E Bio-Pionéier am Interview

Wéi geléngt méi Naturschutz an Zukunft, Aender Schanck?

Aender Schanck
Den Aender Schanck gëllt als Bio-Pionéier. Hie verréit, wéi et eis gelénge kann, d'Natur nohalteg ze schützen.

Op der ganzer Welt vun haut op muer just nach Bio-Landwirtschaft, dat wier och net d’Léisung. Dat äntwert den Aender Schanck op d’Fro no sengem Wonsch fir d’Zukunft zum Schluss vum Gespréich. Déi gréisste Suerg mécht sech de pensionéierte Bauer a Pionéier an der Lëtzebuerger Bio-Landwirtschaft nämlech ëm déi aktuell geopolitesch Lag op der Welt. Wann e Krich ausbrécht oder d’Leit ze vill aner Suergen hunn, réckelt d’Natur an den Hannergrond.

„Mir musse kucken, dass mir d’Natur net futti maachen. An dat geet nëmmen, wa mir alles maachen, fir dass déi geopolitesch Lag dat och erméiglecht.“ Am Gespréich weist sech den Aender Schank immens realistesch, hie relativéiert villes. Hien hätt souguer Versteesdemech fir d’„Trägheit“, well et méi einfach ass, weiderzefueren, ewéi et ass. Eng Astellung „vun uewen erof“ ass senger Meenung no och déi falsch Pist, fir d’Gesellschaft vun der Drénglechkeet, déi den Naturschutz brauch, ze iwwerzeegen. „Et muss een am Kapp ëmstellen“, seet hien e puermol am Interview. „Entweeder et léiert een duerch Asiicht oder duerch d’Nout.“ Dacks kënnt an Diskussioune ronderëm den Ëmweltschutz d’Gefill op, d’Zäit géing der Mënschheet fortlafen. E gewëssene Pessimismus mat wéineg Hoffnung fir Verbesserung. Am Gespréich mam Aender Schanck ass dat anescht. Léiwer lues, awer gutt ëmstellen – ëmdenken éischter. Well nëmmen da klappt et och.

„Et muss einfach Klick maachen.“

Déi Astellung kënnt sécherlech dovunner, dass et och beim Aender Schanck eng Kéier „Klick gemaach“ huet. Wéi hie Mëtt de Siwwenzegerjore mat Renovéierungsaarbechte beschäftegt war, ass seng Fra krank ginn. Erauskomm ass, dass d’Erkrankung vun Usträichmëttel provozéiert ginn ass, déi fir d’Gesondheet schiedlech waren. A wann dat fir de Mënsch gëllt, wéi ass et dann nëmme fir d’Natur?

Mat sengem Brudder, dee schonn um Familljebetrib geschafft huet, huet hien de Bauerenhaff op Bio ëmgestallt. An dat an nëmmen zwee Joer, fir déi komplett Ëmstellung. Et hätt nawell och Kritik ginn deemools, erënnert sech de Bio-Pionéier. De Kompost, dee mat Stréi zougedeckt war, gouf ugestach. Vun den Nopere koum zum Deel vill Skepsis. Ma deem hätt een ëmmer versicht, als gutt Virbild entgéintzewierken: Visitte vum Haff, de Verkaf vun de Produiten, Erklärungen an Detailer zum biologeschen Ubau direkt op der Plaz. Duerch Wierder iwwerzeegen, dat wier ni seng Strategie gewiescht. Vill méi gëllt dat, wat d’Leit gesinn, dat wat ee virlieft, seet den Aender Schanck mat Leidenschaft. A mat där Devise ass de pensionéierte Bauer wäit komm. Hien huet d’Kooperativ BIOG mat gegrënnt, spéider koumen d’Bio-Butteker Naturata. D’Bio-Landwirtschaft an hir Produite kréien doduerch e ganz neit Gesiicht. Se gi vun de Leit gesinn a consomméiert. An dat kënnt gutt un. An ännert lues a lues d’Virstellung vun deem, wat Bio eigentlech heescht.

„Mat Hysterie un de Problem erunzegoen, ass kontraproduktiv.“

Aktuell gesäit den Aender Schanck eng gewësse Frustratioun bei de Baueren, déi zum Beispill géint EU-Normen zu Bréissel protestéieren oder an Däitschland d’Stroosse mam Trakter blockéieren. „De Bauer huet seng Souveränitéit verluer“ an domadder kéint sech am Secteur eeben net jiddereen ufrënnen. Déi technesch Fortschrëtter, fir op Bio-Landwirtschaft ëmzestellen, wieren do, mee e klenge Minus beim Ertrag misst ee schonn a Kaf huelen, virun allem am Ufank. Dobäi kéim, dass verschidde Betriber mëttlerweil schonn esou industrialiséiert sinn, dass d’Ëmstellung méi schwéier fält, well scho vill Suen an déi entspriechend Maschinnen an Technologië gestach gi sinn. Dass een sech am 20. Joerhonnert op cheemesch Produiten agelooss huet, fir d’Produktivitéit ze maximiséieren, huet als logesch Konsequenz mat sech bruecht, dass méi Reegelen an eeben och Restriktiounen hu misse kommen, esou den Aender Schanck. Dat wier eng „logesch Konsequenz“ vun deem Wuesstum gewiescht. A virun allem vum Gebrauch vu Chemikalien.

Esou wier dat allgemeng an der Landwirtschaft, nei Erkenntnisser brénge mat sech, dass een sech upasse muss. Eppes ännere muss. Den Aender Schanck nennt d’Beispill vun de Plastik-Verpackungen. Bio-Produiten a Plastikfolie agepak, dat konnt net méi sinn. Doropshi wier d’Iddi komm, d’Geméis an Zellulos-Folien anzepaken. „Wat sinn d’Méiglechkeeten a wéi kënne mer dat ëmsetzen?“ Déi Fro huet sech den Aender Schanck e puermol an sengem Liewe misse stellen. Ma mat dëser pragmatescher Fro, oder vill méi mat der Äntwert dorop, wier hien ëmmer gutt gefuer.

Wa vun uewen erof Consignë kommen, wéi et soll gemaach ginn, dat géing dacks éischter eng Anti-Haltung mat sech bréngen. Esou, wéi een et den Ament a ville Länner bei der grénger Partei gesäit. D’Ausmooss vun der Ëmweltverschmotzung gëtt nëmme lues a lues siichtbar. Ma vill méi gëllt et, dëst opzeweisen, de Leit konkreet de Problem virun Aen ze halen an ze weisen, wéi et anescht funktionéiere kann. Seng Erfarung hätt him gewisen: „Mat Hysterie un de Problem erunzegoen, ass kontraproduktiv.“

„Ech hat ze vill ze dinn, wéi ech geschafft hunn, elo hunn ech just nach vill ze dinn.“

Eréischt mat 70 Joer ass den Aender Schanck an d’Pensioun gaangen. Wann hien dovunner erzielt, mierkt een, dass him dee Schratt wuel net einfach gefall ass. Et wier och eng speziell Zäit gewiescht. Do hätt hien net einfach kënne goen, sot hien. Fir d’éischt koum d’Pandemie, vun där d’Bio-Produiten zwar profitéiert hunn, ma dovunner hätt een sech och täusche gelooss. Duerno d’Inflatioun, déi d’Bio-Branche direkt negativ bemierkt huet. Méi deier Produite kafen, well se méi nohalteg sinn, ass net méi d’Prioritéit vun de Clienten.

Virun zwee Joer wier et dunn awer un der Zäit gewiescht, an d’Pensioun ze goen. Wat awer op kee Fall heescht, dass den Aender Schanck sech net méi fir d’Bio-Landwirtschaft asetzt. Eleng de Fait, dass hie fir en Interview direkt disponibel war, weist, wéi vill him un där Cause läit, fréier wéi haut. Den Engagement an Conseil-de-surveillancen a Veräiner esouwéi d’Genossenschaftsaarbecht, dat alles huet hien net un den Nol gehaangen. Niewebäi renovéiert hien och. An ass de President vum gréisste Wandpark zu Lëtzebuerg. „Ech hat ze vill ze dinn, wéi ech geschafft hunn, elo hunn ech just nach vill ze dinn.“ Fir d’Lëtzebuerger Bio-Zeen huet hie villes an d’Weeër geleet. Vun senger Erfarung a virun allem senger Virbildfunktioun wäert de Landwirtschaftssecteur sécherlech nach vill profitéieren.

Et läit alles beim Bewosstsinn, bei der Astellung, esou nach den Aender Schanck op d’Fro no sengem Wonsch fir d’Zukunft. Déi néideg Technologië fir d’Ëmstellung op d’Bio-Landwirtschaft sinn op jidder Fall do. Elo muss een et just wëllen. A wat kann do méi inspiréiere wéi e gutt Virbild?

En Artikel vum Monica Camposeo

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.