Politik am gudde Sënn vum Wuert – sou wéi den däitsche Soziolog Max Weber et verstanen huet – ass d’Striewen no engem Deel vun der Muecht oder nom Beaflosse vun der Verdeelung vun der Muecht. Och Muecht wëlle mir hei am positive Sënn vum Wuert verstoen, als eng Kraaft, déi et erlaabt, eppes ze veränneren, eppes ze beweegen.
Nodeems ech mech mam Renée Wagener a mam Emile Calmes ënnerhalen hunn, fannen ech, datt dës Erklärung vu Politik nawell gutt bei déi zwee passt.
D’Renée Wagener war ganz jonk, wéi si 1983 d’Grënnung vun der grénger Partei materlieft huet. Fir déi fréier Journalistin a studéiert Historikerin, déi och bekannt ass fir hiren Engagement fir Fraen an der Gesellschaft, war et du schonn eng Evidenz, datt si sech géif an dëser Partei positionéieren. Zesumme mam Camille Gira, Jean Huss, François Bausch a Robert Garcia huet si net gezéckt, sech fir all Form vu Gerechtegkeet ze investéieren: Feminismus, d’Rechter vu Minoritéiten an déi generell Gesellschaftspolitik hunn déi jonk Fra am meeschten interesséiert.
Si ass 1991 an de Stater Gemengerot gewielt ginn a war vun 1994 bis 2004 Deputéiert fir Déi Gréng an der Chamber. „Ech war awer keent vum grénge Beemchen“, seet d’Renée Wagener selwer – si huet sech deemno net haaptsächlech fir den Naturschutz, mee méi fir Soziales a Gesellschaftstheemen agesat. Trotzdeem wier si awer och militant gewiescht, seet si. 2004 huet d’Renée Wagener ganz bewosst e Schlussstréch ënner dësen Ofschnëtt vun hirem Liewe gezunn. 1997 hat si schonn hiren Diplom an de Sozialwëssenschafte gemaach.
„Dat war de Grond, wisou ech opgehalen hu mat der Politik – fir datt deen Diplom net sënnlos géif bleiwen.“
Ma dat war net deen eenzege Grond, deen dozou bäigedroen huet, datt d’Renée Wagener nach eng Zäit – ech zitéieren – „Karteiläich“ wor, éier si ganz aus der Partei goung.
Et huet si och gestéiert, datt et an der Chamber war wéi an enger grousser Schoulklass oder an der Famill: Et streit ee wuel mateneen, awer um Enn klappt een sech nees op d’Schëller. D’Renée Wagener mengt, si hätt no 20 Joer laang genuch Politik gemaach an si hätt och ugefaangen, d’Distanz zum System – deen si jo eigentlech wollt verbesseren – ze verléieren. Ausserdeem hätt si du Problemer mat der Entwécklung vun der Linn vun deene Grénge gehat.
D’Decisioun, dat aktiv politescht Liewen hannert sech ze loossen, bereit d’Renée Wagener op kee Fall. Si huet sech am Beräich vun de Sozialwëssenschaften orientéiert an huet vill Joren op der Uni Lëtzebuerg an der Geschicht gefuerscht. Hir journalistesch Tätegkeet huet si awer mëttlerweil un den Nol gehaangen. Aktuell bréngt si hiert Wëssen an hir Erfarung bei der Alia (Autorité luxembourgeoise de l’audiovisuel) an.
„Ech wollt ëmmer e Bistro opmaachen“, seet d’Renée Wagener um Enn, mee et huet sech ni erginn.
Wat net ass, kann nach ëmmer kommen.
Een, dee scho ganz jonk den Dram hat, fir e Restaurant opzemaachen, ass de fréieren DP‑Politiker Emile Calmes. Säin Dram huet hie sech direkt e puermol wouer gemaach, an ech begéinen an sengem Restaurant nieft dem Cercle op der Plëss en entspaanten Emile Calmes, dee mat senger Fra an engem gudde Frënd kuckt, datt de Buttek leeft.
Anescht wéi d’Renée Wagener seet de fréiere Buergermeeschter vum Préizerdaul an och fréieren Deputéierten: „Politik war mäi Liewen!“ Et war schonn am Lycée fir de jonke Mann aus dem Réidener Kanton kloer, datt hie géif politesch aktiv ginn, an no enger kuerzer Aarbecht bei der Eisebunn huet hien sech 30 Joer laang als Gemengepapp am Préizerdaul nëtzlech gemaach – zäitgläich souz hie vun 1989 bis 2007 an der Chamber fir d’DP.
An der Restauratioun huet den Emile Calmes direkt op e puer Plazen d’Fanger am Spill, ënner anerem och op der Schueberfouer. Et gëtt him deemno net langweileg, an et ass wuel och dat, wat hie sicht:
„Ech ka mer net virstellen, all Dag an enger Grande surface Kaffi ze drénken oder op Tréier akafen ze fueren.“
Do paakt den eigentlech pensionéierte Mil Calmes léiwer eng Hand am Betrib mat un, gëtt Glacen eraus, spullt Glieser, hëlleft, wou Nout um Mann ass.
En Hobby, dofir hätt hien ni Zäit gehat. Dach – fir sech an der Kooperatiounshëllef ze engagéieren. Wat an der Zäit vun der aktiver Politik ugoung, féiert den Emile Calmes haut mat senger Fra weider. 3 bis 4 mol d’Joer reesen si zesummen an El Salvador, fir déi lokal Populatioun ze ënnerstëtzen an ze hëllefen, d’Suen, déi si spenden, sënnvoll unzeleeën.
Esouwuel beim Renée Wagener wéi och beim Emile Calmes hunn ech nom Gespréich d’Gefill, datt de Mënsch si interesséiert, méi wéi d’Muecht.
Och no hirer politescher Karriär wëllen si eppes beweegen. Net raschten.
„A keng Figuren aus Salzdeeg baken“, esou d’Renée Wagener.
En Artikel vum Nathalie Bender