Mee wann ee kee Steierparadäis méi däerf sinn, da muss een sech eng nei Identitéit zouleeën, fir um internationale Finanzmaart och weiderhi virbäi kënne matzespillen. De Richtungswiessel ass Lëtzebuerg relativ gutt gelongen, well trotz senger klenger Gréisst war de Grand-Duché am Bankesecteur schonn ëmmer e Virreider. „Mir hunn en immens groussen Knowhow an d’Stäerkt vun eiser Finanzplaz war et schonn ëmmer, nei Trends net onbedéngt méi schnell ze erkenne wéi déi aner, mee se méi séier ëmzesetzen“, erkläert de Guy Hoffmann, President vun der Association des Banques et Banquiers, Luxembourg (ABBL).
Virun allem de Beräich vum Private Banking ass e grousst Zuchpäerd vu Lëtzebuerg, dat hei seng Positioun bei der internationaler Clientèle och nom Opgi vum Bankgeheimnis konnt verdeedegen. „De fréiere Kader huet eis duerch seng Attraktivitéit erlaabt, international bekannt ze ginn, mee och dono hu mir bewisen, datt mir eisen Niveau och ouni déi verschidden Avantagë behale konnten“, esou de Guy Hoffmann. Et hätt sech erausgestallt, datt aner Facteure fir eng haiteg Finanzplaz méi wichteg wiere wéi e secret bancaire, besonnesch wéi gutt den Ekosystem vun engem Land ass, wéi eng Acteure vertruede sinn a wéi gesond déi national politesch Situatioun ass.
Fiduciairen, Affekoten, Versécherungs-instituter, Banken – all dës schaffen op enkstem Raum zesummen an erlaben et, „en topp Niveau vu Solutiounen ze bidden“, betount den ABBL-President. Et wier de Mix, deen et géif maachen, an dëst net nëmmen am Private Banking an an der Fongenindustrie, an där Lëtzebuerg zu de stäerksten Acteure gehéiert an Nummer 2 weltwäit ass, mee am Allgemengen. Zënter Jore schonn zielt Lëtzebuerg zu den Topp 5 vu sougenannte grénge Finanzzentere weltwäit, wat esouvill bedeit ewéi datt den nationale Maart sech a puncto nohalteg Investmentfunds a kohärent Klimafinanzéierungsstrategien am Verglach zu anere Länner mat am beschte schléit.
Als Sëtz vun der weltwäit éischter Plattform fir gréng Wäertpabeieren, dem Luxembourg Green Exchange, deen 2016 vun der Lëtzebuerger Bourse gegrënnt gouf, ass de Grand-Duché dee Staat, deen den international gréisste Maartundeel bei grénge bonds, also fix-verzënslechten nohaltege Wäertpabeieren, besëtzt. Ënner dem Term Green Finance, zu deem des bonds gehéieren, versteet een dobäi all d’Investitiounen, Finanzéierungen oder Demarchen, déi eng ekologesch Orientéierung hunn, zum Beispill d’Accordéiere vun engem Kredit fir eng Solaranlag op engem Hausdaach, d’finanziell Ënnerstëtzung vu Projete mat Fokus op Ëmweltschutz oder awer de Refus vu Finanzementer fir ëmweltschiedegend Initiativen.
Ënner anerem d’European Investment Bank, déi hiren Haaptsëtz zu Lëtzebuerg huet, vergëtt spezifesch Kreditter u Länner, déi hir Suen a Green Finance investéieren, mee och vill aner Institutiounen aus der nationaler Finanzwelt bedeelegen sech duerch geziilt Demarchen um internationale Kampf géint de Klimawandel a verhëllefen dem Grand-Duché esou zu senger Virreiderroll bei engem Theema, dat méi aktuell net kéint sinn.
Eng weider Dier huet sech mat sougenannte Mikrofinanzéierungen opgemaach. Heibäi accordéiere Finanzinstituter Kreditter u Länner oder Acteuren, déi soss bei enger Bank opgrond vun hirem schwaachen Akommes oder dem Mangel u Garantien net als kreditwierdeg agestuuft géife ginn. D’Iddi kënnt vum Gewënner vum Friddensnobelpräis Muhammad Yunus, deen de Prinzip fir d’éischte Kéier am Bangladesch agefouert huet. Mikrofinanzen dénge virun allem als wichtegt Instrument an der Entwécklungspolitik a sollen der Aarmut entgéintwierken, andeems kleng Entreprisen oder Persounen, déi bis dato gréisstendeels vum Finanzmaart ignoréiert goufen, duerch kleng Finanzhëllefen a Form vu Kreditter kënnen hire Business opbauen.
Säit 20 Joer schonn ass Lëtzebuerg am Beräich vun der Mikrofinanzéierung aktiv, esou datt mëttlerweil bal en Drëttel vun de weltwäite Mikrofinanzéierungsinstrumenter am Grand-Duché notéiert a ronn 76 Prozent vun den europäesche Mikrofinanz-Fongen hei doheem sinn. Mee wie vun innovativen Approchen a Léisunge schwätzt, dee kënnt och net derlaanscht, ze bemierken, datt och sougenannte FinTechs hire Wee bis op Lëtzebuerg fonnt hunn – an net nëmmen där Klenger. E-Commerce-Gigante wéi PayPal, Six oder Payconiq, de Cybersecurity-Provider LuxTrust oder Nimm wéi AirBnb an ebay kennt wuel jiddereen, mee datt dës och ënner d’Kategorie FinTech falen, ass deene mannste bekannt.
D’Zesummesetzung vu finance oder financial services an technology beschreift nei Modeller a Plattformen, déi als Alternativ zu den traditionelle Banken um Finanzmaart fungéieren an dem Konsument d’Liewe méi einfach solle maachen. Oft als Startups gegrënnt, bidde FinTechs mat Hëllef vu modernen Technologië benotzerfrëndlech Servicer fir de Client, déi staark digital orientéiert sinn. Zu den Hëllefsmëttele gehéiere besonnesch de financement participatif, zum Beispill als Crowdfunding, oder eeben déi uewe genannten Entreprisë mat hire Servicer. Insgesamt 14 FinTech-Bezuelungsinstituter an 11 E-Geld-Instituter hunn sech am Land ugesidelt, dorënner säit 2007 och PayPal, ee vun de wichtegsten Acteuren um internationale Maart.
Duerch d’Entscheedung vun all dësen Entreprisen, sech zu Lëtzebuerg nidderzeloossen, ass de Grand-Duché zum Gateway an den europäesche Finanzmaart ginn a weess esou och hei seng Positioun an der Welt vum Geld ze verdeedegen. Wärend FinTechs als staarke Konkurrent zu de klassesche Banke gëllen, ginn et och an dëser Relatioun esouwuel Vir- ewéi och Nodeeler fir béid Säiten. „Eis Systemer a Prozesser, fir Donnéeë vu Clienten ze veraarbechten, sinn immens al. Vill vun de klassesche Bankgeschäfter hunn eng Clientèle, déi ë bësse méi old-fashioned ass an nach gär an e Guichet geet, a mir wëssen all, dass dës iergendwa wäerten ausstierwen“, esou de Guy Hoffmann. FinTechs hätten hei en definitive Virdeel, ënner anerem well se duerch hir Neiheet an hire Status net esou staark reglementéiert wieren ewéi d’Banken an doduerch méi schnell schaffe kéinten.
„Déi Zäit, déi mir mat Pabeierkrom verléieren, kënnen si notzen, fir flott nei Iddien auszeschaffen“, seet den ABBL-President. Op där anerer Säit wieren déi traditionell Finanzhaiser et gewinnt, mat confidentiellen Donnéeën ëmzegoen, wärend FinTechs ëmmer nees Affer vu Fuitten an Hacker-Ugrëff géife ginn, wat natierlech Risike fir hir Clienten duerstellt. „Hei gëtt d’Bankgeschäft dann nees méi interessant, dofir ass et wichteg, datt béid Acteuren zesummeschaffen an een dat Bescht aus béidem zitt“, fënnt den Expert.
Et si virun allem deem klenge Ländche säi laangjäregen Knowhow, de Mix aus Nationalitéiten a Sproochen an déi gutt Kooperatioun mat anere Spiller um Terrain, déi Lëtzebuerg ëmmer nees zur place to be fir vill Finanzinstituter maachen. Méi ewéi 125 international Banken aus 27 Länner hunn sech um a ronderëm de Boulevard Royal néiergelooss, an de Grand-Duché fleegt säit Generatiounen seng Bezéiungen a Partenariater zu anere Länner.
Mat zu de wichtegste Relatiounen a soumat Méiglechkeeten zielen d’Kooperatioune mat chineeseschen an islameschen Instituter. 1979 war d’Bank of China déi éischt chineesesch Bank, déi sech no der Grënnung vun der Volleksrepublik op der anerer Säit vum Ozean e Standbeen opgebaut huet – an dat zu Lëtzebuerg. Doniewent hat de Grand-Duché och deen éischten islamesche Fongenzentrum an Europa a gëllt duerch genee dëse Pionéiergeescht als den zweetwichtegste Finanzzentrum an der EU. Ronn 79 Prozent vun den europäesche Fongen, déi a China investéieren, si Lëtzebuerger Fongen a schonn 2002 war de Mini-Staat deen éischten um europäesche Maart, deen e sougenannte Sukuk, also eng islamesch Zort bonds, notéiert huet.
Duerch seng Oppenheet fir aner Systemer an d’Adaptatioun vun Déngschtleeschtungen un dat, wat effektiv um Maart gebraucht gëtt, huet Lëtzebuerg et gepackt, trotz dem Opgi vum Bankgeheimnis seng Virreiderroll an der europäescher an och globaler Finanzwelt ze behalen a mat neie Weeër ëmmer nees nei ze definéieren. Well vum klengen Entreprener bis hin zum grousse Finanzinstitut gëtt am Grand-Duché jidderee finanziell betreit a begleet, an dat op eng ganz spezifesch Aart a Weis.
En Artikel vum Laura Tomassini