Den E-Sport zu Lëtzebuerg ënner der Lupp

E Gespréich mam LESF-President Joe Hoffmann

Wat ass eigentlech E-Sport a firwat ass en zu Lëtzebuerg nach net als Sportaart unerkannt? Ëmmerhi ginn et hei am Land iwwer 5.000 E-Sport-Athleten. De Konterbont huet sech mam Joe Hoffmann, dem President vun der Luxembourg Esport Federation (LESF) ënnerhalen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wat ass dann eigentlech E-Sport? Der Definitioun no bezeechent de Begrëff déi professionell Kompetitioun an de Beräicher Computer- a Videospiller. D’Spiller moossen sech, wéi och an de klassesche Sportaarten, mat Géigner an der selwechter Disziplin. Zwee oder méi Konkurrenten duelléieren sech an engem Spill. Si bezeechnen sech als professionell Gamer oder E-Sportler. An iwwer 60 Länner weltwäit gëtt E-Sport vun den etabléierte Sportverbänn als Sportaart unerkannt. Dat ass zum Beispill an den USA, a Brasilien, a China oder och a Südkorea de Fall. Awer och an Europa ass den E-Sport a verschiddene Länner schonn unerkannt: a Frankräich, Polen, Dänemark, Groussbritannien, Montenegro a Schweden. Zu Lëtzebuerg musse mir eis awer nach gedëllegen.

Wëssenschaftler vun der Sport-Héichschoul zu Köln (SpoHo) hu rezent d’Leeschtunge vun E-Sportler analyséiert an erausfonnt, datt professionell Gamer et op bis zu 400 Beweegunge pro Minutt op der Tastatur oder der Maus packen. Dobäi erreecht hire Kortisolspigel ongeféier den Niveau vu professionelle Rennfuerer. A punkto Häerzfrequenz erreecht hire Bols bis zu 180 Schléi an der Minutt. Och dat ass vergläichbar mat der Häerzfrequenz vun engem Rennfuerer oder Marathonleefer, sou hir Schlussfollgerung. Et kann een deemno net behaapten, datt et näischt mat Sport ze dinn hätt. De bekannte Prof. Dr. Ingo Froböse, Sportwëssenschaftler op der SpoHo an Auteur vun ettleche Wierker, kënnt a sengen Analysen zum Schluss, datt den E-Sport als Sport bezeechent ka ginn.

Sou sinn d’Profisekippen hautdesdaags dann och sou opgebaut wéi e professionellt Fussballteam, mat allem, wat dozougehéiert: e Psycholog, e Fitnesstrainer, e Kiné, en Ernärungswëssenschaftler asw. Déi Spiller sinn deementspriechend och wierklech kierperlech fit. Dat hëlleft hinne wärend der Kompetitioun um Computer. Eng Finall kann och mol fënnef Stonnen daueren, eng laang Zäit, an där ee muss permanent opmierksam sinn, fir datt ee keng Feeler mécht. Déi mental Fitness gëtt duerch kierperlech Fitness ergänzt.

Gaming ass keen E-Sport

Am E-Sport ginn et allerdéngs, wéi an anere Sportaarten och, net nëmme Profien. Et gëtt nämlech en Ënnerscheed, ob ee Gaming oder E-Sports mécht. E Gamer kann een am beschte mat enger Persoun vergläichen, déi de Weekend mat hire Kolleege Fussball spille geet ‒ dat ass kee Fussballspiller, se mécht dat heiansdo aus Spaass. A genee esou ass e Gamer och keen E-Sportler. E-Sport ass dogéint scho méi kompetitiv. Aus engem Gamer kann natierlech och emol en E-Sportler ginn, wann aus dem Spillen als Fräizäitbeschäftegung d’Kompetitioun dobäikënnt.

Bei eiser Recherche no engem Gespréichspartner iwwer den E-Sport zu Lëtzebuerg si mir mol direkt op zwou Federatioune gestouss: Engersäits d’Luxembourg Esport Federation (LESF) an anerersäits d’Fédération Luxembourgeoise d’Esport (FLES). Wéi eng ass da lo déi offiziell, déi den E-Sport zu Lëtzebuerg vertrëtt, hu mir eis gefrot.

De Joe Hoffmann, President vun der LESF, seet eis op Nofro: „Wann Dir mech frot, dann ass et d’LESF. Wann Dir op internationalem Niveau frot, dann ass et och d’LESF.“ Eng Géigestëmm konnte mir net afänken. Eng sëllegen Ufroe vum Konterbont bei där anerer Federatioun, der FLES, bleiwen nämlech bis Redaktiounsschluss onbeäntwert. Och soss hält hir Aktivitéit op de bekannte soziale Plattformen an am Netz sech zimmlech a Grenzen.

Am Joer 2020 gouf et zu Lëtzebuerg een eenzege professionellen Acteur, deen seng Spiller bezuelt huet. Dësen Acteur huet sech an deem Joer, an deem d’Corona-Pandemie ausgebrach ass, mat deem gréissten Amateur-Acteur zesummegesat a béid hunn iwwerluecht, wéi se den E-Sport kéinte weiderbréngen. D’Iddi vun enger Federatioun ass entstanen. „Mir hu jiddereen am Secteur kontaktéiert fir matzemaachen“, erënnert de Joe Hoffmann sech. D’Statute goufen ausgeschafft, wat net einfach war, matten an der Pandemie. D’Luxembourg Esport Federation (LESF) gouf gegrënnt.

Keng Zesummenaarbecht erwënscht

„Een Acteur am Beräich vum E-Sport wollt allerdéngs net mat eis zesummeschaffen“, sou den LESF-President. „Dat waren d’Leit vun der Firma, déi hannert der 11F-Communautéit steet.“ D’LESF wier e puermol un 11F erugetrueden, fir ze kucken, wéi een d’Federatioun zesumme kéint opsetzen. Mee wäit wier een dobäi net komm an 11F wier säin eegene Wee gaangen. Bis dunn eng zweet E-Sport-Federatioun op d’Bee gestallt gouf: D’Fédération Luxembourgeoise d’Esport (FLES) ënnert der Regie vum 11F-Grënner, deen sech awer net mat sengem eegenen Numm dorunner bedeelegt hätt, mee just seng Leit do placéiert hätt, erkläert de Joe Hoffmann. An Tëschenzäit ass 11F faillite.

Hien erzielt, datt d’LESF schonn eng méi laang Geschicht huet. Se gouf am Joer 2005 ënner anerem vum Pirat Sven Clement gegrënnt a war dunn eng Rei Joren als Lëtzebuerger Federatioun bei villen Eventer present. Den Numm ass dunn duerch Zoufall am Mäerz 2020 fräiginn. Opgrond vu feelender Aktivitéit wier d’Federatioun nämlech zu deem Zäitpunkt automatesch opgeléist ginn. Dësen Numm hätt een da rëm opgegraff an déi nei gegrënnte Federatioun dono benannt, erkläert de Joe Hoffmann. Allerdéngs betount hien, datt déi nei LESF näischt mat der Piratepartei ze dinn hätt. „Mir wëllen onofhängeg vun der Politik sinn.“

D’LESF ass deemno vun der European Esports Federation (EEF), vun der International Esports Federation (IESF) a vun der Global Esports Federation (GEF) unerkannt. Dëst Joer war d’LESF zum Beispill op den European Esports Championchips zu Katowice am Kader vun den European Games vertrueden. Dat ganzt ass vum European Olympic Comittee (EOC) organiséiert ginn. Am Géigesaz zum International Olympic Comittee (IOC) hätt den EOC den E-Sport op der Agenda, seet de Joe Hoffmann. Den IOC géif awer nëmmen Nischen-E-Sport promouvéiere wéi traditionell Sportaarten, déi einfach digitaliséiert sinn. Dës sougenannt Sportsimulatioune géifen awer nëmmen zéng Prozent vum Marché ausmaachen. „Déi regional Olympesch Comitéë gesinn dat méi global an hunn éischter verstanen, wat E-Sport ass a wéi een d’Jugend erreecht“, seet den LESF-President. Hei géifen nämlech och Spiller à la League of Legends, Dota oder Rocket League dozougehéieren.

De COSL mécht säin Job net richteg

De Joe Hoffmann spuert net mat Kritik um COSL (Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois) a seet, datt si hiren Job net sou maachen, wéi se sollen. De COSL wär nämlech responsabel fir den olympesche Sport zu Lëtzebuerg, mee awer och fir de privat organiséierte Sport. Mee de Kommitee géif ëmmer just olympesch argumentéieren. „De privat organiséierte Sport huelen si guer net wouer.“ An de Gespréicher tëschent dem COSL an der LESF wär et ni drëm gaangen, eng olympesch Unerkennung ze kréien, mee einfach just eng Unerkennung als Sportaart ze erreechen. An et hätt ee mol net eng Unerkennung als activité à caractère sportif, sou ewéi d’Scouten, kritt. Dat hätt kënnen en éischte Schrëtt sinn.

D’LESF schätzt d’Zuel vun de Lëtzebuerger E-Sportler op ronn 5.000. Dat wier seng pessimistesch Aschätzung, sou de Joe Hoffmann. Genau Zuele géifen et keng ginn. Am E-Sport wier et schwiereg, déi Leit dann och unzeschwätzen, well den E-Sport international ass. Hien nennt als Beispill de beschte Counter-Strike-Spiller aus Lëtzebuerg, deen e Profikontrakt am Ausland huet a virun allem an Däitschland ënnerwee ass. „Dat heescht, datt en net muss zu Lëtzebuerg aktiv sinn, fir als Lëtzebuerger Spiller ze gëllen. Dofir ass et heiansdo schwéier, un d’Leit ze kommen.“

Dat wär awer wichteg, wann ee Gamer wéilt fir e Championnat am Ausland zesummentrommelen. „Wéi mir Enn 2022 eng Ekipp gesicht hunn, fir mat op Bali fir d’Weltmeeschterschaft am Counter-Strike ze kommen, hate mer e puer Schwieregkeeten“, verréit de Joe Hoffmann eis. Fir d’éischt hunn d’Leit gemengt, datt den Opruff vun der Federatioun Scam wier, well déi lëtzebuergesch Regierung oder d’Ministèren den E-Sport guer net promouvéieren. Du war et schwiereg fir d’Sportler, Congé ze kréien. Den E-Sport fält am Moment weder ënner Congé sportif nach ënner Congé culturel. Ëmmerhi mussen d’E-Sportler net finanziell fir hir Rees opkommen. „Fluch an Hotel ginn ëmmer vun eiser Federatioun iwwerholl“, betount de Joe Hoffmann. D’LESF géif hirersäits Ënnerstëtzung vun den internationale Federatioune kréien. Finanziell gesi wier dat allerdéngs net einfach. „Mee et ass eisen Job, dat hinzekréien.“ Dofir ass d’LESF ëmmer op der Sich no Partner an organiséiert Eventer, fir Suen ze generéieren.

Wat de President esou gamed

Am Dezember 2023 hat den E-Fussballspiller Daniel Araujo vun Déifferdeng sech fir d’Global Esports Games zu Riad a Saudiarabie qualifizéiert. De Semi-Profi ass mat sengem Teammanager a mam Joe Hoffmann als President vun der lëtzebuergescher Federatioun fir eng Woch dohinnergereest, fir sech mat de beschte Gamer an sengem Spill ze moossen. Hie war déi lescht dräi Joer Champion vu Lëtzebuerg am E-Fussball an ass u kee Fussballsclub gebonnen. Dem LESF-President seng Aufgab war d’Vertriedung vu Lëtzebuerg op der internationaler Bün esouwéi d’Fiddere vun de Social-Media-Plattforme mat Contenu wéi Texter, Grafiken a Videoen zu de Matcher vum Déifferdenger op de Global Esports Games.

Wat spillt de Joe Hoffmann dann esou? „Am Moment spillen ech net vill, mee ech hunn ëmmer vill gespillt.“ Fréier huet hie méi um Computer wéi op der Konsol gespillt, dono huet hien d’Konsol ganz ewechgelooss. Gespillt huet hie World of Warcraft an ass dono op Counter-Strike an op PUBG gewiesselt. „Am PUBG war ech relativ gutt“, seet hien. Do huet hien och aktiv op engem Turnéier op der Gamescom géint lauter Profie gespillt.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.