Well et zesummen awer méi flott ass

Gaming Café zu Lëtzebuerg

Fotoen: © Sam van Maris

Als jonken Erwuessene steet ee samschdes owes meeschtens virun där selwechter Entscheedung: op den Tour goen oder doheem bleiwen a sech e gemittlechen Owend maachen. Esou muencher engem geet et esou, an och bei mir war dat net anescht. Mee sech nach fäerdeg maachen fir an d’Disco ze goen, bei ze haarder Musek an ze héijem Alkoholkonsum ze feieren, dat seet ville Leit näischt a si bleiwe léiwer doheem a reese mat Mario & Co. an eng fantasievoll virtuell Welt. Et kéint een dach déi flott Aspekter vu béiden Alternative kombinéieren?

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Och wann dëst elo no engem flotte Walsproch kléngt, fir déi Jonk aus dem Haus ze kréien, ass et keng politesch Mesure, mee d’Iddi vun der Videogames.lu-ASBL. Am Dezember 2013 hat de Veräin säin éischten Event a Form vun engem Gaming Café organiséiert, also viru ronn zéng Joer. D’Iddi war, datt de Gaming Café sollt eemol am Mount am Centre Wirtspesch zu Koplescht stattfannen. Falls dee Sall net verfüügbar war oder aner Events vu Videogames.lu dee Mount stattfonnt hunn, ass de Gaming Café och mol ausgefall oder d’Organisateuren hu kuerzerhand d’Gemeng gewiesselt.  

“Virun zwee Joer am Juli war bei de villen Iwwerschwemmungen och de Centre Wirtspesch betraff”, erzielt eis de Raphael Kauffmann, President vu Videogames.lu. “Säitdeem ass dee Sall net méi notzbar a mir mussen op d’Kulturhaus zu Koplescht zeréckgräifen”, seet hien. Dat géif awer am Moment renovéiert ginn, an de Veräin misst op aner Plazen auswäichen. Am Gaming Café treffe sech Jonk an Al, Déck an Dënn, fir zesummenzekommen an Zäit mateneen ze verbréngen. Dozou passt och hire Slogan: Komm laanscht a spill mat!

Den Numm Gaming Café kënnt duerch déi ursprénglech Iddi zesummen eppes ze drénken, ze poteren an niewebäi ze spillen. Hei geet et vu Brietspiller iwwer Retro-Konsolespiller bis hin zu aktuellen Titelen. Ob een elo aktiv deelhuelen oder sech just en Abléck an déi Kultur verschafe wëll, ass jidderengem selwer iwwerlooss.

Lassgaangen ass et also Enn 2013. D’Iddi koum vu Videogames.lu, wat deemools just en Internetforum mat enger immens aktiver Community war. Eigentlech wollt ee just eng kleng Feier organiséieren fir den drëtte Gebuertsdag ze feieren, dofir war e klenge Sall vun der Gemeng zu Koplescht gelount ginn. Komme konnt jiddereen, dee Loscht hat, a schnell gouf d’Entscheedung getraff, déi eng oder aner Spillkonsol dohinzestellen, fir kënnen zesummen ze spillen. Duerch déi vill positiv Feedbacken hunn sech deemools de Cédric Feyereisen (Nickname: bongosmasher) an de Pit Gennari (Nickname: PowPit) geduecht, et kéint een esou Events op enger reegelméisseger Basis starten, fir datt Leit aus hirer Gamingkummer, -stuff oder hirem -keller erauskommen.

© #

© #

Mat engem klassesche Café kann een dat Ganzt dann awer net vergläichen. D’Ambiance ass eng ganz aner. Op engem Dësch spillen se Monopoly, op engem anere sëtzen se mat de Laptoppen an hu Kopfhörer op den Oueren. Insgesamt héiert een, wann een duerch de Sall trëppelt, déi verschiddenst Téin, sief et Spillmusek oder Diskussiounen. An natierlech gehéiert en enthusiastescht Ufeiere vu Spiller, déi an enger spannender Partie mat- oder géinteneen untrieden, och dozou. Obwuel et hei och eppes ze drénken oder z’iesse gëtt, läit de Fokus dach op der Iddi fir zesummen ze spillen. Mat reegelméisseg iwwer 100 Leit huet dëst Evenement, dat eemol de Mount ass, vill Succès. De Sloppy Joe’s (Gehackteszooss am Bréitchen) gëtt säit deem éischte Gaming Café fir z’iessen ugebueden an ass hausgemaach. Am Laf vun de Joeren ass dat Rezept weider verfeinert ginn, verréit eis de Raphael Kauffmann. Dernieft gi lecker Desserte vum President senger Schwester preparéiert, déi och Member am Veräin ass. Dat Ganzt kritt ee fir wierklech sozial Präisser, et geet net drëm, Profit mam Verkaf ze maachen.

Nierft dem Gaming Café organiséiert Videogames.lu verschidde gréisser Events oder hëllt dorunner deel. Sou zum Beispill de Gameland, deen am éischte Weekend an der Päischtvakanz stattfënnt oder de Gamers’ Resort, deen zesumme mat RelyOn Esports am Februar organiséiert gëtt. Reegelméisseg ass de Veräin op der Geek Foire an der LuxCon dobäi.  

“Turnéier ginn am Moment vun der Fighting Game Community oder vun der SweetSpot ASBL. organiséiert”, seet de Raphael Kauffmann. D’Zwillingen Roberto an Alessandro Spigarelli managen d’Fighting Game Community an decidéieren, wéi eng Turnéier et an de Fighting Games ginn. SweetSpot këmmert sech ëm d’Turnéier mat der Bezeechnung Super Smash Brothers Ultimate.

Wie sech dat gären emol ukucke geet oder esouguer un engem vun den organiséierten Turnéiere wëll deelhuelen, dee fënnt d’Infoen, wéini deen nächste Gaming Café stattfënnt, um Site vu videogames.lu an op de Soziale Medien. Als lescht bleift nach ze soen, datt den Entrée jeeweils gratis ass.

Mir wënsche vill Spaass beim Daddelen!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.