Stonnelaangt Spillen um Computer: e systematescht Unzeeche fir Ofhängegkeet?

Ob um Computer, um Smartphone oder op enger Konsol, d’Kanner spillen ëmmer méi op Bildschiermer. Déi meescht Eltere si beonrouegt, datt d’Kanner sou vill Zäit mat Videospiller verbréngen. Munch gesinn doran en Unzeeche vu Videospillsucht. Ass dat wierklech e Krittär, fir vun Ofhängegkeet ze schwätzen? BEE SECURE huet sech mat dëser Fro beschäftegt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Kann ee vu Videospiller süchteg ginn?

An de leschte Joren hu sech d’Videospiller an hir Plattforme staark weiderentwéckelt. Esou huet sech d’Zäit, déi mat Videospiller verbruecht gëtt, beträchtlech erhéicht, besonnesch bei Leit ënner 30 Joer. Dofir ass d’Fro nom Suchtrisiko vu Videospiller berechtegt.

D’WHO (Weltgesondheetsorganisatioun) definéiert Ofhängegkeet als e Verhalen, bei deem d’Verwendung vun enger Substanz aner Aktivitéite behënnert. Mat anere Wierder: D’Ofhängegkeet ass eng Krankheet, déi een dovun ofhält, de Konsum vun engem Produkt ze kontrolléieren. Et ass een esou andauernd op der Sich no der Aktivitéit oder dem Produit, op deen een e Besoin verspiert. Dëst huet Follgen fir Liewen a Gesondheet: Et kann zum Beispill zum Verloscht vun all de soziale Kontakter féieren.

Wéinst der grousser Roll, déi Videospiller haut am Alldag vun de Kanner spillen, huet d’WHO hir Definitioun vun der Ofhängegkeet ëm d’Angab „Videospillsucht“ ergänzt. D’Organisatioun erkennt also déi süchteg maachend Manéier un, déi d’Spiller op d’Verhale vun enger Persoun kënnen hunn. Munch Betraffener verléieren all Interêt un anere Saachen a verbréngen hir Zäit nëmmen nach mat Online-Spiller.

Vill Zäit virum Bildschierm bedeit net direkt Sucht

Obwuel et méiglech ass, vu Videospiller süchteg ze ginn, sinn nëmme wéineg Leit (Kanner oder Erwuessener) betraff. D’Zäit, déi virum Bildschierm verbruecht gëtt, huet sech zwar erhéicht, mee d’Psychologe schwätzen éischter vu Mëssbrauch ewéi vu Sucht.

Hautdesdaags verbrénge Kanner a Jugendlecher vill méi Zäit virum Computer ewéi nach virun zéng oder zwanzeg Joer. De Phenomeen hänkt mat hirer Generatioun zesummen: Si ginn an eng Welt eragebuer, wou de Bildschierm eng grouss Wichtegkeet kritt huet. Si si scho vill éischter dem Fernsee, dem Tablet oder dem Smartphone ausgesat. Zudeem gesinn d’Kanner, wéi an hirem Ëmfeld, dorënner och vun hiren Elteren, de Bildschierm reegelméisseg benotzt gëtt. Fir si ass de Gebrauch vum Computer oder Telefon eppes ganz Natierleches.

D’Suerg vun den Eltere vis-à-vis vun dësem iwwerméissege Gebrauch ass virun allem e Generatiouneproblem. Well si net mat deenen Technologien opgewuess sinn, hu si net sou vill Videospiller gespillt. Et handelt sech also ëm eng Form vun Onverständnes vun der Säit vun den Elteren, déi nëmme schwéier begräife kënnen, wei wichteg Videospiller fir hir Kanner kënne sinn. Si verstinn net, aus wéi enge Grënn e Kand (oder e Jugendlechen) en ettlech Stonne pro Woch virum Bildschierm verbréngt.

Wéi erkennt een eng Videospillsucht?

Am Fall vun enger Ofhängegkeet kann d’Kand seng Spillzäit net méi kontrolléieren a spillt och op Käschte vu sengen aneren Aktivitéiten. Sou kann et sinn, datt d’Kand an der Nuecht opsteet, fir eng Partie weiderzemaachen, an dobäi d’Zäitgefill verléiert. D’Kand ass sou verdéift an d’Spill, datt seng schoulesch Leeschtungen dorënner leiden an et Stéck fir Stéck all aner Aktivitéiten opgëtt. A besonnesch schlëmme Fäll kann et esouguer dozou féieren, datt et d’Schoul ganz opgëtt.

Eendeiteg Krittären, vu wéini un ee vu Sucht schwätze kann, sinn déi follgend: D’Kand brécht all seng sozial Kontakter am richtege Liewen of. Seng Bezéiungen zu senge Frënn sou wéi zu senger Famill huelen of. D’Jugendlech kënne reegelrecht isoléiert sinn an d’Gefill „eleng géint jidderee“ kréien. An déi ofhängeg Persoun, déi en héicht Spillbedierfnes huet, ka sech besonnesch trauereg, ängschtlech oder esouguer aggressiv weisen, wann een hir d’Spill verweigert.

Zesummen eng Spilldauer festleeën

BEE SECURE réit Iech dozou, mat Äre Kanner eng Bildschiermzäit ze reegelen, dat heescht déi Zäit, déi si pro Dag mat Spillen oder mam Fernsee verbréngen däerfen. Dës Zäit muss dem Alter vum Kand ugepasst ginn ewéi u seng Schoulzäit. Et ass dofir noutwendeg, festzeleeën, a wéi enge Momenter am Dag e Kand um Computer oder op der Konsol spille kann.

D’Eltere solle sech och fir d’Spiller vun hire Kanner interesséieren. Sou kënne si den Inhalt vum Spill examinéieren (ass et adaptéiert fir hiren Alter?), awer och besser verstoen, wéi een Interessi dat Kand dofir huet. Ausserdeem kënnen d’Elteren hire Kanner och Videospiller virschloen.

Et gëtt keng ideal Zäitbegrenzung. Amplaz eng Dauer a Stonnen oder Minutten festzeleeën, ass et besser, d’Unzuel vun de Partie fir d’Kand ze begrenzen. Sou léisst sech d’Frustratioun vermeiden, wann d’Spill abrupt ënnerbrach gëtt, wann d’Kand grad amgaang war ze gewannen.

En Artikel vun BEE SECURE

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.