National Strategie géint d’Obdachlosegkeet an d’Ausgrenzung um Wunnengsmaart

D’Corinne Cahen bericht eis am Interview iwwer d’National Strategie vun der Lëtzebuerger Regierung géint d’Obdachlosegkeet an d’Ausgrenzung um Wunnengsmaart.
„Centre National de Littérature“ zu Miersch

Foto: Christof Weber (Collection CNL) Am Lëtzebuerger Literaturarchiv zu Miersch fanne Schrëften an aner Elementer vu literareschem Schafen zu Lëtzebuerg en Doheem. Ob Manuskripter, Fotoen, Carte d‘identitéen a Päss, Diplomer, Tagebicher, Notizbicher oder Schreifutensilien. „Curiositas – désir de voir, ou de savoir en général.“ Virwëlz – d‘Loscht dorun, eppes ze gesinn oder eppes ze wëssen. […]
Curling zu Lëtzebuerg

Curling zu Lëtzebuerg? Jo, dat gëtt et! An den Hierscht- a Wanterméint treffe sech am Curling Club Lëtzebuerg zweemol d‘Woch d‘Frënn vun dësem Sport. Am Prinzip ass et en einfacht Spill. Mee d‘Subtilitéit läit am Detail! Dat flottst ass: Jidderee kann ufänken a Spaass hunn.
De gesonde Schlof

De gesonde Schlof De Philosoph Arthur Schopenhauer huet eng Kéier gesot:„Der Schlaf ist für den ganzen Menschen, was das Aufziehen für die Uhr.“ Arthur Schopenhauer Mir liewen haut an enger Welt, déi sech ëmmer méi schnell ze dréie schéngt. Vill Leit hunn d’Gefill, si missten ëmmer erreechbar a präsent sinn – am beschten zu all […]
Stoll garantéiert erhuelsame Schlof

Wa mir vu gesondem oder erhuelsamen Schlof schwätzen, denke mir u verschidde Konditiounen, wéi d’Klima am Schlofzëmmer, wéineg Luucht an eng gesond Portioun am Bauch, awer virun allem eng bequem Matrass. Ma op leschtere Punkt wëlle mir e Lëtzebuergesche Produzent virstellen, deen sech säit iwwer 60 Joer dorop spezialiséiert huet. Am Joer 1920 huet de René […]
Firwat huet de Boxemännche keng Jupe un?

Nuets an enger klenger Bäckerei: ee Boxemännche läit zefridden um Bakblech mat senge Kolleegen, et ass gutt waarm an der Bakes. Hie killt do gemittlech of. Eng Geschicht aus dem Liewe vun engem Boxemännchen.
Jonk sinn ouni dierfe jonk ze sinn – an elo?

Onbekëmmert, wëll a mat vill Spaass: Esou soll d’Jugend ausgesinn. Mee Corona huet ville Leit heibäi e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Et ass eng Pandemie, an där virun allem déi Jonk sech mussen aschränken. Ma wat bedeit et fir eng Generatioun, déi Fräiheet mat an d’Wéi geluecht krut a gréisser Aschränkunge just aus Krichsfilmer kennt, wann een op eemol ganz „normal“ Saachen net méi däerf?
Am Fokus vun der Ëffentlechkeet

Virun der Coronapandemie war den Dokter Jean-Claude Schmit der breeder Ëffentlechkeet éischter manner bekannt. Den 1. Januar 2016 huet hien de Poste vum Directeur de la Santé am Gesondheetsministère iwwerholl an ass säit Ufank vun der sanitärer Kris am Fokus vun der Ëffentlechkeet. Mir wollte vun him wëssen, wéi hien de Wee aus der aktueller Pandemie gesäit, wéi d’Opstellung fir zukünfteg Pandemien ass, a firwat asiatesch Länner besser duerch d’Pandemie komme wéi Europa.
Un der Atert, no beim Waasser …

… esou fänkt eent vun de bekanntste Lëtzebuerger Vollekslidder un. D‘Lidd erzielt d‘Geschicht vum Useldenger Bauer Péitche Lauer an senger Duechter, dem Josefin. Useldeng, dat klengt Dierfche matzen a Lëtzebuerg ass awer esou muencher Lëtzebuerger e Begrëff, net nëmme wéinst der Geschicht ronderëm de Péitche Lauer a senger Duechter. Och den Numm Peinture Robin ass deene meeschte geleefeg. Säit bal honnert Joer steet d‘Fabrick vun deem bekannte Lëtzebuerger Faarwefabrickant direkt niewent der Atert.
3,5 Kilometer Distanz – net ouni Grenzkontrollen

Ewéi de Coronavirus sech virun eppes iwwer engem Joer iwwer d’ganz Welt ausgebreet huet, ass villes vun engem Moment op deen aneren un d’Stoe komm. Eent vun de markantste Beispiller war d’Zoumaache vun den nationale Grenzen, wat vu verschiddene Länner deels ouni Virwarnung a bannent kierzter Zäit duerchgeféiert gouf. Lëtzebuerg war hei besonnesch betraff, well zum Beispill am Gesondheetssecteur 70 % vun de Beschäftegten aus Grenzgänger bestinn. Wann dës Leit net méi hätten däerfen iwwer d’Grenz fueren, da wier d’Pandemie nach vill méi fatal fir eist Land verlaf.