Placeholder Dummy template

„Et geet elo duer“

De Paul Hammelmann am Portrait

Eigentlech ass de Paul Hammelmann (72) Affekot, mee fir déi meescht ass hien einfach just d’Gesiicht vun der Sécurité routière. An dat säit 45 Joer. Am Laf vun 2025 wäert hie säi Poste raumen. Dat ass e gudde Moment, fir de Mënsch hannert der Fassad vun der Sécurité routière e bësse méi genee ze beliichten.

Fir mäi Gespréich mam Paul Hammelmann hunn ech seng Adress an den Navi aginn. E puer Zweifelen hat ech dunn, wéi ech viru sengem Haus stoung. En Eefamilljenhaus a beschter Lag, als Ofgrenzung zum Trottoir eng grouss raschtfaarweg Paart mat enger Afaart hannendrun. Bis dohinner hunn ech nach net gestaunt, mee wéi ech de grousse Logo mat der Schrëft „Consulat du Togo“ un der Mauer niewent der Paart erbléckst hat, war ech net méi sécher, ob ech richteg wier. Ech hunn d’Schëld ignoréiert a geschellt. Alles ok, de Paul Hammelmann huet mer d’Dier opgemaach. „Si mir hei an der Botschaft vun Togo?“, hunn ech hie gefrot. „Nee, mee am Konsulat“, huet hie geäntwert. Wéi et dozou koum, huet e mer méi spéit erzielt.

Op jidde Fall huet hien net säi ganzt Liewen zu Bartreng verbruecht. Eigentlech ass en e Minettsdapp, deen zu Esch gebuer an do an de Lycée gaangen ass. „An ech behuele mech och esou“, sot hien an huet gelaacht. Dozou passt dann och seng rout Parteikaart, déi en nach ëmmer huet, obwuel en elo net méi bei de Sozialisten aktiv ass. Zu Bartreng war hien deemools an de Gemengerot gewielt ginn. „Ech hu festgestallt, datt Gemengepolitik näischt fir mech ass.“ Hie wollt säi Quartier méi lieweg gestalten, mee do huet en iergendwéi op Granit gebass. Dunn huet en e Vëloswee vun der Helfenter Bréck bis an den Zentrum virgeschloen, fir net mam Vëlo mussen iwwer déi geféierlech Lonkecher Strooss ze fueren, mee och dat ass em net gelongen.

„Fir erfollegräich an der Gemengepolitik ze sinn, muss een an all Sportsclub sinn – ech sinn a kengem –, et muss een d’Matcher kucke goen – dat interesséiert mech net – an et muss een owes am Bistro sinn“, huet hie mir an engem liicht ironeschen Toun erkläert. „Ech sinn net méi erëmgewielt ginn – du war ech dat lass.“

Méi flott Erënnerungen huet de Paul Hammelmann un d’Zäit no sengem Droitsstudium. Deemools war hie beim kierzlech verstuerwene Maître Gaston Vogel am Stage. „Dat war, géif ech bal soen, meng schéinsten Zäit. Mir waren eng wonnerbar Ekipp vu Frënn do am Stage. Déi dräi Joer ware faszinant, well de Gaston Vogel en interessanten a ganz gescheite Mënsch war, deen eis ganz vill bäibruecht huet, awer ganz schlecht bezuelt huet.“ Owes huet de Maître seng Stagiairen zesummegeruff an hinne Coursen am Droit an an der Kultur ginn. Moies, um Wee fir op d’Geriicht, huet en hinne grouss Philosophen a Schrëftsteller à la Gottfried Benn zitéiert. „Hie war faszinant. Et war do, wou ech den Droit richteg geléiert hunn“, erënnert sech de Paul Hammelmann, deen du schonn ëmmer d’Autosaccidenter ofgedeckt huet.

Sou koum hien 1980 bei de Versécherungsverband ACA, wou e bis 2013 dobäi war. Eigentlech war hien awer ëmmer Affekot an der Etüd Kaufhold & Reveillaud, an d’ACA souzesoe säi beschte Client. Iwwer d’ACA hat hie seng Fangeren dunn och bei der deemoleger Agence de la Promotion de la place financière, bei der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL) a beim Conseil économique et social (CES) am Spill. Niewelaanscht huet hien 33 Joer laang Coursen am „Droit de la responsabilité civile“ op der Uni Lëtzebuerg (fréier: Cours universitaire du Luxembourg) ginn. Um Lampertsbierg war en ëmmer gären, um Belval huet e sech un der schrecklecher Architektur, wéi e seet, gestéiert an dorunner, datt de Belval eng richteg Autosstad ginn ass. Dobäi war et deemools op seng Stëmm ukomm, fir datt d’Uni an de Minett géif kommen.

Domat wäre mer elo beim Paul Hammelmann sengem Liblingstheema ukomm. Obwuel ech mer virgeholl hat, dëst Theema am Gespréich éischter auszeklameren, louch mir awer eng Fro op der Zong: Hält de Paul Hammelmann – als Inbegrëff vun der Sécurité routière – sech dann ëmmer un all d’Virschrëften? „Ma, nee, dat kann ee jo net“, sot hien, ouni ze zécken. Heiansdo géif en e Protokoll wéinst Falschparke kréien. An en huet mer dunn e Beispill vun enger absurder Verkéiersreegel genannt, déi en op enger italieenescher Autobunn entdeckt huet. Do gëllt allgemeng Tempo 130, an op eemol taucht dann e Schëld mat Tempo 30 op. De Grond: D’Autobunn huet Lächer am Belag. Wann ee mat 30 driwwerfiert, geschitt näischt. Am Fall, wou ee méi séier driwwerfiert an doduerch den Auto futti mécht, kann een den Autobunnsbedreiwer net ukloen. „Natierlech maachen ech do keng Vollbremsung op 30. Kee mécht dat.“ An esou Fäll passt sech de Paul Hammelmann dem Verkéiersfloss un. Dat wier am séchersten.

Allgemeng stéiert de Paul Hammelmann sech um „Lëtzebuerger Autokult“. „Dee gi mer net méi lass a menge Liefzäiten“, seet hien. Den Autofestival wier dee ganz grousse Festival zu Lëtzebuerg, an deem am meeschte Sue stiechen. Am November war hien op der Luxembourg Art Week: „Do stoung en Auto direkt virun der Dier: e Porsche. Da ginn ech an d’Philharmonie. Och do stoung en Auto prominent virun der Entrée: e Mercedes. Kënne mir net anescht?“, freet hien. Wourunner hie sech nach stéiert – an dat, obwuel e selwer mat der deemoleger Agence de la Promotion de la place financière zesummegeschafft huet, sinn déi vill Reklamme fir d’Finanzplaz, wann een zu Lëtzebuerg um Flughafen ukënnt. „Wann een zu Wien ukënnt, dann hänkt alles voller Muséesreklammen. Mee mir hunn dach och Muséeën. Mir kéinte jo e bësse méi nobel optrieden, amplaz eis Finanzplaz auszestellen.“

E Faibel huet de Paul Hammelmann fir d’Aviatioun. Hie selwer hat e Piloteschäin, deen awer elo net méi gülteg ass. „Beim Fléien, do fillen ech mech wuel, well dat alles op Sécherheet ausgeluecht aus“, huet hie mir erkläert. „Déi gréissten Accidenter mat Fligere si bal ëmmer op mënschlecht Versoen zeréckzeféieren. Ganz seele läit de Feeler un der Technik.“

Et blouf awer nach eng Saach ze klären: Wat huet et mam Konsulat vun Togo op sech? De Paul Hammelmann huet mer erkläert, datt eng Botschaft laut Wiener Konventioun e Land representéiert, e Konsulat dogéint awer net politesch ass, mee just kommerziell. De Konsul ass deemno vun enger Ambassade ofhängeg; an dësem Fall ass d’Botschaft zu Bréissel. „Ech si vun 1983 u Konsul vun Togo.“ Well hien deemools eng Kéier do an d’Vakanz war, huet hien den Optrag kritt, den Tourismus an Togo ze developpéieren. Doniewent soll hien den Togoleesen zu Lëtzebuerg hëllefen.

Bei senger éischter Rees an Togo war hie ganz begeeschtert. „Dat war authentescht Afrika.“ Hien huet mir vum Voodoo-Kult erzielt – deem authenteschen – , der Mentalitéit vun den Togoleesen, datt d’Land en däitscht Protektorat war an dono eng franséisch Kolonie. „Haut maache se nach gudden däitsche Béier dohannen.“ Wat fir den Tourismus am klengen afrikanesche Land awer schwiereg ass, sinn déi immens deier Vollen dohinner. Grouss Promotioun fir Togo mécht de Paul Hammelmann awer net méi. Hien ënnerstëtzt d’Spideeler am Land a leet Spenden un d’Fondatioun Follereau weider, déi am beschte wëssen, wat dohanne gebraucht gëtt, sot hien. „Iergendwa soen d’Togoleese mir, et geet duer, dann halen ech op.“

Och wann de Paul Hammelmann sech lues a lues vu munchem Posten zeréckzitt, ass en awer ëmmer nach als Affekot aktiv. Hien huet awer net méi vill Dossieren. „Dat gëtt eng gewëssen Indépendance d’esprit, géif de Maître Gaston Vogel soen.“ Als Gesiicht a Stëmm vun der Sécurité routière wëllt hien awer sécher nach dëst Joer ophalen. „Et muss ee selwer eng Kéier soen: Et geet elo duer.“ En Nofollger huet hien awer nach net fonnt.

En Artikel vum Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.