Fraefussball zu Lëtzebuerg – net just en Unhängsel

Jo, och Frae spille Fussball. An och zu Lëtzebuerg. Natierlech gëtt et de Fraefussball nach net sou laang wéi de Männerfussball. Dat erkläert vläicht och, firwat en nach net sou bekannt ass. Lëtzebuerg huet 4.475 lizenzéiert Spillerinnen, déi a verschiddene Veräiner, Kaderen a Championnater spillen, Tendenz no uewen. An et gëtt heiheem och eng Nationalekipp. 2021/2022 hunn déi lëtzebuergesch Damme souguer an der WM-Qualifikatioun gespillt a sinn op der véierter vu sechs Plaze gelant. De Fraefussball ass also net just en „Unhängsel“ vum Männerfussball.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

„Zu Lëtzebuerg gëtt villes gemaach, fir de Fraefussball méi populär ze maachen“, erkläert eis d’Carine Nardecchia, déi am Oktober dëst Joer fir d’zweete Kéier an de Conseil d’administration vun der FLF (Fédération Luxembourgeoise de Football) gewielt gouf. Si ass a war déi eenzeg Fra am Conseil. Datt de Fraefussball net sou bekannt zu Lëtzebuerg ass, féiert si drop zeréck, dass et dësen nach net sou laang gëtt wéi de Männerfussbal. Hirer Aschätzung no ass de Fraefussball an de leschte Joren awer méi bekannt ginn, besonnesch säit der WM-Qualifikatioun vun der lëtzebuergescher Ekipp 2021/2022.

Doduerch hätt een och nei Talenter an der Ekipp entdeckt. „Deelhuelen un internationale Qualifikatiounen dréit dozou bäi, eisen Image opzewäerten an eis ze beweisen“, sou d’Carine Nardecchia. Dowéinst ass si der Meenung, dass Lëtzebuerg, wann et d’Chance dozou kritt, onbedéngt international Qualifikatioune vun der WU17 (Women’s Under-17) a vun deenen anere Kategorien heiheem organiséiere sollt, fir de Fraefussball méi populär zu maachen. An anere Länner, wéi zum Beispill den USA oder Brasilien, ass den Dammefussball op deem selwechte Level wéi säi männleche Pendant. „Dat ass schonn e gudden Ufank“, seet d’Carine Nardecchia.

Dat heescht awer net, dass den Dammefussball zu Lëtzebuerg nach an de Kannerschong stécht. Ganz am Géigendeel. Op nationalem Niveau ginn et follgend Strukturen: Championnat vun den Damme mat 34 Ekippen, déi an dräi Ligaen opgedeelt sinn, Championnat vun de Cadettes mat 13 Ekippen a Championnat vun de Jeunes Filles mat 23 Ekippen. An um Niveau vun der FLF ginn et verschidde Kaderen: Detektioun, WU13, WU15, WU17, WU19 an d’Nationalekipp. Déi lëtzebuergesch A-Ekipp gëtt et säit 2013. Säit dem Summer 2020 gëtt se vum Daniel Santos trainéiert.

E klenge Réckbléck an d’Geschicht weist, dass den Dammefussball zu Lëtzebuerg sech weiderentwéckelt huet. Am éischte Weltkrich hat de Fraefussball a ville Länner seng éischt Blütezäit. D’Männer si rekrutéiert ginn, fir an de Krich ze zéien, an d’Fraen hu missten an de Veräiner agesat ginn, fir de Spillbetrib oprechtzeerhalen. Dono koum eng Zäit, wou gemengt ginn ass, d’Fraen hätten um Fussballfeld näischt ze sichen an hätte besser, doheem an der Kichen hannert dem Kachdëppen ze stoen. Am November 1971 huet d’UEFA (Union of European Football Associations) sech dofir ausgeschwat, de Fraefussball erëm opzehuelen. 1972/73 huet zu Lëtzebuerg déi éischte Kéier en offizielle Championnat am Dammeberäich stattfonnt. Dono hunn esou Championnater nëmmen onreegelméisseg stattfonnt. Ab 1997 huet sech dat geännert. Vun deem Moment un ass all Joer e Championnat am Dammefussball gespillt ginn.

Ginn et iwwerhaapt lëtzebuergesch Dammen, déi och am Ausland spillen? Jo, et ginn der souguer e ganze Koup. Am Géigesaz zu anere Länner sinn d’Spillerinnen zu Lëtzebuerg allerdéngs keng Profien, mee Amateuren. Just d’Laura Miller, dat fir de Standard Léck spillt, ass do eng Ausnam. Fir de Standard Léck spillen och nach d’Rachel Kirps an d’Caroline Jorge. Fënnef weider Damme spillen am Veräin TuS Issel (D), zwou am SC Freiburg (D) an eng Spillerin, d’Kate Thill (SC Bettembourg), ass souguer an den USA aktiv. Als villverspriechend Talent schätzt d’Carine Nardecchia d’Lëtzebuergerin Charlotte Schmit (SC Freiburg) an. „D’Charlotte Schmit ass déi eenzeg Damm, déi d’Chance hat, duerch d’Fussballschoul vun de Jongen an der FLF ze goen“, erkläert si.

© Editpress/Archiv
Fotoen: © Editpress/Archiv 

Ganz stolz ass d’Carine Nardecchia op d’Performance vun der lëtzebuergescher Dammen-Nationalekipp bei der WM-Qualifikatioun 2021/22. Do huet Lëtzebuerg géint Länner wéi England an Éisträich gespillt. „Géint Lettland, Nordmazedonien an esouguer Nordirland konnte mir eis gutt verkafen a souguer Punkten huelen“, seet si. Géint Nordmazedonien huet Lëtzebuerg 6 Punkten a géint Lettland 3 Punkte geholl. Beim Match géint Nordirland hätt Lëtzebuerg souguer kéinte gläichspillen, schätzt d’Carine Nardecchia. D’Ekipp vum Roude Léiw war um Enn awer knapp 1:2 ënnerleeën. Dat wier eng ganz gutt Leeschtung, am Wëssen, datt eis Dammen alleguer, ausser d’Laura Miller, Amateure sinn, erkläert si. „Dat ass ganz éierbar, well déi aner Ekippen hu jo schonn un EMen a WMen deelgeholl. An déi meescht hunn och bal nëmme Profie bei sech spillen, a mir net.“

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.