Pilot, Braun, Hellers, Saibene, Barreiro …

Lëtzebuerger Futtballer an Traineren am Ausland

Et war fréier éischter d’Ausnam fir Lëtzebuerger Futtballer, sech als Profi an d’Ausland ze woen an sech am haarde Futtballbusiness duerchzesetzen. Seele ware méi wéi zwee oder dräi Lëtzebuerger Futtballer gläichzäiteg Profi am Ausland.

© Editpress/Archiv 

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Dat huet sech an de leschte Jore grondsätzlech geännert. Haut sinn 18 Legionären, déi a bekannte Ligaen am Ausland spillen, am Kader vun der Lëtzebuerger Nationalequipe. Deen héchste Maartwäert (an de Maartwäert, dee vun transfertmarkt.de ermëttelt gëtt, fléissen ënner anerem: sportlech Leeschtungen, den Alter vum Spiller, d’Zukunftsperspektive vum Spiller, déi reell Nofro um Transfertmaart oder déi bis dato fir de Spiller bezuelten Transfertzomm) huet de Leandro Barreiro mat 8 Milliounen Euro. Bei de Lëtzebuerger Futtballtraineren ass et virun allem de Jeff Saibene, deen ënner anerem bei Arminia Bielefeld am Ausland als Trainer erfollegräich war.

Louis Pilot
Guy Hellers

An den 1960er an 1970er Jore war et de Louis Pilot, deen eng grouss Spillerkarriär um Standard Léck hat. Hie stoung an 342 Spiller fir den Traditiounsveräin um Terrain an huet mam Standard véier Mol de belsche Championnat an zweemol d’belsch Coupe gewonnen. De Louis Pilot gëllt als ee vun de grousse Spiller an der Geschicht vum Lëtzebuerger Fussball. No senger aussergewéinlecher Spillerkarriär koum eng Trainerkarriär, bei där hie vun 1978 bis 1984 Lëtzebuerger Nationaltrainer war. An der Saison 1984/1985 ass hien du fir eng Saison als Trainer a säin Häerzensveräin Standard Léck zeréckkomm.

Den Nico Braun huet an de 1970er-Joren op sech opmierksam gemaach. Seng Profiskarriär huet beim FC Schalke 04 ugefaangen, wou hien an der Saison 1971/1972 déi däitsch Coupe gewonnen huet. No 2 Saisone bei de Königsblauen ass hien op den FC Metz gewiesselt, wou hien zur Veräinslegend avancéiert ass. Den Nico Braun ass nach ëmmer de Rekordbuteur vum FC Metz mat 96 Goler an 170 Spiller, déi hien an der 1. Divisioun (haut Ligue 1) fir den FC Metz markéiert huet. Och haut nach erënneren sech déi eeler Supporter vum FC Metz un de Stiermer aus dem Grand-Duché.

Jeff Saibene
Roby Langers

D’1980er an 1990er si vun zwee grousse Futtballer markéiert ginn: dem Guy Hellers an dem Roby Langers. De Guy Hellers huet dee gréissten Deel vun senger Karriär fir de Standard Léck gespillt, wou hien a 458 Spiller 37 Goler geschoss huet. De Roby Langers kann als Futtballwandervull bezeechent ginn, hien huet fir 11 verschidden Equippen am Ausland gespillt, dorënner ënnert anerem d’Borussia Mönchengladbach, den FC Metz an d’Eintracht vun Tréier. 1987 gouf de Roby Langers zum Lëtzebuerger Sportler vum Joer gewielt. Déi zwee hunn zesummen an der Lëtzebuerger Nationalequipe gespillt.

An de leschte Jore konnten sech ëmmer méi jonk Lëtzebuerger Futtballspiller hiren Dram erfëllen a Profi-Futtballspiller am Ausland ginn. Ee vun hinnen ass dee réischt 22 Joer ale Leandro Barreiro, dee mëttlerweil feste Bestanddeel vun der Bundesligaekipp FSV Mainz 05 an Däitschland ass. Nieft dem Barreiro spillen den Ament den Yvandro Borges Sanches (Borussia Mönchengladbach) an de Mathias Olesen (1. FC Köln) an der 1. Bundesliga. Ausserdeem sinn de Sebastian Thill (FC Hansa Rostock / 2. Bundesliga) an de Kapitän vun der Nationalequipe Laurent Jans (Waldhof Mannheim / 3. Bundesliga) an Däitschland aktiv.

Et kennt dacks fir, datt fréier Profifuttballer no hirer Spillerkarriär d’Säite wiesselen an op der Trainerbänk Plaz huelen. Dräi fréier Proffien: De Louis Pilot, de Paul Philipp an de Guy Hellers goufen Nationaltrainer. De Jeff Saibene, als Futtballprofi an der Schwäiz aktiv ënner anerem fir den FC Aarau, huet eng erfollegräich Trainerkarriär am Ausland. Virun allem seng Zäit bei Arminia Bielefeld war ganz erfollegräich an ass an Erënnerung bliwwen. Am Moment ass de Jeff Saibene Trainer vu Xamax Neuchâtel an der Schwäiz. Zu engem Novum koum et am November 2017. De 26. November 2017 stoungen sech um Betzeberg, dem Stadion vum 1. FC Kaiserslautern, fir déi éischte Kéier zwee Lëtzebuerger Traineren am Ausland géigeniwwer. De Jeff Saibene als Trainer vun Arminia Bielefeld an de Jeff Strasser (als Profispiller ënnert anerem beim FC Metz, 1. FC Kaiserslautern, Borussia Mönchengladbach) als Trainer vum 1. FC Kaiserslautern. An dësem Duell an der 2. Bundesliga huet d’Equipe vum Jeff Saibene sech géint d’rout Däiwelen duerchgesat an 2:0 gewonnen.

Topp-Maartwäerter vu Lëtzebuerger Fussballprofien am Ausland

Stand November 2022 (transfertmarkt.de)

1. Leandro Barreiro

1. FSV Mainz 05, Däitschland

100 ,0 Mio. €

2. Christopher Martins Pereira

Spartak Moskau, Russland

100 ,0 Mio. €

3. Gerson Rodrigues

Al Wehda, Saudiarabien

100 ,5 Mio. €

4. Anthony Moris

Union Saint-Gilloise, Belsch

100 ,5 Mio. €

5. Daniel Sinani

Norwich City, England

100 ,5 Mio. €

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.