Element am Banken- an Assurancësecteur a gëtt ëmmer méi wichteg! Breet opgestallte Spezialiste si gefrot an et gëtt op den Auslandmissioune vum Nicolas Mackel an der LFF probéiert, där ze rekrutéieren a si fir Lëtzebuerg ze begeeschteren. Den Nowuess fir d’Finanzplaz soll awer net nëmmen aus dem Ausland kommen. Fir dei Jonk hei am Land och un den méigleche Beruffer op der Finanzplaz ze interesséieren huet d‘LFF eng nei Plattform eisfinanzplaz.lu geschafen op där einfach a verständlech d’Finanzplaz erkläert gëtt a virun allem déi verschidde Beruffer liicht a verständlech vu Kanner virgestallt ginn. En éischte Schrëtt, fir Spezialisten och hei am Land ze rekrutéieren, a wann et dem Nicolas Mackel no geet, ass dat just en éischten, klenge Schrëtt.

D’Finanzplaz Lëtzebuerg wäert och an Zukunft weider wuessen an hir Plaz an der europäescher Topp 3 vun de Finanzplaze weider verteidegen an ausbauen, an dozou wäert den Nicolas Mackel a seng Agence Luxembourg for Finance sécherlech bäidroen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.