„Noël de la Rue asbl“

Am Interview verréit eis de Léon Kraus, President vun “Noël de la Rue ASBL” wéi alles ugefaangen huet a gëtt eis en Abléck a seng Aarbecht.
Stëmm vun der Strooss

Säit der Grënnung vun der Stëmm vun der Strooss am Joer 1996 verfollegt d‘Associatioun bestänneg een Zil: Deene Leit ze hëllefen, déi et am néidegsten hunn. Am Laf vun dësen 20 Joer huet sech vill gedoen.
Interaktiv d’Sprooch léieren

Eng Sprooch léieren oder stäerken, dat klengt fir vill Léit no Aarbecht. Och Erënnerungen un d‘Schoul kommen héich wou vill muss geléiert a geüübt ginn. Eng Sprooch kann een awer och op alternative Weeër léieren! Grad am digitalen Zäitalter ginn et vill Alternativen zu klassesche Coursen. Mir ginn Iech hei e puer Beispiller, wou Dir […]
„Lëtzebuergesch? Jo an Nee!”

Ass d’Lëtzebuerger Sprooch de Schlëssel oder éischter eng Barrière fir d‘Integratioun vun auslännesche Matbierger a Grenzgänger? Op déi Fro wollte mer hei eng schlësseg Äntwert kënne ginn, mee et sollt am Laf vun eise Recherchen anescht kommen, wéi ufangs geduecht. Am Fong hate mer gemengt, datt jiddereen, dee mir zu dësem Thema befroen, déi selwecht […]
Gesetzesprojet iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

De 15. November 2017 huet de Regierungsrot de Gesetzesprojet iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl. Domat ënnersträicht d’Regierung nach emol hiren Engagement, fir d’Roll vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft ze stäerken an d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur kohärent an nohalteg ze sécheren. De Gesetzesprojet gesäit eng Partie Mesurë vir, déi d’Regierung am […]
„Lëtzebuergeschass d’Sprooch vun der Jugend“

Wéi wichteg ass déi lëtzebuergesch Sprooch haut: engersäits am Alldag, anerersäits als Amtssprooch? Vläicht kléngt dat verwonnerlech, mee Lëtzebuergesch war nach ni sou wichteg wéi hautdesdaags. Bei ronn 49% Net-Lëtzebuerger am Land huet dës Sprooch eng grouss Bedeitung fir d’Integratioun a fir d’Zesummeliewe vun allen Nationalitéiten zu Lëtzebuerg. Dat gëllt fir all Deeler vun der […]
Aktioune ronderëm eis Sprooch

Niewent dem zukünftegen Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ginn et nach weider, Projeten a Initiativen ronderëm d‘Lëtzebuerger Sprooch. Mir stellen Iech an dësem Artikel 4 vun hinnen fir, geheien e Bléck op hier Aarbechten a froen no wéi si zum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch stinn. Jérôme Lulling(LuxDico.lu) Michel Weimerskirch(Spellchecker.lu) Claude Bache(Actioun Lëtzebuergesch) Denise Heiderscheid(Moien a.s.b.l.) Jérôme […]
E Master am Lëtzebuergeschen

Zënter dass d’UNI Lëtzebuerg um Belval hir Dieren opgemaach huet, gëtt den Undrang, fir zu Lëtzebuerg ze studéieren, ëmmer méi grouss. Wat awer net vill Leit wëssen: Och d’Sprooch vun eisem klenge Ländchen huet hir Plaz als eegestännege Studiegank an der „Maison des Sciences Humaines“ fonnt. Säit ronn aacht Joer kënne sech Studenten an de […]
Sharing Economy

Deelen als Modell vun der Zukunft – wat stécht derhannert? De Prinzip hanner der Sharing Economy ass net nei! Jiddweree vun eis huet schonn emol den Noper, den Aarbechtskolleeg oder e Kolleeg gefrot, fir eppes geléint ze kréien. Duerch anerer kritt een esou Zougang zu Saachen, déi ee selwer net besëtzt! Mee d‘Deelen hëlt aner […]
Déi gréng Energie vun der Loft
Säit Jore gëtt an Europa ëmmer méi op erneierbar Energië gesat. Och zu Lëtzebuerg gesäit den Aktiounsplang vum Juli 2010 vir, datt bis 2020 genau 11 Prozent vum nationalen Energieverbrauch aus erneierbaren Energiequelle soll hiergestallt ginn. Scho säit den 90er Joren ass d’Wandenergie eng vun den effizientsten Alternativen zu Atomstroum a Co. hei am Land. […]