Pole Position, séier Autoen an säi gréisste Géigner Den Dylan Pereira am Interview

Hie gëllt ass eent vun den absolutten Nowuesstalenter vum Land, wie Motorsport seet, kënnt net derlaanscht, och säin Numm ze nennen. Riets ass vum Dylan Pereira, Course-Pilot vum Lechner Racing Team a bekanntste Lëtzebuerger Fuerer säit dem Néckel Koob. Mat knapp 22 Joer huet de jonken Elittesportler säi Porsche scho méi wéi eng Kéier un d’Spëtzt vun internationale Kompetitioune gedriwwen a wëll och an Zukunft richteg Gas ginn. Am Interview verréit hien, wat de Kick beim Fueren ass a wéi een zur Nummer eent am Motorsport ka ginn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wéini ass dat bei dir mat der Léift fir d’Fuere lassgaangen?

Ech hunn ugefaangen, wéi ech véier Joer al war. Deemools huet mäi Papp mech op d’Karting-Streck matgeholl, wou hie mat senge Kolleege gefuer ass. Dat war zu Monnerech an nach mat engem Locatiounskart, deen hunn ech haut nach doheem stoen. Mir si quasi all Sonndeg fuere gaangen a mat siwe krut ech du mäin éischten eegene Kart. Dräi Joer drop, den 10. Juni, sinn ech du meng alleréischt Course zu Mirecourt a Frankräich gefuer. Dat wäert ech ni vergiessen, well et genee op mengem zéngte Gebuertsdag war.

An dunn de Sprong op déi grouss Circuiten?

Genee. Mat 15 sinn ech an d’belsch Meeschterschafte gewiesselt, do, wou och de Max Verstappen matgefuer ass. Am Ufank war et immens schwéier fir mech fir matzehalen, mee wéi ech bis dat richtegt Material hat, konnt ech Fouss faassen. Mat 16 koum dunn de Sprong vum Karting eriwwer an de GT-Sport. Ech sinn am VW Golf Cup ënner anerem a Polen an a Slowenie matgefuer an am zweete Joer direkt Zweete ginn. Dat war deemools e richtegen Challenge, well den Niveau e ganz anere war wéi virdrun. Et war méi Stress, mee manner Training an eigentlech wollt ech fir d’éischt emol am Benelux-Beräich ufänken, fir dann an de Supercup eranzekommen, mee dat war sponsorméisseg net machbar.

Wéi hues de deen Challenge du gemeeschtert?

An der Preparatioun vun der éischter Course sinn ech als Aachten erausgehäit ginn, wat guer net emol sou schlecht war. Ech duecht mir, ech géif et einfach probéieren. Do sinn ech am Fong och a Kontakt mat mengem haitegen Teamleader komm a bei Porsche agestigen. 2016 war dunn dat éischt Joer, wou ech e ganze Championnat matgefuer sinn.

Wat ass et dann, wat dech um Course-Fueren esou faszinéiert huet?

Et ass eng Sportaart, wou s de all d’Emotiounen dran hues an déi immens villsäiteg ass. Wärend dem Fueren tests de, wéi schnell däin Auto geet, spiers seng an deng Limitten. An et ass natierlech immens vill Adrenalin am Spill. Plus ass eng immens familiär Ambiance am Team. Ech verbrénge bal méi Zäit mat hinne wéi mat menger eegener Famill.

Wat ass fir dech en absolut Highlight an denger Karriär?

Mäi gréissten Erfolleg gesinn ech perséinlech a menger Entwécklung. Et ass vill geschitt ufangs dës Joers, ech war vun der leschter Saison an enger zimmlecher Down-Phas an hunn et awer hikritt, dat Ganzt ze dréinen. Zu Spa hat ech d’Pole Position an hu finalement gewonnen. Do ware vill Sponsoren do, wat natierlech vill wäert ass, a Spa ze gewannen, ass ongeféier, wéi wann s de um Nürburgring gewënns, dat ass schonn eppes Grousses.

Gëtt et en anere Fuerer, deens du als däi gréisste Konkurrent géings bezeechnen?

U sech all Fuerer, dee viru mir ass, ass mäi Konkurrent. Mee sech selwer ze besigen, dat ass dat Schwéierst. Du muss genee wëssen, wéi s de mat dengem Kierper schaffs a wéi s de däin Zoustand esou gereegelt kriss, datt et passt. Dat hëlleft mir awer zum Beispill och a ganz villen Alldagssituatiounen, ech hat dowéinst quasi ni Stress virun engem Examen, well ech geléiert hunn, dat ze managen.

Dat heescht, Stressmanagement ass an dengen Aen dat Schwéierst um Motorsport?

Definitiv. Du hues meeschtens net vill Training a muss eigentlech am Kapp schonn 100 Ronne gefuer sinn an dech zimmlech vill mental op d’Course virbereeden. Dofir schaffen ech och säit dräi Joer mat engem Mental-Coach zesummen. Du muss awer och physesch fit sinn, dofir hunn ech säit engem Joer och e Coach. Et ass eng relativ schwiereg Sportaart, well wat d’Leit oft ënnerschätzen, ass, datt de bei all anerem Sport däi Stress duerch Beweegung ofbaue kanns. Dat geet hei net, du muss dat alles am Kapp bewältegen.

Hues de e Virbild am Motorsport?

Mäin Idol ass den Ayrton Senna. Wéi ech op d’Welt komm sinn, war deen zwar net méi do, mee mäi Papp huet alles vun him gehalen an ech hu mir seng Saache schonn als klenge Jong ugekuckt. Wat mech un him faszinéiert, ass, wéi konsequent en an deem war, wat e gemaach huet. Dat ass zum Beispill beim Lewis Hamilton d’selwecht, hien huet ëmmer säin Zil genee virun Aen. Ee Saz, deen ech vum Senna immens gär hunn, ass, datt een sech am Liewen ëmmer en Zil setze soll, op dat een dann hischafft, a wann s de bis do bass, da gesäis de, datt de nach vill méi maache kanns. Dat ass esou bësse mäi Liewensmotto.

Wéi schätz du da selwer d’Lëtzebuerger Motorsport-Zeen an?

Si ass um Kommen, mee et brauch een Talent a Suen, well et ass en deiere Sport. Et ginn e puer Jonker, déi net schlecht sinn, mee et ass immens schwiereg konsequent ze bleiwen, a vill komme wéinst dem Finanziellen net weider. Du muss all Dag kucken, fir nei Sponsoren ze fannen, ech hunn der zum Beispill ëm déi 85 Stéck, ouni déi dat Ganzt guer net méiglech wier. An dat méchs de jo dann niewent dengem Training, well et ass en Job wéi all aneren och. Ech üben all Dag véier bis fënnef Stonnen um Simulator plus nach mindestens zwou Stonnen Training dobäi, do geet vill Zäit drop.

Wéi steet dann deng Famill zu dengem Beruff als Profisportler?

Si steet immens hanner mir. Mäi Papp ass e bësse wéi mäi Manager an hëlleft mir vill. Hien ass jo selwer Kartingcourssen am Elsass an an der Lorraine gefuer a mir si fréier vill um Simulator zesumme gefuer. Mäi Pätter ass och an der Zäit gefuer a menger Schwëster hire Pätter och, dat heescht, ech verwierklechen e bëssen hiren Dram an dat ass natierlech fir jiddwereen immens schéin.

An déi lescht a wichtegst Fro: Wat ass däin absolutten Dramauto?

Ech géif gären eng Kéier op engem LMP1 (Le-Mans-Protoyp) Hybrid fueren, dat si Course-Autoen, änlech wéi déi bei der Formel 1.

En Artikel vum Laura Tomassini

2007

Lëtzebuerger Kartmeeschter (Minimen)

2008

Lëtzebuerger Kartmeeschter (Kadeten)

2009

Lëtzebuerger Kartmeeschter (KF5)

2010, 2011

Lëtzebuerger Kartmeeschter (KF3)

2011

Lëtzebuerger Kartmeeschter (KF2)

2012, 2013

Lëtzebuerger Kartmeeschter (KF2)
Éischt Plaz Wanter-Coupe Kerpen (KF2)

2013

Drëtt Plaz an der Euroformula Renault 2.0

2014

Drëtt Course vum Volkswagen Polo Cup India

2015
  • Zweet Plaz am Volkswagen Cup
  • Zweet Plaz an der Kategorie A5 bäi den 24 Stonnen vun Barcelona
  • Zweet Plaz an der Kategorie A3T bai den 24 Stonnen vun Dubai
2016

Drëtt Plaz am Porsche GT3 Cup Challenge Middle East

2017

Drëtt Plazen bäi den Porsche Supercup-Coursë vun Spielberg, Silverstone an Spa (zweet Course)

2018
  • Porsche GT3 Cup Challenge Middle East: Drëtt Plaz ze Dubai (zweet Course), Éischt Course vun Abu Dhabi gewonn (an Zweeten an der zweete Course), béid Course vun Bahrain gewonn
  • Véierten am General vum Porsche Carrera Cup Deutschland (an domat beschten Rookie)
2019
  • Zwou Victoirë am Porsche Supercup: Hockenheim (Course ofgebrach, dowéinst keng Punkten) an Spa
  • Néngten am General vum Porsche Supercup

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.