Seng Wuerzelen hat hien an der Stolindustrie. Hie wier dee Wee gaangen, dee vill Jongen aus dem Minett virun him gaange sinn, erzielt hien an engem Gespréich fir dʼBäilag vum Tageblatt mam Titel 100 Joer Stol zu Lëtzebuerg. Wéi all déi aner Jonge virun him hat de John Castegnaro deemools zwou Méiglechkeeten: entweeder an den Lycée goen an dann dʼPremière maachen oder sech direkt an Aarbechtswelt stierzen.
Senger Famill hunn déi néideg Mëttele fir deen éischte Wee gefeelt, an esou kënnt et, datt de John Castegnaro am jonken Alter vu 16 Joer eng Léier als Maschinneschlässer bei der Lëtzebuerger Stolgesellschaft Hadir (Hauts-fourneaux et aciéries de Differdange, St-Ingbert, Rumelange), deem Betrib, an deem säi Papp 1951 déidlech verongléckt ass, ufänkt. Eng Plaz an der Stolindustrie war deemools ewéi eng Plaz beim Staat: krisesécher an zäitliewens.
Laang huet et de John Castegnaro net an dësem Beruff gehalen. Säin Engagement fir déi aner a seng ugebueren Iwwerzeegungskraaft hunn hie schnell zum Gewerkschaftler gemaach, zum Spriecher vu senge Kolleegen a Mataarbechter an a spéidere Joren fir all déi, déi bei de Patron schaffe gaange sinn.
Mat 19 Joer wiesselt de Mann mat der markanter Stëmm de Beruff a gëtt Gewerkschaftssekretär beim Lëtzebuerger Aarbechterverband LAV. Praktesch niewebäi sammelt hien éischt politesch Erfarunge bei de Jongsozialisten, wou hien och kuerz President ass. 1976 gëtt hie mat 32 Joer Generalsekretär vum LAV an iwwerhëlt am selwechte Joer och de Virsëtz vum Gewerkschaftsverbond CGT, deem niewent dem LAV nach de Landesverband FNCTTFEL an de Buchdrockverband ugehéieren.
Dräi Joer méi spéit ass de John Castegnaro eng dreiwend Kraaft bei der Grënnung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg (OGB-L), deem säin éischte President hien och gëtt an dat bis zum Joer 2004 och bleift.
An dʼsozialpolitesch Geschicht vum Land geet de Gewerkschaftler awer als Matbegrënner vun der Tripartite, deem Gremium mat Vertrieder vum Patronat, vum Salariat an aus der Regierung, dat a Krisenzäiten ëm Léisunge fir wirtschafts- a sozialpolitesch Problemer beméit ass. Schonns zwee Joer virdru leet de Gewerkschaftler heifir de Grondsteen. An senger Grondsazried um CGT-Kongress am November 1976 fuerdert de John Castegnaro eng Institutioun mat gesetzlecher Basis, déi sech schnell a massiv där deemoleger schwéierer Kris vun der Stolindustrie entgéintstäipe soll.
Am Dezember 1976 gi fir dʼéischte Kéier all dʼGewerkschaften aus dem privaten an ëffentleche Secteur zesummen op dʼStrooss. Si fuerderen dʼRegierung op, mat hinnen iwwer Weeër aus der Kris ze diskutéieren. Obwuel esou muenche Politiker wéineg begeeschtert war, gëtt den deemolege Staatsminister Gaston Thorn (DP) säin Accord. Duerno geet et Schlag op Schlag.
Am Januar 1977 gëtt en Ausschoss aus Gewerkschaften, Patronats- a Regierungsvertrieder gebilt. Dee schafft e Programm fir de Wirtschaftswuesstum a fir Vollbeschäftegung aus. Am Dezember 1977 stëmmt dʼParlament dʼGesetz zur Schafung vun der Tripartitt.
De John Castegnaro war de Mann vun de Kompromësser, awer op kee Fall dee vun de faule Kompromësser. Hie wousst, wéini hien huet mussen e Schrëtt zeréckgoen, fir kuerz drop e ferme Saz no vir kënnen ze maachen. Sou zum Beispill ewéi dʼArcelor gegrënnt gouf. An der Fusioun mat der spuenescher Aceralia an der franséischer Usinor huet de John Castegnaro dʼChance fir déi Lëtzebuerger Stolindustrie erkannt an se ergraff. Dës Fusioun sollt derzou bäidroen, datt dʼArbed wuessen an an déi international Mäert expandéiere konnt. DʼZoustëmmung vun der Gewerkschaft huet déi deemoleg Direktioun allerdéngs nëmme géint dʼZouso kritt, an de Verwaltungsrot vum neie Konzern direkt dräi Vertrieder vum Salariat ze nominéieren. Ee vun den dräi Vertrieder huet John Castegnaro geheescht. Dës Mandater konnten och 2006 an déi nei Gesellschaft ArcelorMittal eriwwergerett ginn, wann och nëmme fir e puer Joren. 2010 leeft dem John Categnaro säi Mandat am Verwaltungsrot vum Stolkonzern aus. Eng Ära vun der betriblecher Matbestëmmung geet op en Enn. Wéi bei der Arcelor konnt allerdéngs och bei der Grënnung vun der ArcelorMittal dat a laange Kämpf geschafent Arbed-Modell bäibehale ginn. Fir déi Beschäftegt bedeit dat bis haut virun allem eng geséchert Aarbechtsplaz.
Ëmmer an iwwerall dobäi sinn, wann et ëm „seng“ Gewerkschaft geet. Dat war de John Castegnaro. Hie war dobäi, wéi an den 90er-Joren no véier Woche Streik de Konflikt ëm de Kollektivvertrag vun de Plätterchersleeër op en Enn gaangen ass. An 2002, wéi dee bal handgräifleche Streik vun de Geldtransporteure bäigeluecht gouf.
Seng Matstreider konnte fest op hien zielen. Säi Wuert huet gegollt. Hie war de Mister OGB-L, net nëmme well hien seng Argumenter rhetoresch a mat Wucht virbréngen konnt. Seng Rieden, ob ëffentlech oder um Verhandlungsdësch, waren ëmmer bis an de leschten Detail virbereet. Kee konnt him en X fir en U virmaachen. Wat an deene laange Sëtzungen diskutéiert gouf, huet hie penibel genee an sengen Hefter niddergeschriwwen.
De Gewerkschafte gëtt oft de Virworf gemaach, si géingen sech an éischter Linn fir déi engagéieren, déi schonn eng Aarbecht hunn. Hiert Festhalen u Saachen ewéi dem Index oder dem Mindestloun géif dʼSchafe vun Aarbechtsplaze fir mannerqualifizéiert Leit op der sich no Aarbecht verhënneren. Dës Ausso wollt de John Castagnaro esou net gëlle loossen. Déi vum OGB-L op Initiativ vun hirem President an dʼLiewe geruffe Beschäftegungsinitiative sollte genee de Géigendeel beweisen. Honnerten, wann net Dausenden hunn dʼSchoul vum Objectif Plein Emploi (OPE) duerchlaf, där Initiativ, déi dozou dénge sollt, jonken onqualifizéierten Aarbechtsloser, déi dohier kaum ze vermëttele sinn, eng nei Perspektiv ze ginn duerch berufflech Aus-, Ëm- a Weiderbildung.
Säin Engagement huet grad esou staark dem soziale Beräich gegollt. Entsat war hien, datt fleegebedierfteg Persounen, déi keng Plaz an engem Heem konnte fannen, an dʼAusland ofgedréckt goufen oder doheem hu musse viru sech hi vegetéieren. Net ze erdroe war et fir hien, datt de Staat Milliarden a Prunkbauten investéiert huet, wärend et am Land en akute Mangel u Fleegebetter gouf. Seng Reaktioun war déi üblech: De Problem analyséieren an eng pragmatesch Léisung fannen. De Castegnaro huet zu de Matbegrënner vum Elysis-Fleegeheem um Kierchbierg gehéiert an 1998 vum Fleegedéngscht Help, wou hien och laang Joren am Verwaltungsrot souz.
DʼLëscht vun senge Mandater muss awer vervollstännegt ginn. Hie war iwwer Jore President vum Verwaltungsrot vum Medienhaus Editpress, President vum Vëlosportveräin vu senger Stad Rëmeleng, Member am Verwaltungsrot vum Roude Kräiz a vun 1985 bis 2003 Member vum Staatsrot. Senge berufflechen an gewerkschaftlechen Urspréng an der Stolindustrie ass hien awer ëmmer trei bliwwen. Bis 2010 huet hien dʼSidérurgie ASBL presidéiert, déi eenzeg gemeinsam gewerkschaftlech Struktur vun OGB-L an LCGB.
2004 gëtt de John Castegnaro dʼRudder beim Onofhängege Gewerkschaftsbond of. Scho säit e puer Joer huet hien sech erëm politesch engagéiert, dat bei där Partei, an där hie säit jonke Jore scho Member war an seng éischt politesch Erfarunge konnt sammelen, der LSAP. Dat selwecht Joer geet hie mat an dʼParlamentswale fir seng Partei. Hie gouf ouni Iwwerraschung gewielt, dëst op fënnefter Plaz vu senger Lëscht, a sëtzt domat vun 2004 un an der Chamber. De Wale virausgaangen ass awer nach e klengen Debakel. Den OPE, déi Beschäftegungsinitiativ, déi de John Castegnaro gegrënnt hat an där hire President hie war, ass an dʼViséier vun der Kritik geroden. Onreegelméissegkeete goufen der Organisatioun virgeheit a schlussendlech ass den OPE opgeléist ginn.
Déi meeschte Leit hunn hien einfach „de Casteg” genannt. Esou heescht dann och déi Enn 2023 vu sengem Bouf Guy a vum Tageblatt-Journalist Robert Schneider publizéiert Biografie iwwer hien: „De Casteg. Ein Leben für die Anderen“ (Editions Le Phare). Datt dʼWelt vun der Politik net senger gewinnter, gewerkschaftlecher entsprach huet, huet de John Castegnaro schnell begraff. Hie wollt sech net an deen enke Korsseli vun de Parteidisziplinnen zwénge loossen. Hien huet et just eng Mandatsperiod an der Chamber ausgehalen. 2009 ass seng éischt a lescht Erfarung als Beruffspolitiker op en Enn gaangen. An der Nuecht op de 16. Juli 2012 verléisst eis de Mister OGB-L, dee Mann, deen der Stolindustrie laang Joren e Gesicht ginn huet an de Membere vu senger Gewerkschaft eng Stëmm, eng ganz markant Stëmm!