Tourismus war ëmmer eng Passioun fir mech

D’Directrice vum Luxembourg City Tourist Office Antje Voss am Portrait

Antje Voss

Wann een der Antje Voss nolauschtert, da spiert een direkt hir Passioun fir d’Aarbecht, déi si mécht. Säit knapp engem Joer ass si un der Spëtzt vum Luxembourg City Tourist Office (LCTO). Si huet am Juli 2023 den Direktesch-Poste vum Tom Bellion iwwerholl, deen a seng wuelverdéngte Pensioun gaangen ass. 

© Blitz Photo Agency – LCTO 

Den LCTO war deemools fir d’Antje Voss näischt Onbekanntes, well si schonn als Cheffin vum Departement Business development & networks do täteg war. En Departement, dat si iwwregens mat opgebaut huet. Mee d’LCTO-Direktesch huet nach weider Missiounen: Si ass am Conseil vun der Gerance vum Groupement d’intérêt économique (GIE) Luxembourg for Tourism an si vertrëtt och d’Stad Lëtzebuerg (VDL) bei der Generalversammlung vun de Membere vum GIE am Luxembourg Convention Bureau

Virun hirer Karriär beim Touristebüro vun der Stad Lëtzebuerg war d’Antje Voss fir de Marketing an d’Press vun der Luxembourg Air Rescue zoustänneg. Weider Erfarungen an hirer berufflecher Karriär huet si ënner anerem am European Convention Center (ECCL), bei der Luxair a bei Amazon gesammelt. 

D’Begeeschterung fir hir aktuell Aarbecht erkläert sech vläicht doduerch, datt si an ënnerschiddleche Länner opgewues ass a vu Klengem u gewinnt war, sech mat verschiddene Kulturen ze befaassen. Eis multikulturell Haaptstad mat hire ville Sprooche passt bei si wéi d’Fauscht op d’A. Gebuer ass si zu Berlin, studéiert huet si an Däitschland, der Belsch an a Spuenien. Journalismus huet si als Zousazstudium beluecht, aus Interessi, wéi si seet, an dunn huet si och nach en Doktorat an de valenzianesche Sproochen, Kultur a Geschicht gemaach. D’Iddi dofir ass hir a Spuenie komm, wou si am Beräich Tourismus geschafft huet a vill mat de verschiddene Sproochen an Dialekter an deem Land ze dinn hat. 

Wat huet sech da fir Iech geännert, elo wou Dir un der Spëtzt vum LCTO sidd?

„Et huet sech ganz vill verännert“, seet si. „Ech kréien elo Abléck an all d’Departementer, net méi just an dat vu Business development & networks.“ Si befaasst sech elo och mat der Preparatioun vun de Visite-guidéeë vum Palais, de Kasematten an och mat den administrative Saachen. Och ass elo d’Aarbecht mat der Press dobäikomm. „Et gi vill Departementer am LCTO an dat mécht d’Aarbecht ofwiesslungsräich a villfälteg an et ass e ganz flotten Challenge fir mech.“ 

Et kléngt esou, wéi wann de Luxembourg City Tourist Office ganz professionaliséiert ass?

„Absolut“, seet si. 

Wéi gesäit e ganz normale Schaffdag vun Iech am LCTO aus?  

„Ech preparéieren den Owend virdru scho munches, fir datt ech weess, wat d’Prioritéite fir den nächsten Dag a fir déi nächst Woch sinn.“ Dës kënne sech awer séier änneren, well dacks vill kuerzfristeg Saachen erakommen, deenen ee spontan muss nogoen. „Dat mécht et jo och spannend“, betount d’Antje Voss. An deene verschiddenen Departementer gëtt u ville Projete geschafft. Fir den Iwwerbléck net ze verléieren a fir dës Projete weiderzedreiwen, organiséiert d’Direktesch reegelméisseg Meetingen

Den LCTO ass a ville Projeten uechter d’Land involvéiert, wou den Haaptstad-Büro ganz enk mat de fënnef Offices régionaux de tourisme (ORT) zesummeschafft. Doniewent gëtt och d’Zesummenaarbecht mam Groupement d’intérêt économique Luxembourg for Tourism – wou den LCTO Member ass – groussgeschriwwen. Och mam Wirtschafts- an Tourismusministère gëtt vill kooperéiert. Mat dëse Partner war den LCTO zum Beispill elo ufangs Mäerz op der ITB-Foire (Internationale Tourismus-Börse Berlin), wou si zesummen e grousse Stand haten an un engem Strang gezunn hunn, fir Lëtzebuerg an all senge Facetten am Beräich Tourismus ze promoten. 

Um internationale Plang hëlt den LCTO u verschiddenen Initiativen deel. De Luxembourg City Tourist Office ass zum Beispill Member bei CityDNA. „Dat ass eng Associatioun, an där ganz vill Destinatiounen sech zesummegeschloss hunn, fir iwwer Erausfuerderungen an Trends am Tourismus fir hir Stied ze schwätzen“, sou d’Antje Voss. „Do sinn ech ganz gutt vernetzt a gi reegelméisseg op Kongresser vun hinnen, fir déi Trends ze verstoen a fir déi hei am LCTO a generell am Tourismus zu Lëtzebuerg anzebréngen.“

Den Dany Schneider, Mataarbechter vum Antje Voss, këmmert sech ëm de Marketing, d’Promotioun an d’ëffentlech Relatiounen. Hie schafft ganz enk mat der Direktesch zesummen a befënnt sech am Moment an der konkreeter Planung vun der nationaler Campagne Lëtzebuerg, dat ass Vakanz, déi an der Covid-Zäit entstane war, fir de Leit ze vermëttelen, net ëmmer esou wäit fueren ze mussen, fir Vakanz ze maachen, mee datt een och hei am Land – an dësem Fall an der Haaptstad – bleiwen an do vill erliewe kann. „Den Opening-Event fënnt den Ouschterweekend op der Plëss statt“, seet den Dany Schneider. Dëst Joer gëtt de Fokus op d’Kultur geluecht. 

© Luxembourg Convention Bureau – AIPC – LCTO 

Wéi vill Leit schaffen am Luxemburg City Tourist Office?

26 Persoune si fest agestallt. Si kréien am Accueil vum LCTO reegelméisseg Ënnerstëtzung vu Stagiairen aus der Hotelschoul. Dobäi kommen nach ronn 30 Stagiairen, déi d’Informatiounsekipp opstocken. An der Héichsaison hëllefen nach circa 30 sougenannt „Jackets“ aus. Dat si Studenten, déi als mobil Touristeninformatioun duerch d’Stad trëppelen. Si gi proaktiv op d’Visiteuren duer a froen si, ob se hinnen hëllefe kënnen. „Si hunn e wäisse Fändel mat engem roude Punkt dobäi an hunn T-Shirten oder Jackette mat der Opschrëft ‚Ask me‘ un,“ seet d’Antje Voss. Si kréien am Virfeld eng zolidd Formatioun a sinn dann ëmmer zu zwee ënnerwee, een dréit de Fändel, deen aneren de Rucksak mat Material wéi zum Beispill der Kaart vun der Stad. „Hiren Asaz kënnt immens gutt u bei de Leit“, ënnersträicht d’LCTO‑Direktrice. „Duerch de Kontakt mat den Jackets mécht de Visiteur vläicht eppes ganz aneres, wéi en eigentlech geplangt hat.“ An dann – last but not least – sinn 130 Freelance-Guidë fir den LCTO am Asaz. „Si organiséiere fir eis déi offiziell Visite-guidéeë fir d’Stad Lëtzebuerg.“ Dozou gehéiert ënner anerem déi am Palais, fir déi den LCTO d’Exklusiv-Recht huet. 

D’Antje Voss nennt eis e puer Zuelen: „2023 hate mir bal 160.000 Kontakter am Accueil vun der Touristeninformatioun a bei den „Jackets“. Ënner Kontakt versteet d’LCTO-Direktesch, wa Leit erakommen an eng Informatioun froen oder vun den Jackets dobaussen ugeschwat ginn. „Dat ware 54 Prozent méi Kontakter wéi 2022“, seet si. D’Péitruss-Kasematten an d’Bock-Kasematten haten d’lescht Joer 120.000 Visiteuren, woubäi d’Bock-Kasematte réischt am Juni 2023 opgaange sinn. Säitdeem sinn d’Kasematten net méi saisonal, mee d’ganzt Joer op, wat d’Zuel vun de Visiteuren an Zukunft weider an d’Luucht dreiwe wäert. 

Wat läit da momentan am Trend bei den Touristen, déi d’Stad besichen? 

„D’Kasematten an och d’Visite-guidéeën am Palais leie voll am Trend“, sou d’Antje Voss. Ëmmer beléift sinn och déi klassesch Visitten zu Fouss duerch d’Stad. „Wat am Moment immens gefrot ass, ass den Trend vum ‚Live like a local‘, dee weltwäit ze beobachten ass.“ D’Touristen, déi d’Antje Voss net méi esou nennt, mee als Visiteure bezeechent, wëlle wéi Einheimescher wunnen an d’Stad esou erliewen. „Si wëllen Awunner op Zäit sinn a froen eis, wou se kënne Lëtzebuerger begéinen.“ Si wëlle wëssen, wou déi Einheimesch erausginn, a wéi eng Bistroen a Restauranten se ginn a wou ee lokal Spezialitéiten iesse kann. „Dat ass e risegen Trend, deem mir probéieren, gerecht ze ginn“. 

E bëssen an déi Richtung geet och en neien Trend bei de Business-Leit. „Déi kommen dacks mat der ganzer Famill heihinner a verlängeren no gemaachtener Aarbecht hiren Openthalt hei a maachen nach e bësse Vakanz.“ Dësen neien Trend nennt d’Antje Voss „Bleisure“, eng Mëschung aus de Wierder „Business“ a „Leisure“.

Wärend d’Antje Voss iwwer hir Aarbecht am LCTO erzielt, blénken hir Aen. „Tourismus war ëmmer eng Passioun fir mech“, betount si. Ier si d’Stad Lëtzebuerg iwwer de Luxembourg City Tourist Office vertriede konnt, ass si op hire Reesen a ville Länner a Stied ëmmer erëm gefrot ginn, fir eppes iwwer dat klengt Ländchen ze erzielen, an deem si hir nei Heemecht fonnt hat. Och war den Interessi un där fir vill Leit onbekannte Sprooch ganz grouss. „D’Leit waren ëmmer ganz virwëlzeg a wollte méi doriwwer wëssen.“ 

Elo sëtzt si an der Haaptstad direkt un der Quell a kann deene Leit, déi hei op Besuch sinn a sech dofir interesséieren, net nëmmen doriwwer erzielen, mee hinnen déi verschidden touristesch Attraktiounen direkt weisen.

Casemates du Bock
© frame&work - LCTO

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.