Lofy, de Séifuerer

Mir hunn dem Wil Lofy seng Schatzinsel am Gronn besicht a festgestallt: Hei wunnt een, dee vill méi ass wéi nëmmen Hämmelsmarsch.

E Bio-Pionéier am Interview

Den Aender Schanck gëllt als Bio-Pionéier. Hie verréit, wéi et eis gelénge kann, d’Natur nohalteg ze schützen.

Tourismus war ëmmer eng Passioun fir mech

Antje Voss

Wann een der Antje Voss nolauschtert, da spiert een direkt hir Passioun fir d’Aarbecht, déi si mécht. Säit knapp engem Joer ass si un der Spëtzt vum Luxembourg City Tourist Office (LCTO) …

Pole Position, séier Autoen an säi gréisste Géigner Den Dylan Pereira am Interview

Hie gëllt ass eent vun den absolutten Nowuesstalenter vum Land, wie Motorsport seet, kënnt net derlaanscht, och säin Numm ze nennen. Riets ass vum Dylan Pereira, Course-Pilot vum Lechner Racing Team a bekanntste Lëtzebuerger Fuerer säit dem Néckel Koob. Mat knapp 22 Joer huet de jonken Elittesportler säi Porsche scho méi wéi eng Kéier un d’Spëtzt […]

De Mann vun de Kompromësser

Seng Wuerzelen hat hien an der Stolindustrie. Hie wier dee Wee gaangen, dee vill Jongen aus dem Minett virun him gaange sinn, erzielt de John Castegnaro an engem Gespréich fir dʼBäilag vum Tageblatt …

Systematesch hongreg op Neies

Scho säi Grousspapp huet virun 100 Joer zu Lëtzebuerg eng Wandkraaftanlag gebaut. Do verwonnert et net, mat wat fir enger Energie de Constant Seiwerath un neie Motoren a Konzepter fuerscht. Mat 66 ass nach laang net Schluss.

„Gelangweilt hunn ech mech ni“

„Ech si wéi en Dinosaurier. Ech gehéieren nämlech zu enger ausstierwender Zort, déi hir ganz Karriär an engem Betrib mécht“, fänkt d’RTL-Presentatrice Caroline Mart eist Gespréich un.

Marc Hansen

Minister fir d’Fonction publique, Minister fir d’Bezéiung zum Parlament, delegéierte Minister fir Digitaliséierung an delegéierte Minister fir d‘Verwaltungsreform – wat de Marc Hansen zanter Dezember 2018 ze geréieren huet, passt net an ee Ministère eleng.

E Portrait wéi wéineg anerer: de Claude Frisoni

Hien huet nach ni e Budget depasséiert, gouf vum fréiere Kulturminister Robert Krieps geléiert, seng Krawatt richteg ze bannen, an ass vum Grand-Duc als „franséischste vun de Lëtzebuerger a lëtzebuergeschste vun de Fransousen“ betitelt ginn. De Claude Frisoni huet a senger Karriär scho vill Kapen ugedoen, ass sech a senge Prinzippien dobäi awer ëmmer trei bliwwen. Mat 67 Joer kuckt hien elo zeréck op eng Zäit, déi hien esou bal nach net vergiesse wäert – an déi och nach laang net eriwwer ass.

Am Fokus vun der Ëffentlechkeet

Virun der Coronapandemie war den Dokter Jean-Claude Schmit der breeder Ëffentlechkeet éischter manner bekannt. Den 1. Januar 2016 huet hien de Poste vum Directeur de la Santé am Gesondheetsministère iwwerholl an ass säit Ufank vun der sanitärer Kris am Fokus vun der Ëffentlechkeet. Mir wollte vun him wëssen, wéi hien de Wee aus der aktueller Pandemie gesäit, wéi d’Opstellung fir zukünfteg Pandemien ass, a firwat asiatesch Länner besser duerch d’Pandemie komme wéi Europa.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.