Muertekuch vum Simon le financier

Dir braucht (fir de Kuch):


400 Gramm gerappte Muerten
230 Gramm Miel
300 Gramm Zocker
350 Gramm Sonneblummenueleg
65 Gramm geréischtert Hieselnëss
65 Gramm geréischtert Mandelen
4 Eeër
2 Kaffisläffele Backpulver
2 Kaffisläffele Bikarbonat
1 Kaffisläffel Kanéilpudder
½ Kaffisläffel geriwwe Muskatnoss
1 Kaffisläffel Salz

Dir braucht (fir d‘Glasur):


120 Gramm Wäisse Kéis
40 Gramm Botter
60 Gramm Pudderzocker
10 Gramm brongen Zocker
3 Gramm Vanillsaroma

Zoubereedung (Kuch):


D’Eeër an den Zocker an engem Mixer schaumeg schloen.
Den Ueleg derbäiginn a weider schloen.
Miel, Backpulver, Bikarbonat, Kanéil, Muskat a Salz am Mixer vermëschen.
E Lach an d’Mass maachen an d’Eeër, den Zocker an den Ueleg bei d’Mëschung derbäiginn.
Lues mam Schnéibiesem mëschen,
bis den Deeg homogeen ass.
Déi geriwwe Muerten, d’Mandelen an d’Hieselnëss derbäiginn.
Mam Schnéibiesem mëschen.
Eng Bakform grousszügeg mat Botter besträichen an den Deeg draschëdden.
Am Schäffche 60 Minutte bei 160 Grad baken.


Zoubereedung (Glasur):
De Wäisse Kéis mam Botter vermëschen.
Pudderzocker, Vanillsaroma a brongen Zocker derbäiginn.
D‘Mass kräfteg réieren.
1 Stonn an de Frigo stellen.
D‘Glasur um Muertekuch verdeelen.
Am Frigo haart gi loossen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.