De Lëtzebuerger Fussball:

Football

Zu Lëtzebuerg gëtt Fussball um héchsten Niveau an der BGL Ligue gespillt. Sinn déi Investoren aus dem Grand-Duché an iergendenger Aart a Weis mat deenen aus dem Ausland ze vergläichen? D’Äntwerte fënns du an dësem Artikel.

De Kinnek ënner de Medien oder just ee vu villen?

Zënter 1969 gëtt d’Medielandschaft vum klenge Grand-Duché vun engem Haus staark dominéiert: dem RTL Lëtzebuerg, deen zur Duechtergesellschaft CLT-UFA vum internationalen RTL Group gehéiert. Sief et um Radio, op der Tëlee oder um Internet – wien um neiste Stand wëllt bleiwen, dee kënnt (quasi) net laanscht RTL. Mee wéi ass et mat deenen anere grousse Medienhaiser? Kënne si beim Noriichte-Maachen iwwerhaapt mathalen, oder hält RTL (s)eng Monopolstellung, déi dach iergendwéi net ze iwwersinn ass? Froen, déi och op anere Plazen déck diskutéiert ginn.

Nei Weeër, nei Medien

En Atelier protégé deen eng digital Zeitung op Lëtzebuergesch eraus gëtt. Eng Traditiounszeitung déi no méi ewéi 70 Joer alles iwwer de Koup geheit an nei Weeër geet. 3 Journalisten déi mat investigativem Journalismus géint de Populismus virginn, an e Jugendmagasinn dat beweist datt eng Zesummenaarbecht vun zukünftege Journalisten iwwer d‘Landesgrenzen eraus ouni Problemer funktionéiere kann.
An 4 Artikele stelle mir dir 4 nei a modern Forme vu Journalismus fir.

Journalismus

Dir kennt en all aus de Mickimausen: de Klischee vum Journalist als „rasender Reporter“, mat engem Trenchcoat an engem Hutt un, an deem sengem Bändchen en Ziedel stécht, op deem „Press“ steet, de Fotoapparat oder de Bic an de Block am Grapp. Natierlech ass et am richtege Liewen net wierklech esou – awer bal.

Am permanenten Asaz

Lëtzebuerg zielt de Moment 513 vum Presserot unerkannte Beruffsjournalisten. An deem kuerze Saz leien d’Wierder Journalist a Press dran, ëm déi et an dësem Artikel haaptsächlech geet. Als Journalist mat iwwer 30 Joer Beruffserfarung, als laangjärege President an och Generalsekretär esouwuel vum Presserot wéi och vum Journalisteverband erlaben ech mer haut, déi zwou genannten Institutiounen aus menger Siicht virzestellen.

Vakanzekolonië virun der Hausdier

Vakanz muss een net Honnerten oder Dausende Kilometer vun doheem ewech verbréngen. Verschidden Organisatioune bidden niewent hire Vakanzekolonien am Ausland och eng breet Gamm zu Lëtzebuerg un – mat engem Koup un Abenteuer a Kreativitéit.

Al Gemaier, al Gebaier an Doudeger, déi guer net dout sinn!

Se tauchen ëmmer erëm op, a Geschichten, a Märercher an esouguer um groussen Ecran gesäit ee se dacks. Gespenster, Mënschen déi dout sinn an trotzdeem nach an esou muencher alem Gemaier hire Spunnes maachen, Leit erschrecken oder verjoen. Awer net nëmmen zu Hogwarts, deem wuel bekanntste Schlass vun der Welt, begéint een esou Zäitgenossen, och […]

De Lëtzebuerger Herkules

Loosst eis direkt mat enger Quizfro ufänken: Eise Protagonist ass immens staark, huet Muskelen aus Stol, ass ëmmer gutt gelaunt an huet immens kräfteg Zänn. Geet do bei deem engen oder anere vun Iech schonn d’Späicherliicht op? Rieds ass vu kengem anere wéi dem lëtzebuergeschen Herkules Georges Christen, deen et a senger 40-järeger Karriär net […]

Mythen, Legenden a Seeërcher zu Lëtzebuerg

Kanner hätten ëmmer gär owes, éier se schlofe ginn, eng Geschicht verzielt, déi hir Fantasie ureegt, se berouegt an se an de Schlof glëtsche léisst. Mir Eltere gräifen dobäi dacks op e Märchebuch zeréck, vläicht souguer ouni ze wëssen, datt mir domat eng Informatiounsquell benotzen, déi iwwer laang Zäiten déi verschiddenst Mythen, Legenden a Seeërcher […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.